Feier iwwer Kalifornien: Fënnef Doudeger, Malibu bedreet
Vun de Flamen an hire Gefier gefaangen: op mannst fënnef
Vun de Flamen an hire Gefier gefaangen: op mannst fënnef
Do denkt ee sech näischt Schlechtes, an awer erféiert een
Viru wéinege Wochen hunn d‘Chinese d‘Moundsond „Chang‘e“ op den Äerdtrabant
Dass Lëtzebuerg e Manktem un Fachpersonal huet ass spéitstens säit der duerch COVID19 verursaachter sanitärer Kris jiddwerengem bewosst. Scho säit Joren hunn souwuel d’ALEM (Association luxembourgeoise des étudiants en médecine) wéi och d’AMMD (Association des Médecins et Médecins Dentistes au Luxembourg) op d’Penurie un Dokteren opmierksam gemaach op déi d’Lëtzebuerger Land zousteiert.
Bis 2011 huet d’ALEM reegelméisseg eng aktualiséiert „Démographie Médicale“ erausbruecht, en Dokument wat extrem wichteg ass fir den Iwwerbléck doriwwer ze hale wéi vill a wéi eng Dokteren tatsächlech grad zu Lëtzebuerg schaffen, wéi al dës sinn a wou dréngend Nowuess gebraucht gëtt. Zanterhier gouf keng aktualiséiert Versioun méi verëffentlecht an genau Zuele sinn net bekannt.
Eréischt d’Etüd “État des lieux des professions médicales et des professions de santé au Luxembourg” vun der Madamm Marie-Lise Lair-Hillion huet schwaarz op wäiss op de Pabeier bruecht wéi frappant et um medezineschem Fachpersonal zu Lëtzebuerg tatsächlech feelt an gläichzäiteg Strategië genannt fir géint dëse Manktem virzegoen. Och mir als ALEM wollten en Deel dozou bäidroen den Dokter-Manktem zu Lëtzebuerg ze bekämpfen.
Dëst andeems mir selwer am November 2019 eng Etüd ënnert Medezinsstudenten an Assistenzdoktere lancéiert hunn fir erauszefannen ënner wéi enge Konditiounen des bereet wieren hire Medezinsstudium oder Facharztausbildung zu Lëtzebuerg ze maache respektiv wat si dozou beweegt no hirer Ausbildung op Lëtzebuerg zréck ze kommen, oder eben net.
Insgesamt 230 Leit hunn un dëser Etüd deelgeholl, wat et eis erlaabt huet wäertvoll Erkenntnisser iwwert d’Motivatioune vun den zukünftegen a jonken Dokteren ze gewannen an entspriechend Léisungsvirschléi ze etabléieren. Däitschland ass ënnert den Studente bei wäitem dat beléiftste Studieland, gefollegt vu Frankräich, Éisträich an der Belsch. Des Preferenz fir Däitschland ass virun allem duerch déi gutt Atmosphär ënnert den Studente bedéngt (kee Konkurrenzkampf wéi z.B. a Frankräich).
Säit dësem Joer gëtt en Bachelor an der Medezin op der Uni.lu ugebueden. 67,8 % vun den Participante wiere bereet den Bachelor zu Lëtzebuerg ze maachen. 40,4 % nëmme wann si am Ausland keng Studieplaz krut hätten, 13,9 % nëmmen ënnert der Bedéngung, dass och en Master ugebuede gëtt. Een Drëttel vun den Participante wier bereet fir hier komplett Facharztausbildung zu Lëtzebuerg ze maachen an zwee Drëttel géifen en Deel vun der Facharztausbildung zu Lëtzebuerg maachen.
Wat d’zukünfteg Aarbechtsbedéngungen ugeet, sou well d’Majoritéit vun de Participante spéider an engem Spidol oder an enger Gemeinschaftspraxis schaffen. Wat den Choix vun der Fachrichtung ugeet sinn virun allem déi Richtunge beléift, déi eng gutt “Work-Life-Balance” offréieren. Eis Etüd huet gewisen, dass am Laf vum Studium d’Bereetschaft nees op Lëtzebuerg zréck ze komme Schrëtt fir Schrëtt ofhëlt.
Wärend vun den Studenten aus den zwee éischte Joren ëmmerhin nach 95,5 % zréck kommen, sou sinn et bei den Studenten aus den zwee leschte Jore just nach 76,4 % an bei den Assistenzärzt*innen (Médecins En Voie de Spécialisation, MEVS) just nach 70,4%. Et kann een also dervun ausgoen, dass insgesamt 30 % vun de jonken Doktere spéider net op Lëtzebuerg zréck komme wäerte fir hei als Dokter ze schaffen.
•D‘Schafung vun enger medezinescher Fakultéit mat engem komplette Medezinsstudium zu Lëtzebuerg
•D‘Erweiderung vun der Facharztausbildung zu Lëtzebuerg
•D‘Schafung vun engem Universitéitsklinikum nom “Bochumer Modell”
•D‘Upassung vun eisem Gesondheetswiesen un d‘medezinesch Fortschrëtter fir weiderhin eng innovativ a qualitativ héichwäerteg Behandlungen ubidden ze kennen
•E reegelméissegt Erstelle vun enger aktualiséierter Démographie Médicale
Den Detail zu den eenzelen Punkte sinn an eiser Publikatioun “État des lieux de la formation médicale au Luxembourg et des futurs médecins luxembourgeois” nozeliesen.
Matgedeelt vun der ALEM
Illustratioun: © Marcelo leal / unsplash