Search

You may also like

Covid19-Schnelltester ab e Freideg disponibel
Fail Meenung

Covid19-Schnelltester ab e Freideg disponibel

Laut dem Communiqué vum Gesondheetsministère sollen déi Covid19-Schnelltester (TRA) den

Grousst Ronndëschgespréich zu Eech
Fail Meenung

Grousst Ronndëschgespréich zu Eech

Am Kontext vun den Europawahlen Enn Mee, organiséiert d‘ASTI (Associatioun

money
De Joresbilan vun der Cargolux hätt besser net kënnen ausfalen
Fail Meenung

De Joresbilan vun der Cargolux hätt besser net kënnen ausfalen

2017 war d‘Cargolux dat beschte Joer säit sengem Bestoen. 4%

dislike

Meenung: Nee, „Féck de Grand-Duc“ ass net fein. Mee eng Diskussioun iwwert d’Monarchie kéint d’Land awer verdroen

Meenung: Nee, „Féck de Grand-Duc“ ass net fein. Mee eng Diskussioun iwwert d’Monarchie kéint d’Land awer verdroen

Nei Woch, neie Shit-Storm. Des Kéier mat dobäi: Déi jonk Lénk, mat engem laangen, awer kaum iwwerraschende Statement géint d’Natioun an d’Monarchie op der enger Säit. Op der anerer Nee2015/Wee2050 mat enger kuerzer, awer kaum iwwerraschend reduktiver Reaktioun dorobber. Reduktiv dowéinst, wëll sech op e puer Wieder ageschoss gëtt.

Foto: Screenshot/Facebook

A loosst mech kloer soen, datt déi Wieder net besonnesch fein sinn. Si gehéiere fir mech net wierklech an eng politeschen Diskussioun. Mee – an dat ass fir mech och wichteg – muss een sech d‘Fro kënne stellen, firwat esou drastesch Wieder gewielt ginn. Déi jonk Lénk si géint Nationalstaate, Patriotismus, Nationalismus a géint Monarchie, deen an hiren An e schlichte Perséinlechkeetskult duerstellen. Déi Usiicht muss een net deelen, grad esou wéineg wéi d‘Ausdrocksweis. Mee op mannst huet hinnen d‘f-Wuert dat bruecht, wat se wollten hunn: Opmierksamkeet. Dat och dank dem Nee2015/Wee2050, déi jo selwer oft genuch duerch hir Vocabulaire opfalen.

Foto: Screenshot/Facebook

Datt et elo vun der Press esou eropgeschauckelt gëtt, a jidderee schlicht eng Berichterstattung liwwert, wou héichstens nom Schëllege gesicht gëtt, ass net produktiv. Wesentlech méi interessant wier et, sech ze froen, op d‘Monarchie, esou wéi se zu Lëtzebuerg existéiert, zäitgeméiss ass. Op se zu eis passt. A firwat et zu esou Aussoen a Géigenaussoen iwwerhaapt kënnt.

Déi Fro ronderëm d‘Monarchie ass keng nei hei am Land. Si war scho Géigestand vun engem Referendum. A si gouf beim Euthanasie-Gesetz vun 2008 op en neit gestallt. D‘Hannerfroe vun der Monarchie ass eng reegelméisseg Übung. Villäicht sollte mer dës Geleeënheet ergräifen, fir se op en neit ze stellen. Op kee Fall sollte mer d‘Diskussioun duerch de Choix vun engem Wuert, deen sech méi oder manner aus enger Parodie eraus ergëtt, zu Gronn goe loossen.

Nee2015/Wee2050 stellt eng steil Thees an engem Niewesaz op: Mir géifen eis Identitéit verléieren, wa mer d‘Monarchie hannert eis géife loossen. De Choix an hiren An läit tëscht „Fir d‘Monarchie“ oder fir de Verloscht vun der Identitéit. Mee d‘Fro déi ech mer stellen ass, wéi aarm mer mussen dru sinn, wa mer eis gesamt Identitéit vun der Monarchie ofhängege maachen. Besteet Lëtzebuerg net aus wesentlech méi? Ass do keng Kultur a Sprooch, op déi mer zeréckgräife kéinten? Oder ass d‘Monarchie domadder esou enk verknëppt, datt d‘Natioun einfach implodéiert, sollten d‘Luuchten am Schlass Bierg fir déi läscht Kéier aus goen?

Et ass eng kleesper Affär, déi Natioun, déi do vu Nee2015/Wee2050 a vu munch konservativem Politiker gezeechent gëtt.

Villäicht ass et héich Zäit, fir driwwer ze schwätzen.

 

Related topics Jonk Lénk, Lëtzebuert, Nee2015/Wee2050
Next post Previous post