Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den Hugo Gernsback, erkläert
International Meenung Neiegkeeten

Den Hugo Gernsback, erkläert

Op am Kino, dem Bicherbuttek oder a Comichefter: Science-Fiction ass

Editorial: Wann de Patron dech am A huet
International Meenung Neiegkeeten

Editorial: Wann de Patron dech am A huet

Elo ass et dann entscheet ginn. Déi national Kommissioun fir

moneysurprise
Eurogroupe: véier Kandidate fir de Posten als President
International Meenung Neiegkeeten

Eurogroupe: véier Kandidate fir de Posten als President

Haut de Mëtteg gëtt am informelle Krees vun de 19

Meenung: Venezuela am Journal-Kommentar

oder: Patrick Welter total duerchgeknallt am Paralleluniversum

Meenung: Venezuela am Journal-Kommentar

Ëmmer méi oft fält de Patrick Welter am „Journal“, dem eng Verbindung zur DP an dem Premier Bettel nogesot gëtt, mat primitivem Antikommunismus op. De Mann aus der BRD ass guer net op der Linn vum Thomas Mann, den Antikommunismus als Grondsperenz vum 20. Joerhonnert bezeechent huet.

Dem Faass de Buedem ausgeschloen huet dëse Welter op alle Fall den 29. Januar 2019, an et geléngt mir einfach net, dat mat engem Kapprëselen an d’Pabeiersammlung ze geheien. Zwar kann een Chavez a Madura vill duerbaupsen, wéi d’Vernoléissegung vun der Entwécklung vun de Produktivitéitskräft, virun allem an der Äerduelegwirtschaft, eng hallefhäerzeg Landreform, well virun den Interesse vun der Bourgeoisie vu Venezuela an dësem, wéi an anere Beräicher kapituléiert ginn ass, an eben dëst stännegt Zeréckzéien, amplaz vun enger endgülteger Entmuechtung vum Kapital, dat dowéinst mat enger Boykott- Desorganisatiounspolitik fir wirtschaftlecht Duerchernee suerge kann. Vill geschitt, fir déi ënnescht Schichten, ass trotzdeem mat Ernierungs-, Bildungs-, Gesondheets- a Wunnbauprogrammer. Dës Siicht ass op alle Fall dem Welter a sengem Paralleluniversum vëlleg friem.

Hien schreift wierklech: „Do dreift ee „bolivaresche Sozialist“ dräi (!) Millioune Flüchtlingen aus dem Land, verfollegt d’Oppositioun a ruinéiert Venezuela Dag fir Dag. Wéi sech d’Oppositioun endlech erhuewen huet an – verfaassungsméisseg – een neien Iwwergangspresident opgeruff huet, otemt d’Majoritéit vun der Welt op.“

Dorunner ass esou zimlech alles falsch. Zwar dierfen 3 Millioune Leit, déi a Venezuela gebuer goufen, am Ausland liewen, et liewen awer och 6 Millioune Leit, déi a Kolumbien gebuer sinn, a Venezuela. Et misst donieft opgefall sinn, datt bei der Opzielung vun allen Nationalitéiten, déi am groussen Zuch Richtung USA vertruede sinn, an zu deenen hirer Ofwier de President Trump eng physesch Barrière opriichte well, Venezuela komplett feelt.

Verfassungsgeméiss war d’Selwer-Ausruffen zum Interimpresident, no engem Telefonat mam Trump ganz sécher net, wëll de Maduro huet bei enger Wahlbedeelegung vu 46% ëmmerhin 68% vun de Stëmmen erreecht, wärend den éischten Oppositiounskandidat op 21% koum. Dat kann den Trump net vu sech behaapten.

Am Welter sengem Paralleluniversum geet et folgendermoosse virun: „Anescht déi Lëtzebuerger Noriichtesäit, déi am Ruff steet enk mat de „Pirate“ verbonnen ze sinn. Do schwätzt ee vun enger „amerikanescher Marionett.“ Wann esou ee Sproch aus dem Paralleluniversum vun der KPL kënnt – Schwamm driwwer. Datt déi däitsch „Lénk“ zum Thema Venezuela eng anti-amerikanesch an anti-semitesch Karikatur verëffentleche, wonnert och keen. Mee bei de „Piraten“ ass wuel de Kompass iwwer Bord gaangen. Hei an enger Fraktioun mat de Rietspopulisten an do als al-stalinisteschen Internettroll. Flott!“

Wou „moien.lu“ Rech huet, huet „moien.lu“ einfach Recht a Welter steet komplett nieft der Wourecht. Den „Interimpresident“ ass wierklech eng „amerikanesch Marionett“. Dat ass och mam Stalin net falsch ze maachen, dee ganz sécher aus sengem Graf eraus dorop keen Afloss hat. Genau esou absurd ass den Ausfall géint déi Lénk an d’Piraten an dësem Zesummenhang. Eigentlech ass eng Entschëllegung vun der Journal-Chefredaktioun fälleg, oder soll esou eppes aus dem Welterschen Paralleluniversum déi nei Blatlinn sinn?

Mat neokolonialer Amëschung an Aggressioune géint Venezuela sollt Schluss sinn, egal ob vu Säite vun den USA oder der EU!

Matgedeelt vum Jean-Marie Jacoby, President KPL Sektioun Stad Lëtzebuerg – Iwwersat vum Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Jean-Marie Jacoby, Journal, Juan Guaido, Meenung, Nicolas Maduro, Patrick Welter, Venezuela, Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek, ZLV
Nächsten Artikel Virrechten Artikel