Den Josh Island an der Brasserie K116
Um räichhaltege Programm vun der Brasserie K116 steet am Abrëll den Optrëtt
Um räichhaltege Programm vun der Brasserie K116 steet am Abrëll den Optrëtt
Um Spéide Freideg Owend ware mir informéiert ginn, datt et
Wien un d’Regioun Mëllerdall denkt, denkt meeschtens u fantastesch Fielslandschaften
Zënter datt de Projet „mateneen fir eng modern Gemeng“ am Juli 2019 lancéiert ginn ass hu 6 regional Forumen mat 400 Representante aus 93 Gemengen, eng Online-Enquête mat 5.655 Participanten an e Biergeratelier mat 50 Participanten an d’Consultatioun vu 6.300 Persounen stattfonnt.
Et konnte konkret Gemeinsamkeeten beim Gemengepersonal fonnt ginn, wann et beispillsweis ëm d’Qualifikatioun, d’Gestioun, d’Formatioun an d’Verantwortung geet. Mat de gesammelten Informatioune schafft de Ministère elo d’Pisten aus, fir d’Gemenge besser ënnerstëtzen ze kënnen. Bei der Enquête konnt een zudeem erausfanne, datt d’Froen zur Gestioun vum Personal keen negativen Impakt op d’Qualitéit vun de Servicer hunn. Ganzer 84 % vun de Participante sinn hunn uginn zefridden mat der Qualitéit vun den administrative Servicer ze sinn.
Zuelräich Iddien an Ureegunge si gesammelt ginn: Vun der Reform vum politesche Congé bis hin zur Professionaliséierung vun der Funktioun vum Buergermeeschter, oder och d’Neidefinéierung vun der Roll vun de Conseilleren a consultative Kommissioune waren all Beräicher am Gespréich.
„Eng éischt Erkenntnis ass fir mech perséinlech, d’Rollendefinitioun tëschent dem Ministère an de Gemengen nach besser ze erklären. Wou fänken deem engen seng Responsabilitéiten un an wou sinn deem aneren seng Grenzen? Hei ass menger Meenung no Nohuelbedarf, an dës Rolleverdeelung muss jidderengem méi bewosst ginn“, erkläert d’Inneministesch.
Aus dësem Grond leeft de participative Prozess am Oktober 2020 weider. De Fokus läit um Fonctionnement vun der Gemengeverwaltung.
Ma, och wärend der sanitärer Kris stoung den Inneministère de Gemengen zur Verfügung fir e legale Kader ze bidden, sou datt d’Kontinuitéit vun de Servicer konnt garantéiert ginn an d’Mataarbechter déi néideg Informatiounen an Äntwerten op hir Froe konnte kréien. Och aus dëser schwiereger Situatioun huet ee Réckschlëss gezunn, déi fir d’Zukunft. berécksiichteg ginn.
Opmaacherbild: D’Inneministesch Taina Bofferding © MINT