Jemen: eng Senatrice erhieft schwéier Virwërf géint den US-Ausseminister
En Donneschdeg huet eng demokratesch Senatrice den US-Ausseminister, Mike Pompeo,
En Donneschdeg huet eng demokratesch Senatrice den US-Ausseminister, Mike Pompeo,
Zanter dem Ufank vun der Pandemie ass d‘Aarbechtsinspektioun (ITM) mat
Am Kader vun der nationaler Meeschterschaft am Feldbouschéissen, huet de
Scho viru Joren huet den OGBL, als gréisst organiséiert Kraaft vun den Employéen vum Gesondheets- a Sozialwiesen, eng grondleeënd Reform vun der Ausbildung vun de Gesondheetsberuffer zu Lëtzebuerg gefuerdert a Vertrieder vun alle Beruffer zu dësem Thema an Aarbechtsgruppe mobiliséiert.
Den OGBL begréisst, datt de Staatsminister Xavier Bettel, ugesiichts der aktueller Pandemie, de Personalmangel an de Spideeler a Fleegeheemer zur Chefsaach erkläert huet a soumat dem Thema déi längst iwwerfälleg, verdéngt Opmierksamkeet schenkt. Besser spéit wéi ni.
Trotzdeem ass et onëmgänglech esou eng Reform vun der Ausbildung koherent ze gestalten an dobäi d’Realitéit vun allen am Secteur schaffenden Beruffsgruppen ze berécksiichtegen. Et kann net sinn, datt d’Ausbildung vun alle Gesondheetsberuffer reforméiert soll ginn ouni virdrun eng komplett, objektiv Expertis vun den Employéen abezunn ze hunn.
Doriwwer hannenaus kann d’Reform vun der Ausbildung, nieft enger genereller Wäertschätzung vun de Fleegeberuffer, duerch dréngend néideg Verbesserungen vun den Aarbechtsbedéngungen, sou wéi eng Opwäertung vun den Attributiounen, just eng vu villen zentrale Moossnamen zur Steigerung vun der Attraktivitéit vun de Gesondheetsberuffer sinn.
Mam Bléck dorop geriicht ass et absolut noutwenneg, d’Virbereedungsgespréicher vun esou enger Reform an engem konstruktive Sozialdialog mat der gréisster national-representativer Gewerkschaft vum Secteur ze féieren. De Syndikat Gesondheet a Sozialwiesen vum OGBL huet an dësem Zesummenhang an engem Bréif un de Staatsminister mat Nodrock dorop higewisen, datt déi gréisst Organisatioun vun allen am Secteur schaffenden Aarbechtsgruppen an dës Gespréicher abezu muss ginn.
Matgedeelt vum OGBL – Syndikat Gesondheet a Sozialwiesen