Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

CGFP: Eng Demarche, fir déi ee sech schumme sollt
Meenung

CGFP: Eng Demarche, fir déi ee sech schumme sollt

Kuerz virun der Summervakanz huet d’CGFP zwee grouss Succèse verbucht.

Coronavirus: Éischte Stierffall zu Lëtzebuerg
Meenung

Coronavirus: Éischte Stierffall zu Lëtzebuerg

Et ka sécherlech keen Trouscht fir kee sinn, datt am

D’Katharina Schwirkus am Klimawahn: Sinn Hënn Schold?
Meenung

D’Katharina Schwirkus am Klimawahn: Sinn Hënn Schold?

Säit kuerzem schockéiert dem Katharina Schwirkus säin Artikel mam provozéierenden

Mediekompetenz ass net nëmmen eppes fir déi Jonk

E Kommentar

Mediekompetenz ass net nëmmen eppes fir déi Jonk

Alleguerten d’Parteie schénge géint Fake News ze sinn. Mee d’LSAP huet dës Woch de Virstouss gewot an et zum Wahlkampfthema gemaach. Wuel wëssend, datt d’Fake News egal wéi dëse Wahlkampf beaflosse wäerten. Als Mëttel géint d’Fake News ass d’Mediekompetenz auserkore ginn. Déi soll elo hire Wee an d’Schoule fanne. Mee geet et duer, an de Schoulen unzesetzen?

Dat däerf ee bezweifelen. Tatsächlech kann ee soen, datt net onbedéngt d’Jugend déijéineg ass, déi Fake News verbreeden. Et braucht een nëmmen an d’Kommentarspalte kucken ze goen. Oder sech unzekucken, wie gewëssen “Zeitungen” (Mir wëssen all, wéi eng gemengt sinn) konsuméiert. Mee am Internet schéngt de Faktencheck eng Ausnam ze sinn. An net nëmmen am rietse Spektrum gi fläisseg Feel- a Falschinformatioune verbreet. Nee, d’Propaganda kënnt aus ville Richtungen. An do sinn net nëmmen déi Jonk gefuerdert, mee och di eeler Generatiounen.

Et ass net falsch bei der Jugend unzefänken. Et ass falsch, bei hinnen opzehalen.

“Gleef net alles, wat s de am Internet lies.” Dat gouf menger Generatioun lafend an der Schoul an de Kapp gedrummt. Eng Skepsis, déi net falsch ass, schliesslech ka jiddereen sech e Blog uschafen, dat nach mat engem respektable Numm. An och, wann et net déi Ausmosse huet, wéi an den Nopeschlänner oder souguer an Amerika, muss een dach feststellen, datt et zu Lëtzebuerg och am Internet genuch Initiative ginn, déi sech d’Noriichten esou laang verdréien, bis se hinnen an de Krom passt.

En éischte Goût huet do de Referendum geliwwert, wou sech bestëmmte Säiten e Spaass draus gemaach hunn, Feelinformatiounen ze streeën. Op dëser Popularitéit begrënnend sinn se bis haut aktiv a beaflossen den ëffentlechen, politeschen Diskurs. A wien do an d’Kommentarspalt kuckt mierkt schnell: Do sinn net vill Jonker ënnerwee. Et si virun allem Erwuessener, ganz vill, déi iwwer 30 sinn, déi do de Populisten op de Läim ginn.

A wéi een deenen nach an deem Alter ka bäibréngen, net op alles eran ze falen, dat ass wiesentlech mi schwéier, wéi einfach ze fuerderen, Mediekompetenz an de Schoulen ze vermëttelen. Mediekompetenz, déi ebe grad bei den Erwuessenen nach laang net present muss sinn.

Ähnlech Sujeten Edukatioun, Lëtzebuerg, LSAP, Mediekompetenz, Sozial Medien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel