Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – De Gagarin an de Grousse Bier, zesummen am Himmel!
Money Neiegkeeten

What the Fakt – De Gagarin an de Grousse Bier, zesummen am Himmel!

Haut schéngt wuel den Dag vum Weltall, senge Galaxien an

Opgepasst: D’Eechenprozessiounsspinner sinn ënnerwee!
Money Neiegkeeten

Opgepasst: D’Eechenprozessiounsspinner sinn ënnerwee!

Den Eechenprozessiounsspinner (Thaumetopoea processionea) breet sech säit e puer Joer

Tierkesche President omnipräsent bei Commemoratioun vum 15. Juli
Money Neiegkeeten

Tierkesche President omnipräsent bei Commemoratioun vum 15. Juli

Vill Tierken haten um Samschdeg déi gutt – oder manner

money

OGBL: „Wann eng Mindestlounerhéijung elo net dran ass, wéini dann?“

OGBL: „Wann eng Mindestlounerhéijung elo net dran ass, wéini dann?“

Um Dënschdeg huet de nationale Comité vum OGBL éischt Fortschrëtter vu senger am November gestarte Campagne: „Méi Kafkraaft elo!“ bekannt ginn. Eng Campagne déi ënnert dësem Slogan eng ganz Rëtsch u Fuerderunge stellt, esou net manner wéi eng Mindestlounerhéijung vun 10%.

An den OGBL-President war dann och verhältnesméisseg gutt gelaunt, well een an dësem Dossier Fortschrëtter gesäit. Laut dem André Roelgen wier esouguer den Aarbechtsminister Nicolas Schmit op enger Linn mat de Fuerderunge vun der Gewerkschaft. Also bal, well d‘Erhéijung vum Mindestloun gesäit den Aarbechtsminister nëmmen an Etappen.

Doriwwer schéngt den OGBL dann och bereet „mat sech schwätzen ze loossen“ wann dann um Enn déi gefuerdert 10% an der Paitut ukommen. Mee de President ass awer och op déi ënnerschiddlech Positioune vun de politesche Parteien agaangen. A wann de „Patron“ vum OGBL op Parteien ageet, da vir unzefänken, d‘CSV.

Realistesch bleiwen

An do huet den André Roelgen mam Claude Wiseler e Géigner, deen d‘Usiichte vun der Gewerkschaft esou net deelt. Fir den CSV-Spëtzekandidat ass eng Mindestlounerhéijung aktuell net „realistesch“. Wéi de Politiker dat elo begrënnt entzitt sech eis, mee ugesicht den héije Loyeren an och soss ëmmer méi Käschten déi de Bierger operluecht ginn, wier e méi héije Mindestloun net vu Muttwëll.

Den OGBL-President stellt dem Claude Wiseler also d‘Fro: „Wann eng Mindestlounerhéijung elo net dran ass, wéini dann?“ an hien Äntwert sech dann och selwer: „Et ass elo oder ni!“. „Ni“ dat wier genau déi Virstellung déi sech d‘Patronat vun dëser Fuerderung mécht. Och oder vläicht grad, well d‘CSV awer bereet ass eng Gesetzespropositioun auszeschaffen, behält ee bei der Gewerkschaft d‘Féiss um Buedem.

D‘Regierungsparteie wéineg begeeschtert

Mee och ugeholl den LCGB géif d‘CSV zu engem Alenke beweegt kréien. Hir Fuerderung huet – ofgesi vum Patronat – och an der Regierung wéineg Zousproch. Hei ass virun allem d‘DP déi mat déi Gréng op der Brems stinn. De Mindestloun ass „liberale“ Politiker da wahrscheinlech ze liberal an hire Wieler ass esou e Gedanke souwisou friem.

Als Grond, firwat een da géint eng Mindestlounerhéijung wier, gëtt ugefouert, datt wann de Mindestloun klëmmt, da klëmmt och de Chômage, esou de Credo vun der Demokratescher Partei. Déi Gréng fannen, datt de Mindestloun héich genuch ass, bestinn elo awer net drop duerzeleeën, datt si sech hei un de Paie vun hire Wieler orientéieren.

D‘Fuerderungen si berechtegt

Well de Problem awer ganz eendeiteg net déi betrëfft, déi souwisou méi wéi de Mindestloun an hirer Paitut fannen, sinn d‘Positioune vun der DP an déi Gréng fir den OGBL eng Opfuerderung ze streiden. An den André Roelgen erënnert drun, datt d‘Fuerderungen sech un d‘déierescht vun de Liewenskäschten orientéieren, an ee bereet wier dofir „aktiv“ ze ginn.

Nieft dësem Haaptsujet, huet sech den nationale Comité och der sozioekonomescher Lag an Europa ugeholl. Hei sinn natierlech Parallellen zu der nationaler Situatioun gemaach ginn. Esou ass da ganz däitlech mam Fanger op déi sozial Ongläichheete gewise ginn. Dem OGBL ass dann nach, quasi niewebäi, de Virworf gemaach ginn, a verschiddenen „Dossieren de Präis an d‘Luucht ze dreiwen“. Wéi dat zu Esch ukomm ass, dierft ee kuerzfristeg gewuer ginn.

Ähnlech Sujeten CSV, déi gréng, DP, LCGB, Mindestloun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel