Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Volleyball: D‘Coupe de Luxembourg geet u Fenteng an Dikrech
online dating site with free chat

Volleyball: D‘Coupe de Luxembourg geet u Fenteng an Dikrech

De Volleyball-Marathon vun der FLVB huet sech iwwer véier Deeg

https://moien.lu/free-dating-app-singapore/
online dating site with free chat

dating places in kathmandu valley

Et ass en drolegt Vollek, datt vun de Briten. Dir

Benjamin Netanyahu: „D‘USA hunn déi richteg Entscheedung geholl“
online dating site with free chat

Benjamin Netanyahu: „D‘USA hunn déi richteg Entscheedung geholl“

Den israelesche Premierminister Benjamin „Bibi“ Netanyahu huet sech um Dënschdeg

Medezineschen Tourismus: „e Mythos!“ esou MdM

1.765 vulnerabel Mënsche goufen an dräi Joer medezinesch behandelt

Medezineschen Tourismus: „e Mythos!“ esou MdM

En Donneschdeg huet d‘ONG „Doktere vun der Welt“ (MdM) säi Joresbericht 2018 virgestallt. An deem Joer huet MdM zu Lëtzebuerg an zu Esch-Uelzecht ronn 2.400 medezinesch Consultatiounen ugebueden.

D‘Beneficiaire si Persounen déi keen Accès zum nationale Sozialsystem hunn. 815 vulnerabel Mënschen an/oder Persounen déi a grousse Precaritéit liewen, hunn d‘Permanence vun de fräiwëllegen Equippe vu MdM opgesicht.

Alles an allem, hunn d‘Mataarbechter vu MdM tëscht 2016 an 2018, 1.765 eenzel Persoune behandelt. Säit Ufank 2019 huet d‘ONG 1.537 Consultatiounen ugebueden, eng Zuel déi wäit iwwert den Zuele vun 2018 läit. Dat misst net sinn…

Dat misst alles net sinn

De President vu Médecins du Monde, den Dokter Jean Bottu erkläert: „Déi medezinesch „Prise en Charge“ vun aarme Leit oder Mënschen ouni feste Wunnsëtz (also ouni Adress zu Lëtzebuerg) muss iwwert de Wee vun enger ‚Couverture Sanitaire Universelle‘ (CSU) erméiglecht ginn“.

An den Dokter leet no: „Den Ëmfang vun de Besoine weist eis, datt et fir vill Mënschen net evident ass bei den Dokter ze goen. Dobäi ass den Accès zur medezinescher Behandlung ee fundamentaalt Mënscherecht“.

Wou de Schong dréckt

Aus dem Bericht ass ze enthuelen, datt MDM virun allem Männer behandelt. Dovunner sinn 81% schlecht logéiert, ganzer 14% haten eng eege Wunneng, mee 93% vun dëse Männer liewen ënnert der Aarmutsgrenz.

Zu Esch-Uelzecht huet den Undeel u Fraen déi behandelt goufe bei 40% geleeën. Et goufen 2018 och 35 Kanner behandelt. 57% vun de Mënschen déi sech bei der ONG gemellt hunn, kommen aus engem EU-Land.

Eng vun dräi Persoune leit ënner chronesche Pathologien: Diabetis, Asthma, Epilepsie, ze héije Bluttdrock. Dozou kommen nach psychologesch Pathologien, d‘Toxikomanie an/oder aner Ofhängegkeeten.

Am Kontext vun de chronesche Pathologien déi d‘Leit opweisen, stellt MdM weiderhi fest, datt gutt 40% vun de Migrante vun hirer Krankheet näischt woussten. Dat bekräftegt d‘Ausso vum President, datt Migratioun aus medezinesche Grënn e Mythos ass.

De grousse Problem bleift den Accès. Duerch déi oniwwerwannbar Hürden, gi Mënschen dru gehënnert aus finanzielle Grënn sech preventiv ze behandelen. Dat geet esoulaang gutt bis de Gesondheetszoustand deraart schlecht ass, dat och d‘Urgence si muss ophuelen a behandelen.

Och dir kënnt eng Hand upaken

D‘ONG Doktere vun der Welt ass eng Asbl déi den ëffentlechen Notzen unerkannt kritt huet. Trotz allem finanzéiert MdM de Gros vu sengen Aktivitéiten iwwert Donen. Wann och dir der Usiicht sidd, datt déi Aarbecht wichteg a richteg ass, géifen si sech iwwert en Don freeën.

Konto: BILLLULL

Iban: LU 75 0020 0100 0005 0700

Vermierk: Santé19

Foto: © Médecins du Monde Lëtzebuerg

Ähnlech Sujeten Doktere vun der Welt, MdM, Medecins du Monde, universell medezinesch Ofsécherung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel