Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Déi lénk wëllen de Loyer nees bezuelbar maachen
Neiegkeeten

Déi lénk wëllen de Loyer nees bezuelbar maachen

Um Dënschdeg hunn den David Wagner an de Justin Turpel

USA: Nei Sanktioune géint Russland
Neiegkeeten

USA: Nei Sanktioune géint Russland

Déi niddreg Kummer vum US-Kongress huet en Dënschdeg bal eestëmmeg

Kultursall Steesel: Alles Féik…oder wat?
Neiegkeeten

Kultursall Steesel: Alles Féik…oder wat?

Si sinn erfollegräich, hu Witz an och soss eng drop.

Och d‘Meenungsfräiheet huet hir Grenzen

D‘Medie komme beim Neijoerschdagspatt vun der ADR schlecht ewech

Och d‘Meenungsfräiheet huet hir Grenzen

Am neie Joer, gëtt et Parteien déi de Bléck no vir riichten, an déi wou sech e Réckbléck leeschten. Méi seelen, mee och déi gëtt et, Parteie wou eegen Insuffizienzen op aner Instanzen iwwerdroen. Esou d‘ADR, déi der Press ënnerstellt, si am d‘Lager vun de „Béise“ ofgeluecht ze hunn.

Et war eng gutt besichte Veranstaltung, déi d‘ADR zesumme mat de Kollege vum „Wee 2050“ um Cents organiséiert hat, mee nodeems wat do gesot ginn ass, muss d‘Fro erlaabt sinn: „Firwat huet den ADR d‘Press agelueden?“ Wann et mëttlerweil Sënn an Zweck vum Patt zum neie Joer ass, d‘Invitéeën ze beleidegen, da leeft mam Demokratieverständnis eppes falsch.

A senger Ried, huet den ADR-Parteipresident Jean Schoos, beim Réckbléck op d‘Berichterstattung zu de Chamberwahlen an hirer Campagne, schwéier Virwërf géint d‘Bertelsmann-Duechter „RTL“, an d‘Kollege vum „Lëtzebuerger Journal“ an der „Revue“ erhuewen. Déi hätten, esou zumindest d‘Opfaassung vun der ADR, vun Ufank u bestëmmt, wien déi „Gutt“ a wien déi „Béis“ sinn.

Et schéngt hinnen deemno entgaangen ze sinn, zu wéi enger politescher Famill Journal a Revue gehéieren. An iergendwéi muss hinnen och entgaange sinn, datt de Privatsender mat ëffentlech-rechtlechem Informatiounsoptrag (RTL kritt vill, ganz vill Geld vun der Regierung) entspriechend hirem Interêt, op kee Fall „an déi Hand bäissen déi se niert“. Dofir nennt een dat Meenungsbildung.

Eng Allianz déi a Fro gestallt gëtt

Datt et zum Deel och kéint dorunner geleeë sinn, datt d‘Allianz mam Mouvement „Wee 2050“ bei de Medievertrieder net op Versteesdemech gefall ass, well sech massiv géint d‘Auslännerwahlrecht – am Kontext vum Referendum 2015 – agesat ginn ass, an esou deem engen oder anere politesch engagéierte Journalist op d‘Féiss getrëppelt gouf, sollt een an dësem Zesummenhang och erwähnen.

An eppes Hypokrisie hat et dann e Freideg och nach ginn, well natierlech huet et sech de President Jean Schoos net huele gelooss, RTL ze erklären (bei oppenem Mikro versteet sech) datt den ADR eng ideologesch konservativ orientéiert Partei ass. Eigentlech wier d‘ADR déi besser CSV, well si datt géif duerstelle wat déi chrëschtlech-sozial virun 20 Joer vertrueden hunn. Zréckgewannt?

Wéi och ëmmer. Richteg ass datt d‘ADR sech fir chrëschtlech Wäerter asetzt. Esou beim Recht op Liewen oder der Familljepolitik. Bei esouvill Fundamentalismus, kann ee verstoen, datt de Jean Schoos sengerzäit d‘CSV verlooss huet, wéi um Krautmaart d‘Diskussiounen ëm d‘Gesetz zur Stierfhëllef, déi als Euthanasie verkläert gouf, e Weltbild op d‘Kopp gestallt hat. Et ass awer elo do.

An der Politik ass et wichteg datt vun engem geschwat gëtt

Op gutt oder schlecht Reklamm, ass eigentlech pupegal… et geet am Endeffekt dach ëmmer nëmmen drëms, dat een am Gespréich bleift. Wéi engem dat geléngt? Bestëmmt net mat der sougenannter „politescher Korrektheet“. A wëll et net wierklech politesch „korrekt ass“ sech d‘Journalisten als Feindbild auszesichen, besteet d‘Chance op eng besser Visibilitéit grad hei.

Engem deen de politesche Journalismus zu Lëtzebuerg gehéierlech géint de Stréch geet, dat ass dem ADR-Deputéierten, Fernand Kartheiser. Hien ass awer entgéint enger Meenung déi sech séier verbreede kéint, net de Stoussnéckel vun de Medien, beschtefalls dee vun e puer engagéierte Journalisten, déi der ideologesch-politesch gepräägter Ausriichtung vun hirer Zeitung verflicht sinn.

An dëse bitt de konservative Politiker vill Ugrëffsfläch. Esou huet de Fernand Kartheiser sech – duerchaus berechtegt – doriwwer beschwéiert, datt de Gläichstellungsministère, op senger Facebooksäit, en Artikel vum Spiegel (gehéiert zum „Springer“ Verlag) verëffentlecht huet. Eng Publikatioun déi duerch „Falschmeldungen“ (Fake news) eppes a Verruff geroden ass.

Et ass virun allem de Constat, datt d‘Verfeelung vun engem eenzele genotzt gëtt, fir eng ganz Beruffsbranche ze diskreditéieren, déi veriergert. Kee Journalist dee sech dësen „Titel“ verdéngt huet, stellt sech virun esou e „schwaarzt Schof“, mee et léisst sech och keen ënnerstellen déi Praxis ze ënnerstëtzen oder ze fërderen. Journalismus ënner Generalverdacht ze stellen, verbiergt Risiken.

Meenungsfräiheet a Meenungsbildung sinn zwee puer Schong

Datt de Fernand Kartheiser onbestridden eng Persoun ass, där vill un der Meenungsfräiheet geleeën ass, sollt een dann och eigentlech begréissen. Leider Gottes versteet den ADR-Deputéierten, ënnert dem Begrëff „Meenungsfräiheet“, d‘Recht Meenungsbildung ze bedreiwen, andeems hie schonn emol versicht ganz Communautéiten an e schlecht Liicht ze réckelen. E politesche Kalkül?

Et war dann och hien a keen aneren, deen d‘Mediegesetz vun 2017 kritiséiert hat, well dës e groussen Interpretatiounsspillraum zouléisst. An hien dann och keng Rou ginn, bis d‘Thema am November 2017 um Krautmaart debattéiert ginn ass. Datt aus dësem Debat keng Léiere gezu goufen, läit dorunner, datt et Mënsche gëtt déi sech vu Fakten net aus der Rou brénge loossen.

Hei dierf een dann elo och gespaant sinn, op d‘Versteesdemech fir Meenungsfräiheet esouwäit geet, datt säi Parteikolleg Gaston Gibéryen, als Member vun der Petitiounskommissioun, dem Jean Peters vu Rëmeleng seng Petitioun zur Ofschafung vum Gesetz géint Rassismus, Antisemitismus an Diskriminatioun, ënnerstëtzt, a Falls jo, wéi eng Argumentatioun dëse Schratt begleede géif…

mam Shari Pleimelding

Foto: ADR-Presidentm Jean Schoos © Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten adr, Fernand Kartheiser, Jean Schoos, Meenungsfräiheet, Pressefräiheet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel