Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vill Froen am Stater Gemengerot
Neiegkeeten

Vill Froen am Stater Gemengerot

D‘Sëtzung vum Stater Gemengerot huet sech an groussen Zich emol

Matenaner Schwätzen: Eng éischt Analys vun der Sproocheronn
Neiegkeeten

Matenaner Schwätzen: Eng éischt Analys vun der Sproocheronn

En Dënschdeg hunn de Educatiounsminister Claude Meisch (DP), an de

Jemen: eng Senatrice erhieft schwéier Virwërf géint den US-Ausseminister
Neiegkeeten

Jemen: eng Senatrice erhieft schwéier Virwërf géint den US-Ausseminister

En Donneschdeg huet eng demokratesch Senatrice den US-Ausseminister, Mike Pompeo,

Méi Congé a Fräizäit fir d‘Bierger a Biergerinnen

Méi Congé a Fräizäit fir d‘Bierger a Biergerinnen

E Mount nom Untrëtt vun de neier Regierung, schaaft d‘Dräierkoalitioun gläich Fakten, an kënnt esou enger Kärfuerderung vun der LSAP no, déi an hirem Wahlprogramm eng Erhéijung vun de gesetzleche Congésdeeg an d‘Aféierung vum Europadag als gesetzleche Feierdag gefuerdert hat.

De Regierungsrot huet um Freidegmueren déi dozougehéierend Gesetzvirlage guttgeheescht, esou datt déi elo op den Instanzewee kënne goen.

„D‘Regierung huet virgeluecht an hir Aarbecht gemaach. Elo ass et um Legislateur de Projet esou séier wéi méiglech ëmzesetzen, esou datt d‘Bierger a Biergerinnen, nach an dësem Joer vun dëser reeller Aarbechtszäitverkierzung profitéiere kënnen a méi Fräizäit hunn“, ënnersträicht den Aarbechtsminister Dan Kersch.

Och den LSAP-President, Claude Haagen, begréisst dat séiert handele vun der Regierung a betount de Symbolcharakter vum zousätzleche Feierdag am Hibléck op déi kommend Europawahlen. „Lëtzebuerg ass Virreider an der EU a wäert dat éischt Land sinn, dat den Europadag um 9. Mee als nationale Feierdag aféiert“.

D‘LSAP huet sech mat hirer Fuerderung duerchgesat, an domatter emol méi hier proeuropäesche Profil ënner Beweis gestallt, esou de Claude Haagen, deen dervunner ausgeet, datt dës Biergerfrëndlech Moossnam eng Signalwierkung an aneren EU-Länner wäert hunn.

Matgedeelt vun der LSAP, aus dem däitschen Iwwersat vum Laure Schlesser

Ähnlech Sujeten Claude Haagen, Congé, Dan Kersch, Europadag, Feierdeg, Koalitioun, LSAP
Nächsten Artikel Virrechten Artikel