Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’universell Bréifwahl weist: Wann d’Peitsch näischt bréngt, muss d’Zockerbrout hier!
digital dating online profile content of older and younger adults

D’universell Bréifwahl weist: Wann d’Peitsch näischt bréngt, muss d’Zockerbrout hier!

Et ass elo offiziell: Et kann ee per Bréifwahl seng

https://moien.lu/dating-at-35-years-old/
digital dating online profile content of older and younger adults

https://moien.lu/millionaires-online-dating/

De virleiende Gesetzesentworf zur Reegelung vun de Stage, déi d’SchülerINNEN

Fräi Tribün: Politesch Kris am Venezuela
digital dating online profile content of older and younger adults

Fräi Tribün: Politesch Kris am Venezuela

No de rezenten Evenementer déi am Venezuela opkomm sinn, an

Maximal liberal: D’Reform vum franséischen Aarbechtsmaart

Maximal liberal: D’Reform vum franséischen Aarbechtsmaart

No der éischter Sëtzung vum Ministerrot mam Emmanuel Macron, dee kloer ugekënnegt hat den Aarbechtsmaart ënnert allen Ëmstänn wëllen ze reforméieren – eng Prioritéit am wuertwiertleche Sënn – ass de Programm festgeluecht a sinn d’Weiche gestallt.

Als éischt sollen d’Regele vun der Kënnegung gelackert, gläichzäiteg awer och de Chômage an d’Formatioun gestäerkt ginn. Eng Mesure déi och ee Numm huet: „Flexisécurité“, no franséische Muster. Ganz entwéckelt ass dat ganzt nach net, an trotzdem suergen éischt Erklärunge scho fir ee gréisseren Debat. Dobäi ass de Grondgedanke vum franséische President net nei, dës politesch Iddi ass schonn 1990 an Dänemark opkomm: Kombinéiert ginn ee niddregt Aarbechtsrecht a staark Indemnitéite géint de Chômage. D’Kinnekräich huet mëttlerweil de „plein-emploi“ erreecht a seng „Flexisécurité“ (aus Kontraktioun vun de Wieder „Flexibilité“ a „Sécurité“) gëtt am Frankräich ëmmer nees als Exempel héichgehalen.

Ënnert dem Zesummebrénge vun der Reforme vum Aarbechtsgesetz an dem perséinlechen Aktivitéitskonto wollt Frankräich schonn ënnert dem François Hollande, mat der „Loi Travail“ déi genannte Flexisécherheet ëmsetzen. Wichteg ass dann sech wëssen, datt den haidege President an eigentlechen Auteur vun der „Loi El Khomri“ dësen Ausdrock net méi wëllt gebrauchen. D’Experte gesinn dat dann awer eppes anescht a betounen, datt säi „Projet fir d’Aarbecht ze befreien“ bei gläichzäiteger Reform vun der Assurance Chômage, ganz kloer de skandinavesche Modell iwwerhëlt.

Säitens vum ëmmer beschtens informéierte Patronatsverband Medef (Mouvement des Entreprises de France) waren dann och schonns en Dënschdeg Fuerderungen un d’Exekutive geriicht ginn. „Onsen Aarbechtsmaart ass ze steif, mer stinn um Rand vun der Mauer, elo musse mer se iwwerwannen: dat bedeit eng franséisch Flexisécherheet muss entwéckelt ginn“, sot de President vum Medef, Pierre Gattaz, dee sech wënscht dat d’Regierung „den Entreprisë méi Gewiewegkeet gëtt a parallel un der Sécherheet vun dem Salarié senger Beruffscarrière schafft.

Den intressante Prinzip vun der Flexisécherheet ass net d’Aarbechtsplazen se sécheren, mee d’Leit nees kënnen eng Aarbecht fanne wa se hir verléieren, an deem se esou gestalt gëtt“, erkläert den Ekonomiste Stéphane Carcillo, deen och Professer a „Sciences Po“ (Politesch Wëssenschaften) ass. Him folgend, soll den Dispositif op dräi Saile berouen: éischtens den Aarbechtsmaart flexibiliséieren, zweetens d’Sécherheet entwéckelen an deem d’Independanten an Kënnegungswelleg och en Usproch op Chômage kréien, allerdéngs mat enger strenger Kontroll am Bezuch op d’Sich no Aarbecht. Als leschte Pilier gesäit de Professer d’Formatioun vun enger Millioun Chômeure, fir déi den Emmanuel Macron 15 Milliarden Euro wéilt op den Dësch leeën.

