Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
D‘Zentralbank liwwert Erkenntnisser aus der Kristallkugel
Meenung

D‘Zentralbank liwwert Erkenntnisser aus der Kristallkugel

Déi Lëtzebuerger Zentralbank (BCL) huet e Freideg säi Bulletin publizéiert,

Firwat feelt et eis u Motivatioun op der Aarbecht?
Meenung

Firwat feelt et eis u Motivatioun op der Aarbecht?

Motivatioun vun den Lëtzebuerger Salariés ass am europäeschen Verglach éischter

surprise
Amerika huet als Weltpolizist säin Déngscht gemaach
Meenung

Amerika huet als Weltpolizist säin Déngscht gemaach

Um Freideg huet zu München déi 54. Sécherheetskonferenz ugefaangen, ugesicht

Mat Promi Power fir Lëtzebuerg

E Kommentar

Mat Promi Power fir Lëtzebuerg

No an no fëllen sech d’Lëschten, d’Parteie maache sech prett fir de Wahlkampf. Och wann d’Programmer nach net stinn, esou kann ee schonn eleng vun de Käpp hier déi eng oder aner Konklusioun eraus zéien. Déi rezentsten Opstellung dobäi ass déi vum adr, déi dëse Weekend presentéiert ginn ass. A wat fir eng Opstellung dat dach ass!

Fussballspiller, Petitionnairen, Facebook-Vedetten a Journalisten, domat wëllen se Punkten. D’Logik ass schnell fonnt: Wie bekannt ass, kritt éischter e Kräiz gemaach. Dat gëtt nach eng Kéier duerch de System vum Panachage verstäerkt, kann een do wuertwiertlech à la tête du client ofstëmmen. Op dat eiser Demokratie eppes déngt, ass do eng aner Ugeleeënheet.

Programmer dominéieren dëse Wahlkampf bis elo nach net

Et kéint een elo higoen, an do eng gewësse Verzweiwlung draus liesen. Net, datt d’Parteie selwer vun hirer Basis hier net méi dat richtegt Nowuesstalent hätten. Mee datt se sech net sécher sinn, op hir Inhalter nach dozou daachen, fir d’Leit dozou ze beweege, fir si ze stëmmen. Mir wësse jo all, wéi dat mat den Inhalter ass. Jidderee wëll se. Keen huet se.

Dat stëmmt esou net ganz. E puer Parteie hu scho ganz oppen hir Programmer presentéiert: d’Kommunisten, déi lénk, d’Piraten – fir der e puer ze nennen. Mee sou richteg ugaangen ass d’Diskussioun am Public nach net, wa mer d’Dauerthemen elo op der Säit loossen. Dowéinst feelt et dann erëm un inhaltlechen Akzenter.

Dat verstäerkt meng Angscht, datt mer net e wierklech inhaltleche Wahlkampf erliewe wäerten. D’Reizthemen, domat ass de Wuesstem, eis Sprooch an alles, wat dorunner hänkt, gemengt, wäerten dominéieren. Nei Iddien kéinten hei komplett ënnergoen, fir datt jiddereen sech an der Richtung vun der eegener Partei echaufféiere kann. Käpp kéinten och nees dominéieren, eleng d’Diskussiounen ronderëm de Wee 2050 weisen dat schonn. Dem Sujet selwer ass domat ganz seele gedéngt.

De Maartplaz vun den Iddien, wéi ee gären e Wahlkampf nennt, kann zum blanne Gebierels verkommen. Virun allem dann, wann d’Populiste probéieren, Buede wett ze maachen. Wann dann de Publikum – an dësem Fall d’Wieler – sech d’Ouere just nach zouhalen, da muss een sech froen, wéi gutt et eiser Demokratie geet.

Ähnlech Sujeten adr, Chamberwahlen 2018, CSV, DP, Lëtzebuerg, Politik
Nächsten Artikel Virrechten Artikel