Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Raiffeisen innovéiert mat der Kreatioun vun engem consultative Comité
Neiegkeeten

Raiffeisen innovéiert mat der Kreatioun vun engem consultative Comité

Wéi de Generalsekretär vun der Kooperativ „Bank Raiffeisen“ am Communiqué

inondations.lu: Gutt informéiert ass besser wéi bis zum Nuebel am Waasser ze stoen
Neiegkeeten

inondations.lu: Gutt informéiert ass besser wéi bis zum Nuebel am Waasser ze stoen

Et fält aktuell villes vum Himmel an et ass net

75 Joer Retour vun den Tambower Jongen
Neiegkeeten

75 Joer Retour vun den Tambower Jongen

Wéi Dir wësst, setzt sech d’Amicale des Anciens de Tambow fir d’Net-Vergiessen

Gemengefinanzen: Méi ginn ouni engem eppes ewech ze huelen

Gemengefinanzen: Méi ginn ouni engem eppes ewech ze huelen

Endlech eng Reform, déi zu gudder Läscht och dank enger Etüd an dem Ausschaffe vum sozioekonomeschen Index, hir Friichten dréit. An dat spierbar, elo, direkt. Den Impakt vum sozioekonomeschen Index op d‘Reform vun de Gemengefinanzen ass iwwersiichtlech a verständlech.

Bei der Virstellung vun den Zuelen, déi um sozioekonomeschen Index berouen, konnt den Inneminister Dan Kersch (LSAP), dann och dat ersiichtlech erklären. De groussen Divergenze bei der Belaaschtung vun de Gemengefinanzen ass hei, ouni datt engem e Nodeel entsteet, zolidd entgéint gewierkt ginn.

Fir dësen Index ze erstellen, dee sech ëmmerhin direkt op den FDGC (de globale Fong vun de Gemengendotatiounen) auswierkt, waren ugangs siwe Kritäre festgeluecht ginn. Fënnef dovunner si schlussendlech zeréckbehale ginn. De Montant den sech aus dem Index fir 2017 ergëtt sinn 159 Milliounen Euro.

Eng Reform déi fir Gläichgewiicht suergt

De Minister hält dann och fest, datt nodeems d‘Gemengereform an der Chamber gestëmmt ginn ass, sech bestätegt huet wat sech virgeholl gi war. D‘Ziler sinn erreecht ginn. Déi gesamt Zomm déi de Gemenge mam FDGC zougestane gëtt, läit fir 2017 bei 1,714 Milliarden Euro.

Déi gesamt Zomm déi de Gemenge mam FDGC zougestane gëtt, läit fir 2017 bei 1,714 Milliarden Euro.

Dozou kommen dann nach déi vun de Gemengen erhuewe Steieren an héicht vun 116 Milliounen Euro. Zousätzlech komme mat den 159 Milliounen Euro aus dem Index, bal zwou Milliarde fir d‘Gemengen zesummen.

Sënn an Zweck vun deem ganze Gerechens ass eng besser Verdeelung vum Geld. Breet Schëllere kënnen ebe méi droen an d‘Zuele beleeën dat androcksvoll. Huet dat duerchschnëttlecht Akommes pro Awunner virun der Reform bei 2.742 Euro geleeën, esou läit deen no der Reform bei 2.902 Euro.

De niddregste Wäert op Gemengeniveau war virun der Reform op 1.857 Euro festgeluecht ginn. Elo klëmmt deen op 2.415 Euro. Den Depassement vum nationale Mëttelwäert ass esou vu 47,7% op 20,1% gefall. Dat ass wuel nach ëmmer vill, mee schonn ee ganz grousse Schratt an déi richteg Richtung.

Investitiounen am Sozialberäich gestäerkt

Mam Hiwäis datt d‘Stad Lëtzebuerg opgrond senger Particularitéiten ausgeholl ginn ass, konnt tëscht de véier Circonscriptiounen e gewëssent Gläichgewiicht hiergestallt ginn. Dat obwuel de Norden nach ëmmer am meeschten zougestane muss ginn.

Erfreelech fir de Minister, d‘Feststellung, datt mat den ajustéierten Zuele vun 2017 erwisen ass, alles richteg gemaach ze hunn. Dat trotz den Zweiwel, déi bei ville Bierger bestanen hunn. Et wier dann och falsch wëllen ze behaapten, datt zéng Gemenge besonnesch vum sozioekonomeschen Index profitéieren an aner Gemengen eppes géife verléieren.

Déi Gemenge kënnen a mussen dann awer och hirer Verantwortung gerecht ginn.

Déi Gemenge kënnen a mussen dann awer och hirer Verantwortung gerecht ginn. Méi Suen an der Keess erlaben et de Gemengen, an wichteg Strukturen, wéi sozial Wunnengen, Crèchen a Schoulen ze investéieren. Woubäi jo och nach déi spezifesch Subsiden zum droe kommen.

Beim soziale Wunnengsbau beispillsweis, steet de Gemengen eng Hëllef bis zu 75% vun de Gesamtkäschten an Aussiicht. Investitiounen déi virun der Reform net konnte gemaach ginn, well den initialen Apport net zur Verfügung stoung.

Politesch Verantwortung

Den Dan Kersch stellt awer kloer, datt et nach ëmmer de Gemengen iwwerlooss ass mam Geld gutt ze wirtschaften. Déi Verantwortlech mussen hir Politik de Besoinen upassen. Woubäi dat zousätzlecht Geld eng ausgläichend Dynamik erméiglecht.

Heirauser muss ee sech dann awer bewosst ginn, datt d‘Subside-Politik esou gestalt muss ginn, datt och déi eppes méi Aarm Gemengen se kënnen notzen. Ee Prinzip deen och bei aner Strukture soll Uwennung fannen. E Sujet also dee sécher nach muss verdéift an och oppen diskutéiert soll ginn.

Fir de Minister ass et do wichteg drop hinzeweisen, dat de Gesamtbudget vun de Subsiden hei muss erhale bleiwen. Deen dierf net erofgesat ginn.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Dan Kersch, Gemengefinanzen, Gemengen, Lëtzeburg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel