Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ungarn verweigert sech dem UN-Migratiounspakt
Neiegkeeten Sport

Ungarn verweigert sech dem UN-Migratiounspakt

Ungarn ass géint den UN-Migratiounspakt, deen am Dezember a Marokko

Madrid bereet sech op d’ Iwwernam vu Katalounien vir
Neiegkeeten Sport

Madrid bereet sech op d’ Iwwernam vu Katalounien vir

Op dësem Samschdeg soll déi spuenesch Regierung erkläre wéi se

surprise
Grousse „Kino“ virum Landwirtschaftsministère fir de Verbuet vum Glyphosat
Neiegkeeten Sport

Grousse „Kino“ virum Landwirtschaftsministère fir de Verbuet vum Glyphosat

Well se sech zu Bréissel um 27. an 28. November

Méi Geld an Infrastrukture fir de Sport

Méi Geld an Infrastrukture fir de Sport

De 15. Januar hat de Sportsminister Dan Kersch (LSAP) eng éischt Entrevue mam olympeschen a sportleche Comité vu Lëtzebuerg (COSL) am Haus vum Sport. De COSL, ass dee Verband vum deem behaapt gëtt, hie géif all d‘Sportfederatiounen, oder Federatioune mat sportlechem Charakter, olympesch oder net-olympesch, vertrieden.

Am häerze vun de Gespréicher: den ambitiéise Regierungsprogramm op sportlechem Niveau, deen all deenen ënnerschiddleche Facette vum Lëtzebuerger Sport-Mouvement Rechnung droe wëll. De Programm gesäit dann och zousätzlech Finanzmëttel vir, déi dem Sport an dem Sport-Mouvement virbehale sinn.

E Fait dee vum COSL begréisst ginn ass – esou laang wéi et Verbänn a Mouvementer si wou si d‘Hand driwwer halen – well hei op eng laang Fuerderung vum ausféierende Sport-Organ vu Lëtzebuerg geäntwert gëtt. De COSL an de Minister hunn e Konsens fonnt, mat deem séchergestallt gëtt, datt d‘Ressource fir kloer definéiert Objektiver agesat, an spéider evaluéiert ginn.

Aner Sujeten déi debattéiert goufen, waren d‘Kompetitiounen an den Héichleeschtungssport, mat der Aféierung vum „High Performance Training & Recovery Center“ an der Coque (jo d‘Zukunft schwätzt eendeiteg alles ausser lëtzebuergesch N.v.d.R.). Dat ganz natierlech am Hibléck op déi olympesch Spiller vun Tokio 2020, an der Stäerkung vun de Sportinfrastrukturen.

Hei sinn an éischter Linn déi vum COSL gemengt, dann déi vun de Federatiounen, a vläicht och Infrastrukturen déi onbedéngt gebraucht ginn. Et ass och rieds gaangen ëm de Benevolat am Sport, dem Fonctionnement vum Service Sport-Gesondheet an de Kampf géint den Dopping, wou Lëtzebuerg mam Secteur vun de Gesondheetstechnologie eng Virreiderroll kéint anhuelen.

Béid Parteien, de Sportminister Dan Kersch, an de COSL hu vereenbart eng konstruktiv Zesummenaarbecht ze verfollegen, déi am Interessi an zu Gonschte vum Lëtzebuerger Sport-Mouvement sollt gemaach ginn.

mam SIP

Foto: (v.l.n.r.) Laurent Deville; Lynn Spielmann; Michel Knepper; Marie-Paule Hoffmann; Coryse Simon; Dan Kersch, Sportminister; André Hoffmann, président du COSL; Rob Thillens; Dan Dax; Heinz Thews © MSP

Ähnlech Sujeten COSL, Dan Kersch, Sport, Sportminister, Sportministère
Nächsten Artikel Virrechten Artikel