Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lëtzebuerg huet d’EU-Verbuet vun Insektizide matgedroen
Meenung Neiegkeeten

Lëtzebuerg huet d’EU-Verbuet vun Insektizide matgedroen

De Bernie, déi opbloosbar Bei, déi vum Kollektiv Avaaz virun

SNPGL: „D‘Reform huet keng Verbesserung bruecht“
Meenung Neiegkeeten

SNPGL: „D‘Reform huet keng Verbesserung bruecht“

Et war nawell en zimlech genervte SNPGL-President, deen op der

59. Biennale vu Venedeg: D’Tina Gillen representéiert Lëtzebuerg
Meenung Neiegkeeten

59. Biennale vu Venedeg: D’Tina Gillen representéiert Lëtzebuerg

Vu Mee bis November 2021 gëtt déi 59. Editioun vun

Mat der „Voiture“ an den „Te Deum“ (Kommentar)

Mat der „Voiture“ an den „Te Deum“ (Kommentar)

Te Deum ass Latäin a bedeit esouvill wéi „Gott, mir luewen dech“. Dëse kierchlechen Zeremoniell deen am Marie-Land déif verwuerzelt ass, an och nach ëmmer soll d‘Muecht vum Bistum ënner Beweis stellen, ass dëst Joer wuertwiertlech ënnert d‘Rieder geroden. Deen eenzeg notabelen Te Deum huet dann och zu Péiteng ginn, wou dësen Event als „Drive-in Event“ ugebuede ginn ass.

Sécher et hunn och vill Leit dat Ganzt iwwer Internet an/oder Péiteng-TV verfollegt, an déi puer honnert Autoe sollen anscheinend all esou besat gewiescht sinn, datt den ekologesche Foussofdrock kaum zu droe kënnt. Esou gesinn, sollt ee sech erfreeën, datt der offensichtlecher Demande vum Vollek och eng Offer géinteniwwer gestallt ginn ass. Mee all Medail huet bekanntlech 2 Säiten.

An esou ergëtt et sech, datt obwuel streng technesch betruecht, Lëtzebuerg d‘Trennung tëscht Kierch a Staat wëll gemeeschtert a vollzunn hunn, dëse modern Laudatio fir Fabelwiesen op Initiativ vun der Gemeng, mee an enker Kooperatioun mat der Por an dem Generalvikar (Patrick Muller) um Site „Carena“ (fréier Euco-Sider) konnt vollzu ginn. A verwerflech ass et jo och net.

Do wou dann awer mäi Versteesdemech mech u seng Grenze stéisst, ass wann en Argentinier zu Roum als Chef vun der kathoulescher Kierch sech de Mond fuseleg riet, fir de Leit ze soen, datt dee Klimawandel – dee jo net vum Virus aus der Welt geschafe gouf – ganz reell ass, an d‘Mënschen dësen Eescht huele sollten, an dann de Generalvikar zum Ofschloss vum Te Deum d‘Autoe seent.

Et ass verréckt, mee anscheinend huet den Auto nach ëmmer de falsche Stellewäert an eiser Gesellschaft, an dat deen och nach Seege vun der kathoulescher Kierch kritt dierf bedauert ginn. Datt sech d‘Pompjeeën och bedeelegt hunn, ass net wierklech de Problem, woubäi et vläicht net Noutwenneg gewiescht wier, mat 16 Gefierer opzetrieden. Manner wier hei „méi“ gewiescht.

An eigentlech muss ee Frou sinn, datt sech dat Ganzt op Péiteng begrenzt huet. Et wëll ee sech net ausmolen, wéi den ekologesche Foussofdrock ausgesinn hätt, wann dat an all Gemeng esou gehandhaabt gi wier. Mee bon… de Mënsch ass wéi nu emol ass. D‘Natur an d‘Ëmwelt sinn an den Aussoen ëmmer wichteg a schützenswäert, d‘Aktiv de Wierder Dote folge loosse geet awer net.

Illustratioun: © Jackson David / pixabay

Ähnlech Sujeten Drive-In, Nationalfeierdag, Péiteng, Te Deum
Nächsten Artikel Virrechten Artikel