Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

G20-Sommet: Investissementer a Migratiounsstopp
Auto Stories

G20-Sommet: Investissementer a Migratiounsstopp

Haut um Méindeg ginn zu Berlin verschidden afrikanesch Staatscheffen erwaart,

Den Tour de France 2017: Eng Analyse
Auto Stories

Den Tour de France 2017: Eng Analyse

Als Klassiker ënnert de Klassiker schreift den Tour de France

Beonrouegend Entwécklung am Dissens tëscht USA an Iran
Auto Stories

Beonrouegend Entwécklung am Dissens tëscht USA an Iran

Schenkt een dem Sécherheetsberoder am Wäissen Haus, John Bolton, Glawen,

Mat engem koreaneschen Athlet um Tour

Mat engem koreaneschen Athlet um Tour

De Grupp Rodenbourg, haaptsächlech als Concessionaire vu Peugeot bekannt, verkeeft zanter gutt engem Joer och d‘Gefierer vum koreaneschen Hiersteller KIA. Autoen déi vergläichsweis Präiswäert sinn, sech awer duerch e ganzt gutt Präis-Präisleeschtungsverhältnes, engem interessanten Design an siwe Joer Garantie ervirdoen.

Déi lescht Woch ass mat engem grousse Fest, de neie Modell „Stinger“ op der Areler-Strooss virgestallt ginn. En reegelrechten Athlet, deem säin Design (an Numm) een elo éischter op amerikaneschen High- a Freeways erwaarde géif. Sportlech top fit, ass et allerdéngs och en Auto, mat deem een och „Cruisen“ kann. Eng ganz flott Kombinatioun, fir jiddereen, deen et och emol gemälleg wëll ugoen.

Mam „Stinger“ huet sech de koreaneschen Hiersteller dann awer och engem Segment ugeholl, dee staark ëmkämpft ass. Rieds ass vun der gehuewener Mëttelklass (Audi S4/S5, BMW 3er/5er) an hei sinn natierlech d‘Uspréch vum Konsument entspriechend héich. Wann de KIA Stinger als Newcomer nach net d‘Renommée vun der däitscher Konkurrenz huet, esou gëtt awer vill gebueden.

Et ass deemno och net esou, datt just well en Auto ëm 30% méi präiswäert ass, dee qualitativ net kéint mathalen. Wien sech allerdéngs gäre vun Optioune begeeschtere léisst, huet et mam Stinger schwéier. Hei ginn et der genee zwou: Metalliclackéierung an den Toit Ouvrant. De ganze Rescht ass schonn am Auto dran, a Wënsch bleiwe keng opstoen.

En avantgardisteschen Dram

Den zäitlosen Design vum Stinger, deen eigentlech e Coupé mat véier Dieren ass, dierft de Frënn vun amerikanesche „Muscle-Cars“ entgéintkommen. Eng gewalteg Motorhauf, eng schéi laang gezunne Linn an den dezenten Ofschloss, sinn e Pleséier fir d‘Aen. An dobäi sëtzt een nach net dran. De Stinger ass emol een deem gefält an der Ëffentlechkeet opzefalen.

Wat den Interieur betrëfft, esou kann een hei nëmme voller Luef sinn. Wierklech iwwersiichtlech gestalt, an awer der GT-Traditioun getrei, kann sech de Chauffer op dat wichtegst konzentréieren: d‘Fueren. Näischt hannerléisst (trotz engem Präis wäit ënner 50.000 Euro) d‘Gefill vu bëllegem Plastik. D‘Finitioun, banne wéi baussen, ass gefleegt an ënnersträicht den Usproch vun der Mark.

Alles an allem gëtt dräi Motorisatioune: en 2,2 Liter Diesel mat 200 Päerd, en 2 Liter Bensinner mat Turbo an 255 Päerd, an den Top-Modell, e 6 Zylinder 3,3 Liter Bi-Turbo mat 370 Päerd. D‘Präisser fänke bei knappe 44.000 Euro un, an hei muss nach emol betount ginn, datt engem keng Wënsch opbleiwen.

„Esou eng schéi Maschinn, fir esou wéineg Geld, do muss de laang sichen“, ass dann och mäi Fazit. Perséinlech probéiert hu mer den 2 Liter Bensinner, deen trotz dem „klenge“ Moteur ganz athletesch ënnerwee ka sinn. Cruisen mécht enorm vill Spaass, an dank enger gudder Ofstëmmung vum Dréimoment, dierf een och emol d‘Muskele spille loossen.

Foto: De KIA Stinger zeechent sech duerch säin zäitlosen Design, seng sportlech Ausriichtung an der kompletter Innenausstattung aus. E präiswäerten Auto, deen sech am héije Mëttelklassesegment sollt duerchsetze kënnen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Auto, KIA, Rodenbourg, Stinger
Nächsten Artikel Virrechten Artikel