Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Déi jonk Sozialiste Lëtzebuerg hunn en neie President
Neiegkeeten

Déi jonk Sozialiste Lëtzebuerg hunn en neie President

Um Samschdeg haten déi jonk Sozialiste Lëtzebuerg (JSL) zu Esch-Uelzecht

Energie- a Klimaplang: De „Mouvement“ huet en Avis
Neiegkeeten

Energie- a Klimaplang: De „Mouvement“ huet en Avis

Den „Nationalen integréierte Plang fir Energie a Klima“: e Projet

Eis jonk Lëtzebuerger zu Buenos Aires: de fënneften Dag
Neiegkeeten

Eis jonk Lëtzebuerger zu Buenos Aires: de fënneften Dag

Um Freideg huet de gemëschten Doppel Molinaro/De Jong an der

Mediahuis ass neien Aktionär vum Lëtzebuerger Grupp Saint-Paul

Mediahuis ass neien Aktionär vum Lëtzebuerger Grupp Saint-Paul

Aktuell present an der Belsch, an Holland an an Irland ass de Multimedia-Grupp Mediahuis NV elo Aktionär beim Grupp Saint-Paul Luxembourg SA. Esou sollen d’Projeten vun der digitaler Transformatioun méi schnell virugedriwwe ginn.

Fir genau ze sinn, hu Lafayette SA – d’Societéit, déi als Stammhaus vum Grupp Saint-Paul gëllt – a Mediahuis d’Nouvelle vun der Acquisitioun vum soziale Kapital vum éischte Lëtzebuerger Mediegrupp bekannt gemaach. Saint-Paul Luxembourg ass donieft Editeur bei der Luxemburger Wort, dem Télécran, Contaco an der Luxembourg Times.

De strategeschen Investissement vu Mediahuis soll bei d’Projeten vun der digitaler Transformatioun stäerken an dës och beschleunegen. Als dynamesch a bléiend Regioun bedeit dëse Schrëtt awer och eng Stäerkung vun der Positioun vum Multimedia-Acteur.

Weiderhin wäert de Grupp Lafayette SA, déi am Joer 1848 gegrënnt ginn ass, an d’Entwécklungen agebonne ginn. Et wëll een un de bestoende System uknäppen an esou bleiwen de François Pauly, President vu Saint-Paul Luxembourg an de Marc Wagener weiderhin an der Lëtzebuerger Verwaltungsrot vun der Entreprise.

Mediahuis bestätegt, datt de Paul Peckels d’Generaldirektioun iwwerhëlt,wärend de Roland Arens, de Claude Feyereisen an de Marc Schlammes Chefredakter sinn. Parallel gëtt d’Ligne Éditoriale vum Lëtzebuerger Grupp bäibehalen. Reliéis Themen an d’Kommunikatioune vun der Kierch gi professionell behandelt.

Zu Mediahuis

Den europäesche Grupp Mediahuis ass 2013 als Gemeinschaftsentreprise vu Corelio a Concentra, zwou Societéite mat laanger Geschicht an der belscher Press, gegrënnt ginn. Hautdesdaags gëllt si alt multimedial Entreprise, déi eng grouss Diversitéit an der Press opweise wëll, dat beispillsweis mat Het Nieuwsblad, De Standaard oder De Telegraaf.

Am Juli 2019 ass Mediahuis sengem ambitiéise Plange nogaangen, sech geografesch ze vergréisseren an huet esou déi iresch Societéit Independent News & Media plc. (INM), bekannt duerch Irish Independent, iwwerholl.

Opmaacherfoto: © Roman Kraft / Unsplash

Ähnlech Sujeten Aktionär, Contacto, Digital Transformatioun, Editions Saint-Paul, Mediahuis, Press, Télécran, Wiessel, Wort
Nächsten Artikel Virrechten Artikel