Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Sudanese fuerderen eng Zivilregierung
Neiegkeeten

Sudanese fuerderen eng Zivilregierung

D‘Sudanese waren es dem Omar al-Bashir midd an hu méintelaang

Stecker gezunn: D’Atomzentral Fessenheim geet lues a lues vum Netz
Neiegkeeten

Stecker gezunn: D’Atomzentral Fessenheim geet lues a lues vum Netz

An der Nuecht vum 21. op den 22. Februar ass

Frankräich: No Messerattack ermëttelt Anti-Terror Staatsanwaltschaft
Neiegkeeten

Frankräich: No Messerattack ermëttelt Anti-Terror Staatsanwaltschaft

Zu Romans-sur-Isère, bei Lyon (Frankräich, Departement Drôme) ass et Samschdeg

Brauch Lëtzebuerg méi Gemengefusiounen?

Brauch Lëtzebuerg méi Gemengefusiounen?

Wann et dem Inneminister Dan Kersch (LSAP) nogeet: Jo! Esou kéint ënnert der zukünfteger Regierung, d‘Zuel vun de Gemengen ënnert 100 falen. De Minister hat, fir de Wee virzebereeden, de ganze Juli iwwer, d‘Gemengepappen a -mammen vun de Gemenge mat manner wéi 3.000 Awunner a säi Ministère agelueden, a si Gefrot, wat se da vun dëser Iddi halen.

Déi lescht Gemengen déi fusionéiert hunn: Habscht, Helperknapp, Rouspert-Mompech a Wolz. Do virdru waren et Dierfer aus de Gemenge vum Iernz-Dall, Esch-Sauer, Housen, Klierf, Schengen a Käerjeng, déi sech zesummegedoen hunn. Nëmmen zwee Fusiounsprojeten (Fëschbech, Noumer a Fiels; Käerch a Siweburen) waren duerch e Referendum vun den Awunner verhënnert ginn.

Am Juli huet den Inneminister nees déi concernéiert Gemengen zou sech geruff. Si sollten hir Siicht zu de Fusiounsprojete virleeën. Vun den 51 Gemengen déi ugeschwat goufen, hunn der emol direkt 12 dëse „Gedanken“ kategoresch verworf. Anerer wëllen sech engem Gespréich net verwieren, och wann een nach net vun der Begrënnung iwwerzeegt ass. Néng Gemenge kënnen sech et virstellen.

Widderstand am Kanon Réiden

Bei dëse Gemengen handelt et sech ëm: Bech a Manternach; Bouss a Waldbriedemes; Groussbus a Wal; Ettelbréck, Schieren an Ierpeldeng. Sollt et hei zu der ugestriefter Fusioun kommen, dann huet Lëtzebuerg deemnächst manner wéi honnert Gemengen.

Interessant ass d‘Feststellung, datt de gréisste Widderstand aus dem Kanton Réiden kënnt. Zéi zéng Gemengen aus dem Kanton beruffen sech op eng gutt Zesummenaarbecht, a gesi kee Grond, firwat se sech sollte mat enger Gemeng aus engem anere Kanton zesummendoen. Am Osten dofir en anert Bild. D‘Gemeng Duelem géif eng Fusioun mat Munneref begréissen.

Den Inneminister bleift trotz allem no de Gespréicher mat de Gemengevertrieder zouversiichtlech. Hie betount dann och, datt een net wëlles hätt iergendeen zu eppes ze zwéngen, op dat hie keng Loscht huet. Den Dan Kersch stellt allerdéngs och fest, datt mat de ganzen Ufuerderungen déi op d‘Gemengen zoukommen, eng Fusioun e gutt Instrument ass, fir sech deenen ze stellen.

Um Beispill vun den interkommunale Syndikater, misst et jo ersiichtlech sinn, datt een zesumme méi op d‘Bee gestallt kritt wéi eleng. Dat betrëfft esouwuel d‘Beschäftegung vu „Spezialisten“, wéi d‘Schafe vu kommunale Servicer oder der Bewältegung vum administrativen Opwand.

Wéi eng Awänn hunn d‘Gemengen déi net wëllen?

Vill Buergermeeschter hunn als Argument ugefouert, datt ee bei de Gemengewahlen, vum „Majorz“ zum „Proporz“ System wiessele géif. Dat géif zu Politiséierung vun de ländleche Gemenge féieren. En anert Argument: d‘Zesummeleeë vu Gemengen aus ënnerschiddleche Wahlbezierker, oder d‘Opsplécke vu bestoende Gemenge fir neier ze schafen. De Minister huet dofir Versteesdemech.

Woubäi hie drop hiweist, datt aus juristescher Siicht alles méiglech ass, an de Ministère all Gemeng déi gewëllt ass ze fusionéieren, ënnerstëtzt. Eng an éischter Linn finanziell Hëllef: esou sollen déi Gemenge mat manner wéi 2.000 Awunner eng Aart „Subsid“ an héicht vun 2.000 Euro pro Awunner erhalen. Gemenge mat iwwer 2.000 Awunner, kréien nach 1.000 Euro pro Awunner.

Den Inneminister géif dës „Hëllef“ gären ëm d‘Hallschent erhéijen, mee dat muss elo déi nächst Regierung duerch- an ëmgesat kréien. Hëllef soll et och op administrativem Niveau ginn. Esou beispillsweis fir d‘Ausschaffe vu Gesetzprojeten a Konventiounen am Zesummenhang mat der ugestriefter Fusioun. Déi betraffe Mandatsdréier sollen och méi „politesche Congé“ erhalen.

mam Laure Schlesser

Ähnlech Sujeten Dan Kersch, Gemengefusiounen, Inneministère, Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel