Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Erënnerung un de Streik vun 1942
International Neiegkeeten

Erënnerung un de Streik vun 1942

Um Donneschdeg huet de Premierminister Xavier Bettel zu Wolz un

Stellt de GDPR d‘Presseaarbecht zu Lëtzebuerg a Fro?
International Neiegkeeten

Stellt de GDPR d‘Presseaarbecht zu Lëtzebuerg a Fro?

Ab dem 25. Mee trëtt de GDPR (General Data Protection

Autofestival 2019: Wichteg Warnungen a Rotschléi vum Konsumenteschutz
International Neiegkeeten

Autofestival 2019: Wichteg Warnungen a Rotschléi vum Konsumenteschutz

Am Kader vum Autofestival 2019, réit de Konsumenteschutz (ULC) alle

Polnesche Premierminister vergräift sech un de Medie mat däitschem Kapital

Polnesche Premierminister vergräift sech un de Medie mat däitschem Kapital

Zwee Deeg virum Staatsbesuch vun der däitscher Bundeskanzlerin, Angela Merkel, zu Warschau, huet de polnesche Premier Mateusz Morawiecki d‘Medie mat däitschem Kapital beschëllegt „déi polnesch intern Ugeleeënheeten ze beaflossen“, jo esouguer „sech un der aktueller Regierung ze vergräifen“.

„Haut sinn d‘Medien an auslänneschen Hänn, zum groussen Deel an däitschen Hänn. Dës däitsch Medie ware besonnesch aktiv während der Campagne zu de lokale Wahlen“, esou de Mateusz Morawiecki, an enger Sendung vum Privatsender „Republika“. Vun dëse Beschëllegungen direkt betraff, den däitsch-schwäizer Grupp „Ringier Axel Springer“, deen ausser der Wochenzeitung „Newsweek Polska“ an der Dageszeitung „Fakt“, och den Informatiounsportal „Onet“ bedreift.

All dës Medie stinn der nationalistescher Regierung „kritesch“ géinteniwwer. „Et wier onvirstellbar a Länner wéi Frankräich oder Spuenien, datt friem Länner, op eng indirekt Aart a Weis, duerch Medien, sech oppen an esou vehement an d‘Campagne abréngen an déi gewielte Regierung esou schaarf ugräifen“, huet sech de polnesche Premierminister um Virowend vum zweeten Tour vun de Regionalwahle geiergert. Et sinn allerdéngs fir d‘PiS-Partei, ganz wichteg Walen.

En Iwwerbléck

Heizou muss een elo wëssen, datt d‘Partei fir Recht a Justiz (PiS) beim éischten Tour net geglänzt huet. An de grousse Stied, déi nach ëmmer vun der liberaler Oppositioun „beherrscht“ ginn, esou wéi Warschau, Worclaw oder Lodz, huet d‘PiS-Partei sech net duerchgesat kritt. Beim zweeten Tour geet et, besonnesch am Fall vu Krakau a Gdansk, ëm „alles“. Mee d‘Politik vun de Nationalisten, déi sech am ländleche Raum gutt verkafe léisst, gräift an de Groussstied net.

Erënnere mir dann och nach emol dorunner, datt wéi d‘PiS-Partei 2015 d‘Muecht a Polen u sech gerappt huet, d‘Nationalisten als éischt „Aktioun“ de Gros vun de Kader a Journalisten an den ëffentleche Medien (Radio & Televisioun) op d‘Strooss gesat haten. Hinnen huet d‘PiS-Partei virgeworf geziilt géint déi polnesch Regierung virzegoen. Elo huet sech d‘Regierung virgeholl, d‘Medien a Polen nees ze „repoloniséieren“. Eng Entscheedung déi och Bréissel net begréisst.

Muer Freideg awer, ginn d‘Angela Merkel an eelef vun hire Ministeren zu Warschau erwaart. Et geet bei dësem däitsch-polnesche Sommet ëm Verhandlungen, bei deenen notamment och de Projet „Nord Stream 2“, enger Gasfernleitung déi vu Russland (Gazprom) gebaut soll ginn. Kriddeleg gëtt et wann dem Jaroslaw Kaczynski seng Partei, nees seng Revendicatiounen un Däitschland riicht, an Entschiedegunge fir „Verbriechen“ déi während dem 2. Weltkrich begaange goufen, fuerdert.

mat AFP

Foto: (Archivbild) De polnesche Premierminister Mateusz Morawiecki, konservativ an erkläert nationalistesch, wiert sech géint den Afloss vu polnesche Medie mat däitschem Kapital. Hie beschëllegt dës Medien d‘Regierung ze kritiséieren, an esou déi politesch Legitimitéit vun der Muecht a Fro ze stellen. © Christof Stache/AFP

Ähnlech Sujeten Angela Merkel, Däitschland, Mateusz Morawiecki, Medien, Polen, Premierminister, Pressefräiheet, Staatsbesuch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel