Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Barcelona gedenkt sengen Affer
Kultur Stories

Barcelona gedenkt sengen Affer

D‘Autoritéiten hate gehofft um Méindeg d‘Identitéit vun de Membere vu

Extrem Keelt: Den US-President mécht Witzer iwwer de Klimawandel
Kultur Stories

Extrem Keelt: Den US-President mécht Witzer iwwer de Klimawandel

De staarke Mann aus dem Wäissen Haus huet Talenter déi

En Tëschestopp am Vatikan virum „Ratelach” Bréissel
Kultur Stories

En Tëschestopp am Vatikan virum „Ratelach” Bréissel

Um Mëttwoch huet den amerikanesche President de populäre Poopst François

Du wëlls méi Bicher liesen? Mat eisen Tipps geet dat ganz einfach!

Du wëlls méi Bicher liesen? Mat eisen Tipps geet dat ganz einfach!

Wien denkt sech net ëmmer erëm: Ech misst vill méi Liesen! Da leeft ee schnell an eng Librairie oder Bibliothéik a grabscht sech gläich e ganze Koup Bicher. A villäicht packt een et nach mat voller Energie dat éischt gelies ze kréien, mee no kuerzer Zäit ass erëm Schluss. Dobäi ginn et e puer ganz einfach Weeër, wéi een seng Freed um Liese laang erhale kann.

D’Reegelméissegkeet ass wichteg, net d’Säitenzuel!

An engem Dag 200 Säiten ze liesen ass zwar eng Leeschtung, mee dat motivéiert nach laang net, den Dag drop d’Buch erëm op ze schloen. Do ass et besser, einfach nëmmen reegelméisseg ze liesen. Sech all Dag Zäit ze huelen, do wou een et kann, an sech net vun der blousser Säitenzuel ënner Drock setzen ze loossen.

Notz all Geleeënheet

Du hëls all Dag den ëffentlechen Transport? Du hues deng Mëttespaus fir dech? Dat sinn déi perfekt Geleeënheeten, fir e Buch ze liesen! Jiddereen huet esou kleng Momenter am Dag, déi e konstruktiv notze kann.

Kenn däi Goût…

Du kenns däi literaresche Goût am beschten. Dowéinst ass et wichteg, der beim Choix vun engem Buch déi néideg Zäit ze loossen an dat ze fannen, wat dech am meeschten interesséiert. Dat suergt vir ganz vill Motivatioun, déi s de eventuell brauchs, fir iwwerhaapt doduerch ze kommen.

… mee fäert net, eppes Neies auszeprobéieren!

Et kann net schueden, och emol vum eegenen Teller erof ze kucken an eppes Neies auszeprobéieren. Nëmmen esou kann een säi Gout wierklech ausbauen. En Plus hëlleft et immens, Ofwiesslung an dat ganzt mat eran ze bréngen.

Sief realistesch

Et mécht kee Sënn, sech virzehuelen am Joer 50 Bicher ze liesen, wann een d’Joer virdrunn der nëmme 5 gepackt huet. Schrëttweis Steigerunge bréngen dech do éischter un däin ultimatiivt Zil a verhënneren, dass du dech ze vill stress beim Liesen. A wann ee Stress huet, dann huet ee keng Freed drun!

Probéier et mat enger App!

Plattformen ewéi Goodreads oder Lovelybooks kënnen eng grouss Hëllef sinn. Net nëmmen erlaben se der et, dech mat Kollegen a Kontakt ze setzen an esou ze gesinn, wat an dengem Ëmkrees gelies gëtt. Nee, si ginn der och Liessuggestiounen a Goodreads huet och eng Reading Challenge-Funktioun. Hei kann een festleeën, wéi vill Bicher ee gäre liese wëll an et kann een aginn, wéi wäit ee schonn ass. Dat ka Wonner bréngen, wann een déi néideg Motivatioun braucht.

Dat richtegt Buch fir déi richteg Situatioun

Du brauchs keen Hardcover-Wälzer mat op d’Aarbecht ze schleefen! Déi léiss de besser doheem, fir se Owes am Bett ze liesen. Mi schmuel Bicher am Paperback, dat ass perfekt fir se fir ënnerwee dobäi ze hunn.

E flotte Bicherschaf wierkt Wonner

Et ass doheem net anescht, wéi an de Librairien oder Bibliothéiken: En uerdentlech geraumten a proppere Bicherschaf motivéiert dech schonn direkt, vir méi ze liesen. E puer Bicher, déi an engem verstëbsten Eck leien dogéint scho manner.

Lies mat Kollegen

Eleng liesen ass eng Saach. Mee an engem Zierkel liese kann een nach méi motivéieren! Et gi reegelméisseg Liesgruppen bei der Landesakademie ugebueden. Kuck der un, wat gelies gëtt, an da kanns de roueg matmaachen. An da ginn et nach Gruppen op Facebook, wou ee bestëmmt déi eng oder aner Persoun fënnt, déi sech och fir e Buch interesséiert.

Däi Buch nervt? Dann hal op!

Et muss een och de Courage hunn, Nee zu engem Buch ze soen. Wann engem e Buch wierklech net geet, egal aus wéi engem Grond, soll een dozou stoen, an et einfach ewech leeën. Net all Buch ass fir jiddereen, egal wéi vill Kritiker et héich luewen.

Eng Bibliothéikskaart wierkt Wonner!

Bicher kënnen deier ginn. Eng gutt Berodung ass net ëmmer bäi Hand. Eeler Bicher si schnell vergraff. Géint all dës Problemer an nach méi huet déi nächst Bibliothéik eng Léisung! Sech unzemelle kascht näischt an och soss ass de Service gratis. Kléngt ze schéi fir Wouer ze sinn? Ass et awer net!

Ähnlech Sujeten Bibliothéiken, Bildung, Kultur, Liesen, Literatur
Nächsten Artikel Virrechten Artikel