An enger éischter Phase ass dann och virgesinn d’Entschiedegunge bei Entloossungen ze plafonnéiere fir esou dem Patron d’Angscht ze huele fir Leit anzestellen. „A Frankräich kann d’Opléisung vun engem festen Aarbechtsvertrag (CDI) eng deier Ugeleeënheet sinn a d’Patrone maachen alles fir deem aus de Féiss ze goen“, analyséiert de Carcillo. Hien ass dann och iwwerzeegt, datt eng erliichtert Prozedur vir Leit kënnen ze entloossen et géif erlaben déi prekär Aarbechtsverträg (Zäitgebonnen, Interim, an ähnlechem) massiv ze reduzéieren an gläichzäiteg „d’Patronen ermontere Risken anzegoen a nei Marchéen ze erschléissen“.

Niewewierkungen net ausgeschloss

Fir de Chef-Ekonomist vu Natixis, de Patrick Artus besteet „allerdéngs de Risiko, datt bei der Flexisécherheet ee Been méi schnell wéi dat anert kéint goen“ an mengt domadder d’Flexibilitéit. Déi wëll och de Macron schnellst méiglech ëmsetzen. De Patrick Artus argumentéiert weider „A Frankräich hu vill Entreprisen, op Grond vum strengen Aarbechtsrecht Personell Iwwercapacitéiten; wann et also méi einfach gëtt Leit ze entloossen, wäerten déi als éischt hiren Effektiv upassen an esou verléiere mer fir unzefänken Aarbechtsplazen“.

Wat déi ugeschwate Sécherheet betrëfft, esou ass de Chef-Ekonomist iwwerzeegt, datt dee Prozess länger brauch fir opgebaut ze ginn. „Wann d’Flexisécherheet an de nordesche Länner esou gutt funktionéiert huet, esou läit et dorunner, datt d’Bildungssystemer performant sinn an d’Wirtschaft prosperéiert. Frankräich allerdéngs erfëllt keng vun deene Konditioune. Wou ass déi nei Aarbecht fir d’Salariéeën ouni Formatioun déi bei Whirlpool hir Aarbecht verluer hunn? Wien schaaft nei héichwäerteg Aarbechtsplazen zu Amiens?“, wëll de Patrick Artus wëssen.

Et muss een also de Bierger kloer maachen, datt „eng Kéier wou d’Transitioun ëmgesat ginn ass et wäert besser goen. Mee eng besser wirtschaftlech Qualitéit brauch Zäit sech ze installéieren. Et muss een also d’Fransouse warnen, datt se als éischt déi donkel Säiten ze spiere kréien, mat enger däitlecher Hausse vum Chômage an eng Rotatioun zugonschte vu schlecht bezuelten Aarbechtsplazen“ esou de Chef-Ekonomist vun Natixis.

Weider Stëmmen estiméieren, datt déi säit de 80er Joren agefouert Flexibilitéit de Chômage net signifikativ verhënnert huet, dofir awer d’Zuel vun de prekären Aarbechtsplaze massiv an Luucht gedriwwen huet. „Zum direkten Nodeel vun de Fraen an de Jonken“, ënnersträicht d’Anne Eydoux vum Kollektiv „Les Economistes atterrés“ an erkläert weider „Dës Mesurë stäipen sech op ee falschen Diagnostik nodeem de Chômage op de Kont vun de sécheren Aarbechtsplaze géif goen. D’Insider géifen hir Aarbecht zu Laaschte vun den Outsider beschützen“, bedauert d’Chercheuse.

Wann d’Entreprisen net genuch astellen, läit dat primär un der Nofro. D’Léin stagnéieren, awer d’Aktivitéit an de Wirtschaftswuesstem hänken direkt vun de Léin of. Et ass net an deem een d’Salariat nach méi prekariséiert, dat sech d’Bestellunge bei den Entreprisen erhéijen“, seet d’Anne Eydoux ofschléissend.

Via AFP

Ähnlech Sujeten Emmanuel Macron, Frankräich
Nächsten Artikel Virrechten Artikel