Search

You may also like

Open Data: Hei stinn d’Covid19-Donnéen ëffentlech zur Verfügung
Neiegkeeten

Open Data: Hei stinn d’Covid19-Donnéen ëffentlech zur Verfügung

D’Regierung verfollegt weiderhin seng Strategie, Transparenz ze weisen, andeems oppe

D‘Wäilies 2020 ass ugelaf
Neiegkeeten

D‘Wäilies 2020 ass ugelaf

En Dënschdeg waren de Premierminister Xavier Bettel an de Landwirtschaftsminister

Noutstand am Logement: dem Änder platzt de Kolli!
Neiegkeeten

Noutstand am Logement: dem Änder platzt de Kolli!

Eigentlech hätt ee sech en eppes méi entspaanten OGBL-President erwaart,

Mazedonien wëll an d’EU

Mazedonien wëll an d’EU

De Sozialdemokrat Zoran Zaev, deen haut als Premierminister vu Mazedonien sollt ernannt ginn, huet kloer Zieler. Um Dënschdeg huet hien sech fir ee Bäitrëtt an d’EU an der NATO ausgeschwat. Sollt dem Zaev säi Wonsch vu Bréissel erfëllt ginn, wier d’EU nom Verloscht vu Groussbritannien, nees zu 28.

Ënnert dem leschte Premierminister Nikola Gruevski vun der rietskonservativer „Interner Mazedonescher Revolutionärer Organisatioun – Demokratesch Partei fir National Eenheet“ kuerz VMRO-DPMNE, hat Mazedonien sech vum Westen ewechgehalen.

Knapp Majoritéit méiglech

„Onsen Objektiv ass de schnellst méigleche Bäitrëtt an d’europäesch Union wéi och an d’NATO“, huet den Zoran Zaev seng Usiichten am Parlament duergeluecht. Hei préiwen d’Deputéiert d’Vertrauen an de Sozialdemokrat. A mat der Ënnerstëtzung vun den de Parteien déi d’albanesch Minoritéit vertrieden, wat gutt 20% vun den Awunner duerstellt, kéint hien eng knapp Majoritéit erreechen. Domadder hätt hien da 67 vun 120 Deputéierter, déi am Dezember gewielt goufen hannert sech stoen.

Um haidege Mëttwochowend, kann dëse Vote Mazedonien aus enger laanger politescher Kris erausféieren, déi hire Paroxysmus de 27.Abrëll mat der Erstiermung vum Parlament vun nationalistesch Militanten erreecht hat. Deemools goufe vill Volleksvertrieder ugegraff a blesséiert, och den Zoran Zaev.

D’Nationalisten hunn him virgeworf d’national Eenheet a Gefor ze brénge, wëll hien de Revendicatioune vun den Albaner favorabel géinteniwwer steet. Hei ënnert anerem d’Unerkennung vun der albanescher Sprooch am ganze Land. Den neie Parlamentspresident Talat Xhaferi huet iwwregens um Méindeg déi parlamentaresch Sessioun op albanesch opgemaach, dat trotz staarke Protester vun der rietskonservativer Oppositioun. Hien huet sech dann awer dem Mazedoneschen zougewennt „bis ee neit Sproochegesetz ugeholl gëtt.„Mir setzen eis an, fir eng adequat Notzung vun alle Sproochen“, huet den Zaev a senger Ried deklaréiert.

Blockage aus Athen

Mazedonien war op Distanz zum Weste gaange, wéi Griicheland 2008 säi Veto abruecht hat a sengem „klenge“ Noper de Bäitrëtt an d’NATO verweigert huet. Athen verweigert Skopje d’Recht op Benotzung vun der Landesbezeechnung, wëll et och de Numm vun enger senger Regiounen ass.

Dëse Sträit huet derzou gefouert, datt sech Mazedonien vum Westen ofgetrennt huet. D’Folleg war eng laang politesch Kris, déi dann 2015 ee neien Héichpunkt sollt erreeche wéi heemlech Opname publizéiert goufen, déi eng Korruptiounsaffaire opgedeckt hat, an déi och de Premierminister verstréckt sollt sinn.

Mazedonien ass ee Land mat ronn 2,1 Millioun Awunner, déi majoritär slawesch an orthodox gepräägt sinn. Ee Fënneftel vun de Mazedonier huet albanesch Wuerzelen, an déi fuerdert de Respekt vun hiren Originnen, wat och d’Gläichstellung vun der Sprooch abezitt. Vu Bréissel war zu dësem Sujet bis ewell nach kee Kommentar ze héieren.

Mat AFP

Related topics EU, Europa, Mazedonien
Next post Previous post