Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
D‘Scholdekris a Griicheland geet op en Enn
Neiegkeeten

D‘Scholdekris a Griicheland geet op en Enn

An der Nuecht vun en Donneschdeg op e Freideg hunn

Bierger fir Bierger invitéiert op säi 4. Spadséiergang duerch d’Stad!
Neiegkeeten

Bierger fir Bierger invitéiert op säi 4. Spadséiergang duerch d’Stad!

Säit Enn Mee huet d’Beweegung Bierger fir Bierger dräi Spadséiergäng

Eng voll Dagesuerdnung am Stater Gemengerot
Neiegkeeten

Eng voll Dagesuerdnung am Stater Gemengerot

Am Stater Gemengerot war et eng éischter länger Sëtzung mat

Déi gëlle Reegele fir mat Holz ze hëtzen

Déi gëlle Reegele fir mat Holz ze hëtzen

De Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung huet zesumme mam Service „myenergy“ an der Federatioun vum „génie technique“ Sektioun vun de Schaarschtechbotzer, eng Brochür elaboréiert, déi praktesch Informatiounen zur richteger Notzung vun engem Holzuewe liwwert.

Seng Wunneng mat engem Holzuewen hëtze kann eng gutt Alternativ zu de fossille Brennstoffer sinn an ënner anhale vu gewësse Konditiounen, d‘Ëmwelt respektéieren. Woubäi Holz verbrennen och d‘Ursaach fir eng atmosphäresch Verschmotzung ka ginn. Dofir si Recommandatioune fir eng ekologesch a wirtschaftlech Notzung net vu Muttwëll:

1) benotzt dréchent Holz dat onbehandelt ass, méiglechst wéineg Schuel huet an eng gläichméisseg Gréisst huet;

2) Verbrennt keng Offäll,

3) Benotzt déi richteg Quantitéit an gitt uecht d‘Flamen net ze erstécken;

4) Benotzt den Holzuewen net wann d‘Loft verpescht ass

Déi Praktesch Broschür „Mat Holz hëtzen“ (Si ass dräisproocheg: franséisch, däitsch an englesch) kann een sech och op Pabeier bei enge vun de genannten Institutioune bestellen

Matgedeelt vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung; dem Service „myenergy“ an der Federatioun vum „génie technique“ Sektioun vun de Schaarschtechbotzer, fräi aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Foto: Dirk Vetter / Pixabay

Ähnlech Sujeten Ëmweltministère, Holz, Holzuewen, myenergy, Schaarschtechbotzer
Nächsten Artikel Virrechten Artikel