Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

cooltongue
Der Méisproochegkeet an dem Lëtzebuergeschen geet et gutt am Groussherzogtum
Love Meenung

Der Méisproochegkeet an dem Lëtzebuergeschen geet et gutt am Groussherzogtum

Et ass kee Geheimnis, datt sech déi aktuell Regierung vill

cooltonguelaughing
Dru laanscht trëppele geet net duer, du muss och wësse, wat an dëse Gebaier ass!
Love Meenung

Dru laanscht trëppele geet net duer, du muss och wësse, wat an dëse Gebaier ass!

Et trëppelt ee villäicht all Dag un hinne laanscht, mee

Krus de mat? De Wocheréckbléck als Quiz! (Woch vum 27. November)
Love Meenung

Krus de mat? De Wocheréckbléck als Quiz! (Woch vum 27. November)

Eng weider Woch ass laanscht, an et huet net un

love

Medie kënnen net als eng reng Realitéitsflucht hierhalen

E Kommentar

Medie kënnen net als eng reng Realitéitsflucht hierhalen

Mir all konsuméiere Medien aus deene verschiddenste Grënn. Ee vun de wichtegsten dierft wuel d’Realitéitsflucht sinn. Et wëll een e bësschen Distanz tëscht sech an der realer Welt bréngen. Sech e bësschen ausklénken. Als Kand a Jugendleche geet dat ganz gutt. Mee wat ee méi al gëtt, desto méi gëtt een domat konfrontéiert, datt de Film, d’Buch oder d’Videospill, wat een esou gären huet, esou onproblematesch net ass.

Dat fält mir ëmmer nees op. Dëser Deeg hunn ech eng Video-Rei vum Lindsay Ellis iwwert The Hobbit-Filmtrilogie gesinn. Do gëtt ee ganz vill doriwwer gewuer, ënnert wéi engen Ëmstänn dës Filmer entstane sinn. Dat kann engem schnell d‘Loscht op dës Filmer verdreiwen. En anere rezente Fall war fir mech Baby Driver: De Film, an deem de Kevin Spacey eng vun den Haaptrollen huet, huet mer ganz gutt gefall, wéi ech en an de Kino kucke gaange war. Deemools war déi ganz Affär nach net un d‘Rulle komm. E komesche Bäigeschmaach wäert ech dann awer hunn, wann ech en elo nach eng Kéier kucken.

Medie konsuméieren ass ëmmer eppes perséinleches

D‘Lindsay Ellis trëfft den Nol op de Kapp, datt eis Medieconsommatioun eng immens perséinlech Affär ass. Souwuel als Lieser wéi och als Schrëftsteller ass beispillsweis den H. P. Lovecraft e wichtege Schrëftsteller fir mech. Awer ech si mer voll a ganz bewosst, datt et eng immens problematesch Perséinlechkeet ass. An dës problematesch Tendenzen och a sengem Wierk erëm ze fanne sinn an eng Reflexioun néideg maachen.

Et kéint een elo schnell op en Neit de Begrëff vun der Mediekompetenz ervir huelen. Dat wier scho bal iwwerdriwwen, géing ee mengen, sollt do dach gesonde Mënscheverstand duergoen. Mee et muss ee betounen, datt Medie vu Mënsche hiergestallt ginn. Domat droen se ëmmer en Deel vun deem a sech, wat déi Persounen ausmécht. Bei engem Buch ass et meeschtens eng eenzeg Persoun. Bei Filmer a Videospiller sinn et der vill.

A grad dowéinst musst een sech froen: Ënnerstëtzen ech eventuell net eng Persoun oder Politik, där hir Ziler am komplette Géigesaz zu mengen eegene stinn? Et ass bei wäitem net esou einfach, Kënschtler a Wierk ze trennen, och wann een duerchaus a Fro stelle kann, wéi vill en Duersteller mam finale Wierk ze dinn huet. Et ass eng komplex Fro, déi ee sech net huet misse stelle, wéi een nach e Kand war.

Eng kritesch Perspektiv muss geschäerft ginn

Domat ëmzegoen ass zwar jidderengem seng eege Flicht, mee et kann dofir och e Kader gesat ginn. Bei der Literatur spillt do d‘Schoul eng wichteg Roll. An de Kure gëtt gären op d‘Liewen vun den Auteuren agaangen, mee d‘kritesch Perspektiv muss och do geschäerft ginn. Kee Wierk gëtt ouni Kontext kreéiert, an däers muss ee sech bewosst sinn.

Déi Reflexioune kënne schonn emol de Spaass un der Saach verdierwen. Mee dat ass da wuel de saueren Apel, an deen een als en opgekläerten a kriteschen Mediekonsument bäisse muss. Et kann ee léieren, mat dëse Problemer ze liewen an trotzdeem säi Spaass un der Saach ze hunn.

Ähnlech Sujeten #metoo, Kultur, Medien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel