Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eenzelhandel: Den LCGB fuerdert en attraktive legale Kader fir d‘Salariéeën
Neiegkeeten

Eenzelhandel: Den LCGB fuerdert en attraktive legale Kader fir d‘Salariéeën

De 4. Mee ass eng Enquête ugelaf, déi zum Zweck

money
Washington zitt am Handelskrich e neie Register
Neiegkeeten

Washington zitt am Handelskrich e neie Register

Washington huet en neien „Doudesstouss“ géint Peking ausgefouert a verëffentlecht

moneysurprise
Cargolux: De Grondstee fir dat neit Haaptquartéier ass geluecht
Neiegkeeten

Cargolux: De Grondstee fir dat neit Haaptquartéier ass geluecht

Et ass eng vun de gréisste Frachtfluchgesellschaften op der Welt

Mir kréien nees méi Fräiheeten zougestanen

De Premierminister traut de Bierger Vernonft a Verantwortung zou, datt sollt ee begréissen

Mir kréien nees méi Fräiheeten zougestanen

Gëschter huet sech de Regierungsrot mat de leschten Erkenntnisser a Fortschrëtter am Kontext vum Deconfinement beschäftegt. D‘Kris, ausgeléist duerch d‘Covid19-Pandemie ass wuel alle wéi nach net eriwwer, mee d‘Leit sollen nees méi Fräiheeten zougestane kréien. Am Kloertext bedeit dat, datt den Etat de Kris bäigeluecht ass, an ee vu Verflichtungen zu Recommandatiounen iwwergeet.

Um Dënschdeg hat et an der Aktualitéitsstonn eppes verbalen Tumult am héijen Haus wéinst dem Delai zur Reouverture vun de Spillplaze ginn, an och soss war d‘Oppositioun wäit net méi esou Konsensbereet, wéi sech dat vun der Regierung dierft gewënscht gi sinn. De 24. Juni ass den Etat de Kris dann offiziell eriwwer, mee d‘Auer zréckdréine gëtt net méi. Elo muss no vir gekuckt ginn.

D‘Reouverture vun de Spillplazen, esou wéi se vun den Oppositiounsparteie gefuerdert gouf, ass dann och amtlech, mee et gëtt villes méi, datt der Bevëlkerung nees sollt zu eppes besserer Laun verhëllefen. D‘Versammlungsrecht ass net erweidert ginn, d‘Gastronomie dierf och nees gréisser Gruppe bei sech ophuelen dierfen an och d‘Sportsaktivitéiten (ouni Kontakt) sinn nees zoulässeg.

Alles geet awer nach net

Wann elo och de Premier an d‘Regierung weess, datt et villen ënnert de Neel brennt nees op ee Concert, e Festival oder eng soss gréisse kulturell Veranstaltung ze goen, esou muss hien an dësem prezise Fall nach eppes Gedold vun de Bierger ofverlaangen. Méi wéi 20 Leit op engem Koup, dat geet nëmmen an der frëscher Loft an natierlech och nëmme mam gebierenden Ofstand.

D‘Zuelen an déi dorausser ofgeleeten Erkenntnisser sinn awer ganz zefriddestellend, a wa mir eis alleguerte weiderhin esou virbildlech géife verhalen, kéint een de Rhythmus bäibehalen. Dat geet ville wuel net séier genuch, mee vun hirer Linn wëll d‘Regierung net ofkommen. D‘Chamber kritt nees méi Pouvoir, wat bedeit, datt d‘Regierung elo net méi d‘Initiativen eleng ergräife wäert.

Wat den Tracing ubelaangt, esou bleift d‘Regierung mam Premier standhaft. Eng App bleift esou och weiderhin (éischter) ausgeschloss. De Xavier Bettel huet dozou gemengt, datt hei jiddereen seng eegen Zopp kacht an hien den Interêt net erkennt. Zudeem hunn déi däitsch hir nach net, an déi franséisch kann den Ament och kee „Succès“ virleeën. Dat war nieft de Spillplazen déi bescht Info.

Illustratioun: © Amber Faust / unsplash


Weideres vun der Stad Lëtzebuerg:

Ähnlech Sujeten Deconfinement, Fräiheet, Regierungsrot, Spillplazen, Tracing-App
Nächsten Artikel Virrechten Artikel