Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Idles um Siren’s Call 2019
jaebum dating 2017 almost dating

dating advice british guy

Den 29. Juni 2019 fënnt déi 3. Editioun vum Siren’s

https://moien.lu/dating-site-headshots/
jaebum dating 2017 almost dating

Ouni Dialog wäert et zum Sträit kommen

An a ronderëm de Park Hotel Alvisse zu Dummeldeng ass

OGBL: Onbaarmhäerzeg mam Patronat an der Regierung
jaebum dating 2017 almost dating

OGBL: Onbaarmhäerzeg mam Patronat an der Regierung

Et war geselleg um grousse Gewerkschaftsmeeting zu Péiteng, wou den

SC Beetebuerg op en Neits kloer de Meeschter um Terrain

Fir den SC Ell war et keen einfachen Optrëtt um Terrain vum Landesmeeschter

SC Beetebuerg op en Neits kloer de Meeschter um Terrain

Iert mir op den Detail vum Match aginn, musse mir drop hiweisen, datt den SC Beetebuerg, dee verletzungsbedéngt schonn eppes méi laang op seng Spillerinnen d‘Kate Marin, d‘Justine Oswald an d‘Kimberley Dos Santos muss verzichten, och gëschter dräi vun de Stammspillerinnen (Anouchka Besch, Sara Witry an Lena Krier) net opstelle konnt.

Déi éischt Halbzeit hat „stiermesch“ ugefaangen, schonn an der drëtter Minutt konnt d‘Senada Ceman (31) vun engem mësslongene Befreiungsschlag säitens der Defense vum SC Ell profitéieren an zum 1:0 erasetzen. Do hätt een da scho kënnen unhuelen, datt dat „schwéierst“ gemaach war, mee et sollt anescht kommen. D‘Damme vun Ell haten sech en taktesche Schema (4-1-4-1) ginn, wou d‘Linnen enk gehale goufen, an esou déi Beetebuergerinne keng „Plaz“ fonnt hunn sech tëscht de Linnen opzestellen.

Terrain

© Luigi De Stephanis/moien.lu

Et gouf wuel an der 17. Minutt nach eng ganz grouss Goalchance fir Beetebuerg. Hei hat sech d‘Goalkeeperin Catherine Keipes (1) bei der Receptioun „verdoen“ an de Ball geréit zréck an d‘Spill wou d‘Kate Thill (20) de Ball unhuele kann an op d‘Lucia Ruiz (14) dat 2 Meter virum eidele Goal seng Chance net verwäerte konnt, an de Ball iwwert d‘Lat setzt.

Géint Enn vun der éischter Halbzeit ass et den Damme vu Beetebuerg endlech gelongen déi enk opgestallte Linnen ze duerchbriechen. Den zweete Goal kann d‘Kate Thill aus 16 Meter an der 39 Minutt fir seng Ekipp verbuchen, an et sollt och an der 45. Minutt nach emol rabbelen. Eng schaarf Pass vum Lea Pizzimenti (8), dat och de Wee duerch déi géigneresch Linne fonnt huet, op d‘Stessy Musselek (17) ass dankend ugeholl an am géignereschen Netz ënnerbruecht ginn.

No der Paus

An der zweeter Halbzeit, den Trainer vum SC Ell hat näischt un der Opstellung verännert, hunn d‘Damme vum SC Beetebuerg hiert Spill méi iwwert d‘Säite lafe gelooss, wat dann och zu enger ganzer Rei Goalchance bäigedroen huet. D‘Damme vum SC Ell hunn sech awer net goe gelooss an sech och zuweile richteg an d‘Spill abruecht. Esou an der 53. Minutt, wou se op e Corner zu enger Goalchance komm sinn, leider ass de Ball vum Lydia Da Silva (17) op d‘Lat gaangen.

Terrain

© Luigi De Stephanis/moien.lu

Kuerz virun der 69. Minutt huet den Trainer vum SC Beetebuerg d‘Melissa Teixeira (77) op den Terrain geschéckt. Du kënnt zu engem Corner fir déi Beetebuerger, an d‘Melissa huet dëse vum Fändels-Eck direkt – also ouni Ëmwee – am Goal vum SC Ell ënnerbruecht. Eng Aktioun déi esouwuel d‘Spillerinnen um Terrain wéi dem Public op der Tribün, de Mond opstoe gelooss huet.

Déi konstant Dominatioun vu Beetebuerg ass dann zu gudder Lescht duerch de 5:0 no Eelefmeter vum Kate Thill nach emol ënnerstrach ginn. Eng verdéngte Victoire nom 4. Spilldag. Si behalen esou zesumme mat den Damme vum RFCUL (Racing Lëtzebuerg) d‘Spëtzt vun der Tabell voll am Grëff. De Racing kann sech – den Ament nach – duerch eng besser Goaldifferenz nach virun de Beetebuergerinnen halen. Ob deem nom 6. Spilldag beim Spëtzematch och nach esou ass?

Stëmmen zum Spill:

Fir den SC Ell huet eis nom Spill d‘Jill De Bruyn (13) Ried an Äntwert gestanen. „Den éischte Goal esou fréi ze kasséieren huet scho wéi gedoen, an dat obwuel mir ganz kompakt um Terrain opgestallt waren. Mir konnten net un eis gutt Leeschtunge géint d‘Entente Itzeg-Cebra an de Progrès Nidderkuer uknäppen, woubäi mir hei sécherlech och eppes ze vill Respekt virum Géigner haten“.

Terrain

© Luigi De Stephanis/moien.lu

Op Beetebuerger Säit war et d‘Stessy Musselek (17) dat sech zum Spill geäussert huet. „Eist Resultat geet esou an d‘Rei. Et dierf een awer betounen, datt den SC Ell sech ganz gutt opgestallt hat, a mir zolidd domatter beschäftegt waren d‘Lächer an de Linnen ze fannen. Si hunn eis reell ageschlof“.

Opstellung vun den Equippen.

SC Ell: 1 Catherine Keipes, 6 Mara Boly, 3 Liane Freymann, 14 Myriam Jacobs, 7 Soria Sassel, 20 Lisa Kneip, 17 Lydia da Silva, 8 Vania Marisa Nogueira, 15 Aline Kuffer, 13 Jill De Bruyn. Reserven: 12 Coralie Navelet, 9 Andreia Faria Dos Santos, 10 Marylène Weis. Trainer: Paul Wilwerding.

SC Beetebuerg: 22 Sheila Hoja, 88 Amenis Correia, 18 Marie-Amelie Albrand, 9 Sadine Correia, 29 Tamara „Tammy“ Aniset, 31 Senada Ceman, 8 Lea Pizzimenti, 14 Lucia Ruiz, 17 Stessy Musselek, 10 Hanna Thill, 20 Kate Thill. Reserven: 1 Lena Krier, 13 Lea Crusel, 7 Marta Pires Da Silva, 77 Melissa Teixeira, 23 Nancy Serrano. Trainer: Daniel Nunes.

Foto: Gëschter war och den „Dag vum Arbitter“ an dat ass eng gutt Geleeënheet fir drun ze erënneren, datt et ouni Arbitrage kee Spill ka ginn. Sidd och dir sportlech motivéiert, an wëllt an ärem Sport eng Hand mat upaken? Da mellt iech. © Luigi De Stephanis/moien.lu

Ähnlech Sujeten Dammefussball, SC Beetebuerg, SC Ell
Nächsten Artikel Virrechten Artikel