Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Internationale Petanque-Tournoi zu Iechternach
sleeping together but not dating muslim dating sites free usa

dating sweden free

Organiséiert vum Veräin „Petanque Pavillon Iechternach“ fënnt dës international Renconter

speed dating in fort myers
sleeping together but not dating muslim dating sites free usa

E Wéckeldësch op allen ëffentlechen Toiletten? Déi Iddi ass net vu schlechten Elteren!

Virun e puer Méint hunn ech eng Story fir moien.lu

Däi Liewen, deng Entscheedung
sleeping together but not dating muslim dating sites free usa

Däi Liewen, deng Entscheedung

Am Kader vun enger Pressekonferenz huet de Justizminister Felix Braz

Gemengenautonomie a méi Demokratie? (Lieserbréif)

Gemengenautonomie a méi Demokratie? (Lieserbréif)

Et ass dacks positiv wat an de Gemengen duerch déi sou genannten „Autonomie“ ka gemaach ginn an et gi sécher Fäll, wou een de Gemenge méi Spillraum kann an och sollt oder misst ginn. Op der anerer Säit awer, ass et awer grad déi sou genannten Autonomie wou dacks d’Demokratie a néideg Strukture verhënnert, well villes vun de Gemengen eleng ofhänkt an de Bierger och do nees näischt ka maachen. Dat heescht, d’Gemenge si praktesch eleng an der Verantwortung an et leeft just wéi si et wëllen. Ech froe mech, ob dat net och verfassungswiddereg kéint si well all Bierger dann esou behandelt gëtt wéi déi jeeweileg Gemeng et virschreift wou een ebe wunnt? All Bierger misst am Land jo gläich behandelt ginn an deemno eigentlech och déi selwecht Rechter a Flichten hunn.

Huet een z.B. e Restaurant déi aner Säit vu senger Wunneng, wou de Schminnien zäitweis därmoosse sténkt, an dat ass net an der Gemeng gereegelt, et gëtt kee Reglement, oder laut dem Bautereglement ass dat ganz an der Rei well de Schminnie wéi virgeschriwwen en hallwe Meter iwwer dem Daach ass, mä den Daach awer därmoossen niddereg ass…, da kann een och net vill maachen. Esou kritt een et zumindest gesot. All aner staatlech Institutioune verweise jiddefalls op d’Kompetenz vun der Gemeng. A verschidde Gemenge sinn zimlech zéi a maachen net vill an esou Fäll oder guer näischt, aus wéi enge Grënn och ëmmer, an da steet de Bierger do, mat senge Problemer eleng gelooss. Keng Hëllef vum Environnement oder Syvicol an d’Santé ka leider och just nëmme Recommandatioune gi mä awer kee forcéieren, eppes un der Situatioun ze änneren.

En anert Beispill: Eng Persoun ass betraff vum Kaméidi vun engem Restaurant mat “manner wéi 50 Platzen”. Et sinn der nawell awer eng gutt Partie méi. All Wochenenn Rambazamba an dat ëmstriddent Etablissement kritt vun der Gemeng riicht weider fräi Nuechte geneemegt. Do kann och nees keen eppes maachen.

Et gi Gemengen, déi hunn e Bautereglement wou de Bierger bal muss ufroen, ob en dann elo dierf Tulpen oder Rousen uplanzen. Also och vu Gemeng zu Gemeng verschidden an oftmools hänkt et nach dovun of wie freet. Ass ee nei am Duerf an et huet ee schonn eng Kéier reklaméiert wéinst eppes, dann ass een oftmools schonn doduerch, an aner Saache ginn och net an d’Rei oder schleefe ganz laaaang. Da kritt ee Stee gehäit wou et nëmme geet.

An enger Gemeng gouf e Parksystem agefouert. Ënner anerem d’Leit vir an enger säitlecher Strooss zur Haaptstrooss hunn awer keng Vignette krut, obwuel se esou gesinn nach éischter zum Zentrum gehéieren a méi no bis op de nächste Parking vun deem Secteur hu wéi verschidde Leit aus der Haaptstrooss, déi eng Vignette konnten ufroen. Elo ass awer un deem System e bëssen nogebessert ginn, wuel opgrond vu ville Reklamatiounen aus der Bevëlkerung. Trotzdeem misst dat nach eng Kéier ganz iwwerschafft ginn. Déi Leit ouni Vignette hu virdru missten deelweis méi wéi 400 Meter vun hirer Wunneng ewech parke goen. Esou Systemer bezeechnen ech dann och als Diskriminéierung an et leeft wéi scho gesot esou wéi d’Gemeng et diktéiert.

Aner Gemenge forcéieren d’Leit mat Taxe fir Grondstécker ze bebaue fir eppes géint d’Wunnengsnout ze maachen. Oder fir hiert Appartement, wat eidel steet, ze verlounen. Dat si Saachen, déi gi menger Meenung no och zimlech wäit, an amplaz d’Leit ënner Drock ze setzen an ze bestrofe bis se “et endlech verstanen hunn”, mam But se eventuell mat héijen Taxen “ze enteegnen”, well se et da schlussendlech vläicht verkafe, soll een se encouragéieren. Sécher, zu Lëtzebuerg besteet akut Wunnengsnout mä mir sollen awer net an eng Diktatur verfalen. Zum Gléck gëtt mat der „Agence Immobilière Sociale“, wou de Staat Garant ass, awer an eng aus menger Siicht besser Richtung geschafft, well vill Leit fäerten nämlech fir eppes ze verlounen an dono (vläicht nees) een dra sëtzen ze hunn, dee net nëmmen net bezilt mä och nach alles verknascht a futti mécht an ee nach selwer herno fir den Dierwiechter asw. ka bezuele fir dee no laanger Zäit virun d’Dier setzen ze loossen. Kloer, et ginn der och vill déi mat Immobilien an Terraine spekuléieren, et kann een iwwer alles schwätzen, mä et misst menger Meenung no awer anescht lafen: Locataire musse sécher méi Rechter a Garantie kréien, awer ëmgedréint d’Proprietären och!

Et gi sécher nach vill Beispiller. En anert ass d’Thema Offall. Do kann ee sécher ganz vill driwwer soen. Déi eng Gemengen hunn dës Konditioune fir e Recyclingszenter, anerer nees déi, an déi eng Gemeng bitt verschidde Servicer gratis u fir eng gewëssen Zort Offall ewechhuelen ze loossen a stellt Poubelle fir de Pabeier an d’Glas ze sammele bereet. Anerer net. Bei den Taxen an dem Berechnungsmodus och deels grouss Differenzen. Déi eng Gemengen hunn zousätzlech nach Plaze mat Container. Plastiksoffall gëtt nieft Béchsen a verschiddene Verpackunge vu Gedrénks zwar an alle Gemenge gesammelt, awer leider och nach ëmmer net all Zorte vu Plastik kënne gesammelt resp. och stofflech verwäert ginn. Plastik gëtt gréisstendeels aus fossille Stoffer hiergestallt an ass esou gesinn einfach ze schued fir spéider z.B. iwwer de Wee vun der normaler Poubelle just “thermesch verwäert”, dat heescht verbrannt, ze ginn. Och hei wiere nach gréisser Efforten néideg fir esouwuel de Gebrauch vu Konschtstoffer anzeschränken awer och d’Verwäertung ze verbesseren. All Gemeng resp. Syndikat kacht och bei dësem mir perséinlech ganz wichtegen Thema erëm seng eegen Zopp an de Staat léisst d’Gemengen do menger Meenung no och einfach méi oder manner wurschtelen, och wa lues awer sécher ëmmer méi gekuckt gëtt fir dat e bëssen ze harmoniséieren, esouwäit et da méiglech a sënnvoll ass. Dës ganz Strukture bei der Offallentsuergung gesinn ech dofir net ëmmer als dat aller Positivist un. Et sollt jo virun allem drëms goe fir esou mann wéi méiglech Offall ze produzéieren, mir sollten eis deem all bewosst sinn. Et geet sécher net ouni Recycling, mä oftmools ass dat aus menger Siicht awer just nëmmen en Alibi fir einfach weiderzefuere wéi bis elo a vläicht e schlecht Gewësse bei de Leit ze verdreiwen? “Et gëtt jo recycléiert”. Dofir soll Recycling eben ëmmer nëmmen un zweeter Platz a Betruecht gezu ginn. Dee beschten Offall ass nach ëmmer deen, dee net gemaach gëtt.

Wat dann d’Matsproocherecht vum eenzele Bierger an der Gemeng ugeet, dat ass och nees en Thema fir sech. Et gi Gemenge wou reegelméisseg Ëmfroen oder Informatiounsversammlunge fir d’Bierger organiséiert ginn an d’Kommissioune generell och fir net politesch engagéiert Bierger opstinn. An anere Gemengen ass dat awer net onbedéngt esou. Och heibäi si nees grouss Ënnerscheeder méiglech.

Mat dëse puer Beispiller wëll ech mol d’Limitten opzeziele wat Gemengenautonomie an Demokratie kann heeschen. Dat ka menger Meenung no ganz positiv sinn, dacks awer och an de Contraire ëmschloe: Nämlech manner Demokratie an dofir méi Benodeelegung oder Diktatur vun der jeeweileger Gemeng!

Johnny Theisen

D‘Meenunge vun de Lieser sinn perséinlech a spigelen net zwéngend d‘Positioun vun der Redaktioun erëm.

Ähnlech Sujeten Autonomie, Demokratie, Gemengesecteur, Johnny Theisen, Kritik
Nächsten Artikel Virrechten Artikel