Search

You may also like

GAP-Reform: Zeréck an d’Vergaangenheet amplaz Asaz fir de Klima- an Aarteschutz
Neiegkeeten

GAP-Reform: Zeréck an d’Vergaangenheet amplaz Asaz fir de Klima- an Aarteschutz

D’Majoritéit vun den Deputéierten am Landwirtschaftsausschoss setzt op d’Landwirtschaftspolitik aus

Op de Punkt bruecht (Carte Blanche)
Neiegkeeten

Op de Punkt bruecht (Carte Blanche)

Et ass Hierscht. De vill erwaarten Hierscht mat sengem „Neistart“

Bimbo Theater – Op der Sich no der Zäit
Neiegkeeten

Bimbo Theater – Op der Sich no der Zäit

Keen huet Zäit fier den Draach an d’Sonny huet iwwerhaapt

Medecins du Monde: Fir d‘Recht medezinesch versuergt ze sinn

Medecins du Monde: Fir d‘Recht medezinesch versuergt ze sinn

Um Dënschdeg huet „Medecins du Monde“ Lëtzebuerg (MdM) eng gréisser Campagne gestart, fir op Mëssstänn opmierksam ze maachen, déi esou net akzeptabel sinn. Lëtzebuerg, dat zweet räichst Land, huet laut MDM keng Léisung fir Leit, déi ouni Dach iwwert dem Kapp an ouni Krankekeess sinn, awer medezinesch Hëllef benéidegen.

Esou sinn da säit en Dënschdeg, wéi an eiser Foto ze gesinn, an de Bushaisercher vun der Stad Lëtzebuerg, grouss Affichen ze gesinn, déi zu enger Spend opruffen. Mee d‘Campagne geet wäit iwwert den Appell eraus ee puer Euro fir de gudden Zweck labber ze maachen.

„Mir wëllen d‘Leit op ee Problem opmierksam maachen, deen zu Lëtzebuerg esou net wierklech bekannt ass. D‘Hürden opweisen déi vun dëse Mënschen a grousser Nout net ze iwwerwanne sinn. Déi hinnen den Accès zu medezinescher Fleeg verwieren, wëll se keng Adress hunn, net domiciliéiert sinn“, ënnersträicht den Dokter Jean Bottu, President vun MdM Lëtzebuerg.

Léisungen?

Wann elo d‘Campagne vun MdM sech de Symboler unhëlt, déi de Räichtum vum Land vertrieden, esou huet dat ee gudde Grond. Et geet drëms verständlech ze maachen, datt dëse Räichtum wäit dovunner ewech ass, vun alle gedeelt ze ginn. Wann och villes gemaach ass, kaum Problemer bestinn eppes z‘Iessen ze kréien, -et gëtt der ëmmer déi duerch d‘Sécherheetsnetz falen!

„Léisungen wieren awer do“, seet den Dr. Bottu. An et misst een net emol wäit reese fir sech Beispiller unzegesinn. Bei eisen Noperen, direkt hannert de Grenz, gëtt et Systemer déi wäitaus méi „inklusiv“ sinn wéi dat zu Lëtzebuerg de Fall ass.

[blocktext align=”left”]Et géif Lëtzebuerg deemno gutt zu Gesiicht stoen, an dësem Beräich ee Schratt an déi richteg Richtung ze maachen.[/blocktext]

An der Belsch gëtt et den AMU (Assistance Médicale d‘Urgence) an am Frankräich hunn se d‘CMU (Couverture Médicale Universelle). Domadder ass séchergestallt dat jiddereen, Zougang zu medezinescher Versuergung a Medikamenter huet. Et géif Lëtzebuerg deemno gutt zu Gesiicht stoen, an dësem Beräich ee Schratt an déi richteg Richtung ze maachen.

E mënschleche Projet

D‘Médecins du Monde sinn zanter 2014 zu Lëtzebuerg aktiv. Hir Equippe bestinn zu 100% aus Fräiwëllegen a fleegen déi Leit wou ouni Krankekeess-Kaart net einfach bei en Dokter oder an d‘Spidol kënnen. Si setzen esou an, fir Mënschen déi vum System net berécksiichtegt ginn, déi de System iwwersinn huet.

Zu Esch Uelzecht an och an der Stad, hëllefen a fleegen d‘Doktere vun MdM. Wann et net anescht geet, ginn och Rendez-vousen organiséiert, déi et dem Patient erméiglechen ee Spezialist opzesichen. Et kann sech dobäi ëm en Zänn-, Aen- oder Hautdokter, handelen, mee och eng noutwenneg Visite bei engem Psycholog oder Psychiater gëtt hei erméiglecht.

Zur Zäit sinn eng 70 Fräiwëlleger um Terrain am Asaz. Dat sinn Allgemeng Dokteren awer och Spezialisten, Infirmieren an Iwwersetzer. Si verlaange fir hir Aarbecht kee Cent, brauchen awer Raimlechkeete, Material an logescherweis och Medikamenter. Och gëtt emol eng Prothees benéidegt a sief dat nëmmen e Gebëss.

[blockquote author=”Sylvie Martin, Direktesch vu Medecins du Monde” style=”2″]„All d‘Donen, déi mir kréie, finanzéieren d‘Fleegeprogrammer, déi mir zu Lëtzebuerg entwéckelen.[/blockquote]

Vun der Direktesch Sylvie Martin kréie mer bestätegt: „All d‘Donen, déi mir kréie, finanzéieren d‘Fleegeprogrammer, déi mir zu Lëtzebuerg entwéckelen. Säit Ufank vum Joer ginn eis Waardesäll ëmmer méi voll. Mir hoffe mat eiser Campagne och den Debat op ze maachen an esou iwwert de Versteesdemech laangfristeg Léisungen erbäizeféieren. Jiddereen zu Lëtzebuerg soll a muss Accès zu medezinescher Versuergung hunn.“

Foto: Courtesy Médecins du Monde

Related topics Esch/Uelzecht, Lëtzebuerg, Lëtzebuerg Stad, Medecins du Monde
Next post Previous post