Search

You may also like

BLUEM – eng Kleedermark mat staarkem Message!
International Neiegkeeten

BLUEM – eng Kleedermark mat staarkem Message!

Mat der neier Kollektioun vu BLUEM wëllen d’Amii, den Jimmy

Rock the South 2018 – Newcomer si wëllkomm!
International Neiegkeeten

Rock the South 2018 – Newcomer si wëllkomm!

Säit der éischter Editioun vum Rock the South am Joer

Erfarungen a Kompetenze gewannen: Als Benevole beim SNJ
International Neiegkeeten

Erfarungen a Kompetenze gewannen: Als Benevole beim SNJ

Zënter méi wéi 20 Joer ënnerstëtzt de Service National de

Mauer-Prototyppe fir US-Mexikanesch Grenz virgestallt

Mauer-Prototyppe fir US-Mexikanesch Grenz virgestallt

Ganzer aacht Prototyppe fir déi „gigantesch“ Mauer tëscht den USA a Mexiko, déi den Donald Trump senge Bierger versprach huet, sinn en Donneschdeg zu San Diego vun den Autoritéite virgestallt ginn.

De Communiqué dozou ass éischter Mouer ausgefall: „D‘Bauphas vun de Prototyppen ass ofgeschloss. D‘Grenzpolice (CBP) muss elo d‘Produiten testen an evaluéieren“. Dofir gëtt sech d‘CBP da bis zu zwee Méint Zäit. Enn August hat d‘US-Regierung matgedeelt, datt véier Entreprisen d‘Zouso erhalen hätte fir Mauer-Prototyppen aus verstäerktem Bëtong ze entwéckelen.

Bei der Grenzpolice ass een dann och ganz iwwerzeegt vun de Maueren déi d‘Grenze sécheren. „Se si ganz efficace bei eiser Strategie zur Sécherheet, fir illegal Awanderung an den Drogeschmuggel ze verhënneren“, esou de Ron Vietiello, Spriecher vun der CBP.

D’Mauer war e Wahverspriechen vum Donald Trump, wat einfach net aus der Berichterstattung verschwënnt

Zudeem sinn d‘Maueren e wichtege Bestanddeel vun de gesamten Operatiounen zur Grenzsécherung, am selwechte Sënn wéi d‘Grenzpatrullen an den Asaz vun neien Technologien. An d‘Awanderung ze verhënneren, war och ee vun den zentralen Theme vun der Campagne zur Presidentschaftswahl.

Den Donald Trump hat hei versprach d‘Mauer op enger längt vun 3.000 Kilometer opzeriichten. An am léifste wier et him, wann d‘Mauer vun deene géif bezuelt ginn déi hien domatter wëll vun den USA ewech halen. Dobäi ass haut scho gutt en Drëttel vum Grenzverlaf vun enger Mauer oder soss enger Form „Barrière“ geschützt, esou wéi et och bei San Diego de Fall ass.

Datt Mexiko fir de Bau vun dëser Mauer géif bezuelen, sollt och fir en US-President als onrealistesch ugesi ginn. D‘Trump-Administratioun huet virgeschloen, de Bau vun der Mauer mat 1,8 Milliarden US-Dollar an den Haushalt 2018 anzeschreiwen, wat dëst bestätegt. An domatter net genuch, well déi selwecht Administratioun beziffert d‘Gesamtkäschten op bis 20 Milliarden US-Dollar.

A vergiess gëtt dann och ganz gären, datt déi US-Mexikanesch Grenz eng vun deenen dynameschste vun der Welt ass. Esou ass eleng de Grenzposte vu San Ysidro (San Diego) dee mat Ofstand aktiivste vun der Welt. Via Tijuana passéieren hei all Joers iwwer 65 Millioune Mënschen d‘Grenz zu den USA.

Emol ganz ofgesi vum Fait, datt Maueren nach keen ofgehalen hunn. Sinn se ze héich fir driwwer ze klammen, gi Lächer dra gemaach oder en Tunnel gegruewe fir drënner erduerch ze kommen.

mat AFP

Foto: Déi aacht verschidde Prototyppe fir dem US-President seng Mauer zu Mexiko. Op eng Amtszäit duer geet déi 3.000 Kilometer ze bebauen an och d‘Suen dofir geneemegt ginn, dat u sech déi eenzeg Fro déi ee sech am Wäissen Haus dierft stellen. © Guillermo Arias/AFP

Related topics Donald Trump, Grenz, Mauer, Mexiko, USA
Next post Previous post