Search

You may also like

Fir een Europa ouni Grenzen an ouni Passéierschäin
Meenung Neiegkeeten

Fir een Europa ouni Grenzen an ouni Passéierschäin

Saar-Lor-Lux Internationale, eng Vereenegung vu Vertrieder vu sozialdemokrateschen a sozialistesche

Beaufort Knights: Een intensiivt Spill mat déiereschem Besuch!
Meenung Neiegkeeten

Beaufort Knights: Een intensiivt Spill mat déiereschem Besuch!

Mat de Mechelen Golden Sharks haten d’Beaufort Knights sech ee

Chantier op der Opfaart vum Echangeur Stroossen
Meenung Neiegkeeten

Chantier op der Opfaart vum Echangeur Stroossen

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt duerch ee Chantier op der Opfaart

Meenungsfuerscher versichen et mat Kritik (kommentéiert)

Meenungsfuerscher versichen et mat Kritik (kommentéiert)

Et si schwiereg Zäite fir d‘Medien, well et kaum nach Reklamm gëtt, an nëmmen déi gutt Schüler an der Regierung zougewennt Parteiorganer Staatsreklammen an -avisen zougeschoustert kréien. Zudeem steet d‘Reform vum Pressesubventiounsgesetz un, an do eegent sech eppes Gestëppels säitens de friemlänneschen Investoren schonn.

D‘Covid19-Pandemie ass vir villes ze gebrauchen, leider net fir eppes Gutts. Richteg ass, datt déi sougenannten zweet Well der Regierung – mee wuel och dem Vollek – d‘Feierdeeg versaue wäert, woubäi et dofir natierlech ee Schëllege brauch an et kann net mam Fanger op China gewise ginn, dat ass schliisslech ee wichtegen Handelspartner. An an Amerika sinn d‘Wale jo elo och gelaf…

Also muss ee sech eng afale loossen, an dat ass de Bertelsmänner (RTL) a Mediahuis (Luxemburger Wort) an Zesummenaarbecht mat TNS-Ilres, en internationaalt Meenungsfuerschungsinstitut, wou ee sécher ka sinn, ëmmer ze kréie firwat ee bezuelt huet. Dräi auslännesch Konzerner hunn sech zesummegedoen, fir e Sondage ganz am Sënn vun aktueller Stëmmung an de Raum ze stellen.

Wann een da weess zu wéi engem politesche Spektrum zumindest déi genannte Medie gehéieren, an net sollt musse betount, ginn, datt d‘TNS-Ilres – déi dëse Sondage explizitt net op der eegener Säit verëffentlecht huet, esou d‘Äntwert op déi telefonesch Nofro – seng Sondagen ëmmer no de Wënsch vum Client auszeriichte versteet, dierf een déi elo presentéiert Zuele scho relativiséieren.

Et awer och richteg datt d‘ALIA (Lëtzebuerger onofhängeg Autoritéit vum Audiovisuel) sech nees bereetwëlleg derzou hierginn huet, fir d‘Methodologie ze erklären. Woubäi si dat och mussen. De Sondage ass via Telefon an Internet (MyPanel) bei engem Echantillon vun 1.036 „Wieler“ erfollegt. Dat gëllt bei eis als representativ. Sondéiert gouf tëscht dem 03. Oktober an dem 22. November.

D‘Politiséierung vum Gemittszoustand

Esou ee Sondage geschitt awer net aus Zoufall a wa Medienhaiser déi vum Ausland kontrolléiert ginn esou eppes an Optrag ginn, dann huet säi gudde Grond. D‘Oppositioun ass am Begrëff den Drock op d‘Regierung ze erhéijen an déi ass den Ament och éischter „reaktiv“ wéi „proaktiv“ wat nees zu politesche Verwerfungen am Land féiert. Et kéint een esouguer vu Spaltung schwätzen.

Interessant ass allerdéngs d‘Feststellung, datt no der Duerchsicht vun den ugebuedenen Zuelen, nëmmen nach 24% vun de Wieler (249/1.036) mat der Aarbecht vun der Regierung voll zefridde Sinn. Dat waren am Etat de Kris nach 51%. An wann an Abrëll 7% vun de Leit mat der Regierung onzefridde waren, esou sollen et der elo 35% sinn. Zweedrëttel wieren also nach averstanen.

Laut dësem Sondage halen 9% vun der Wieler déi neiste Mesuren (am modifizéierte Gesetz mat der Spärstonn) fir iwwerdriwwen, 46% sinn der Usiicht se wiere genee Richteg an fir 41% vun de Sondéierte ginn d‘Moossnamen net wäit genuch. Dat kléngt net no engem Vertrauensverloscht, zumindest net an deem Sënn wéi dat vun dëse Medienhaiser presentéiert gëtt. An elo?

Ma elo kann ee bal behaapten, dat de Schoss no hanne lassgaangen ass. Akzeptéiert een an dësem Kontext, datt 1.036 Befrote Leit „representativ“ sinn, muss een zum Schluss kommen, datt et net d‘Oppositioun ass, déi vun der Pandemie profitéiert. D‘DP (38%) an d‘LSAP (39%) kommen do gutt ewech, déi gréng (22%) zollen hire Skandaler Tribut an d‘CSV(19%) gewënnt kee Präis.

Net d‘Buedemhaftung verléieren

Wann et sécher vill Grënn huet fir déi vun der Regierung getraffe Mesuren, wéi och déi den Ament bedriwwe Politik ze kritiséieren, esou wier et Feeler unzehuelen, déi géif net alles maache wat an hirer Muecht steet, fir esouwuel d‘Gesondheet vun de Mënschen am Land ze schützen, wéi och der Wirtschaft iwwerall do ze hëllefen, wou et grad néideg ass. Et ass keng einfach Aufgab dat ganzt.

An natierlech ginn do och Feeler gemaach. Engersäits gëtt schlecht kommunizéiert an anersäits ass d‘Gesetz – zumindest an Deeler – onverständlech. An de Lëtzebuerger ass ee Mënsch wéi all aneren och, et fält him wesentlech méi liicht ze maulen, wéi ze luewen. Och dat muss ee bei Betruechtung vum Sondage am Hannerkapp behalen. Et kéint ee vergiessen, datt een et selwer am Grapp huet…

Et sollt ee weiderhin dovunner ausgoen, dat esouwuel de Xavier Bettel wéi d‘Paulette Lenert och an der nächster Regierung nach emol eng Roll iwwerhuele wëllen, firwat si ee groussen Interêt hunn, Schued vum Land ofzewennen. Mee och si kënnen et net jidderengem gerecht maachen an dat alles ännert jo bal deeglech. Natierlech si Ukënnegunge wéi „d‘Stonn vun der Wourecht“ do keng Hëllef.

Sondage hin oder hir, den erhofften Effet ass ausbliwwen. Et léisst sech d‘Situatioun jo och net mat enger Ëmfro léisen, och net wann een der méi befrot hätt. Fir den Ament heescht d‘Aaschbaken zesummepëtzen, d‘Reegele respektéieren a mat aneren an Nout solidaresch ze sinn. E Sondage zu „wéi kann ech hëllefen“ wier eng Optioun gewiescht, besser wéi d‘Leit muedebëtzeg ze maachen.

Illustratioun: © Celpax / unsplash

Related topics Bertelsmann, Kristallkugel, Luxemburger Wort, Mediahuis, Politik, RTL, Sondage, TNS-Ilres
Next post Previous post