Search

You may also like

Wahlen am Kasachstan: …net dat et ee géif interesséieren
Neiegkeeten

Wahlen am Kasachstan: …net dat et ee géif interesséieren

Bei der Presidentewahl am Kasachstan sinn d‘Iwwerraschungen erwaardungsgeméiss ausbliwwen. De

Den US-President huet seng Stëmm ofginn
Neiegkeeten

Den US-President huet seng Stëmm ofginn

Milliounen Amerikaner hunn et schonn hannert sech bruecht, an hir

Good Charlotte 2019 – Lëtzebuerg rockt mam Benji a Joel Madden!
Neiegkeeten

Good Charlotte 2019 – Lëtzebuerg rockt mam Benji a Joel Madden!

Vergaangene Freideg war et un der US-amerikanescher Pop-Punk Band Good

Et gëtt nees méi Leit déi no enger Schaff sichen

De Chômagetaux ass bannent engem Joer ëm 1,8% an d‘Luucht gaangen

Et gëtt nees méi Leit déi no enger Schaff sichen

E Mëttwoch huet d‘ADEM déi neisten Zuelen zur Beschäftegung zu Lëtzebuerg virgeluecht. Aus deene geet ervir, datt zum 31. Oktober 15.036 Residenten „disponibel“ waren. Dat géinteniwwer dem Virjoer eng Hausse vun 1,8% oder an Zuelen: 263 Persounen.

De korrigéierte (saisonal Variatiounen) Chômagetaux esou wéi e vun der STATEC ausgerechent ginn ass, läit elo bei 5,3%. Dat entsprécht dem gläichen Niveau wéi am September. Op d‘Joer gerechent bleift also d‘Situatioun onverännert a stabil. Interessant dogéint, datt sech bei den Demandeuren aus dem Ausland déi bei der ADEM ageschriwwe sinn, eppes „gedoen“ huet. Déi sinn zum 31. Oktober nach just zu 2.378 gewiescht, wat géintiwwer 2018 eng Baisse vun 8,5% ass.

Zum 31. Oktober hunn dann och 4.320 Persounen an enger Moossnam „gestach“, dat wieren dann 39 (+0,9%) Leit méi zur gläicher Zäit 2018. Et sinn dann och méi Fraen (7.881) wéi Männer (7.155) op der ADEM ageschriwwen, och wa bei dësen eng Baisse vun 2,4% op ee Joer kann notéiert ginn. Déi „eeler“ ab 45 Joer stellen déi gréisste Fraktioun vun den Demandeuren (6.418), woubäi och hei eng Baisse vun 0,9% ze notéieren ass. An der Klass 30 bis 44 Joer, ass et eng Hausse vun 5,7%.

Bei de „Jonken“ ënner 30 Joer ginn et och méi Demandeuren (+0,5%). Datt et trotz enger grousser Nofro fir dës Leit wéineg Offere gëtt, huet am grousse Ganze mat de gefuerderte Qualifikatiounen ze dinn, mee net nëmmen. Zu Lëtzebuerg waren zum 31. Oktober 468.490 Mënschen an Aarbecht, wat eng Hausse vun der Beschäftegung vun 3,3% duerstellt. Et gëtt och méi Residenten déi eng Schaff hunn: si wieren elo zu hirer 273.207 (+2,4%). Also u sech kee Grond beonrouegt ze sinn…

Foto: Lars Nissen / Pixabay

Related topics ADEM, Beschäftegung, Beschäftegungsmoossnamen, Chômage
Next post Previous post