Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
US-Virschrëfte fir Handelsbezéiunge mam Iran
International Neiegkeeten

US-Virschrëfte fir Handelsbezéiunge mam Iran

Um Sonndegowend huet den Donald Trump bestätegt, datt hie keen

money
Op de Loyer vun de Geschäftslokaler an der Stad Lëtzebuerg verzichten!
International Neiegkeeten

Op de Loyer vun de Geschäftslokaler an der Stad Lëtzebuerg verzichten!

An dëser Zäit vun den drastesche Restriktiounen, déi der Pandemie

Ëmstrukturéierung vum RGTR-Reseau: Gëtt elo alles besser?
International Neiegkeeten

Ëmstrukturéierung vum RGTR-Reseau: Gëtt elo alles besser?

Haut de Mueren huet de Verkéiersminister François Bausch, a Presenz

Bréissel wëll méi Natur a manner Chimie

Bréissel wëll méi Natur a manner Chimie

Vum Feld op den Teller“ esou geet de Slogan vun den Experte vun der EU-Kommissioun, déi esouwuel d‘Landwirtschaft wéi d‘Liewensmëttelindustrie nohalteg méi ëmwelt- a klimafrëndlech gestalte wëll. Et geet hinnen dobäi och ëm den Aarteschutz.

 

Fir den hollänneschen EU-Kommissiounsvizepresident Frans Timmermans sinn d‘Grondsätz vun „Vum Feld op den Teller“ an der Biodiversitéit-Strategie wesentlech Piliere vum europäesche Plang fir den Neistart. Et ass ee wichtege Beitrag fir eis Gesondheet an Wuelfillen, a si schafe Chance fir den Handel an d‘Investisseuren, firwat se wichtege Beitrag fir déi wirtschaftlech Relance bidden.

D‘Dokument, datt offiziell „Biodiversity an Farm to Fork Strategies“ genannt gouf, ëmfaasst 19 Säiten. Dat zentraalt Thema: d‘Ëmstellung op eng ëmweltfrëndlech Liewensmëttelproduktioun. Dat heescht, datt den Asaz vu Pestiziden, Antibiotiken an Nitrater muss zolidd reduzéiert ginn. Dat elo awer net iwwer Nuecht. 50% manner Pestiziden a Medikamenter, -20%Konschtdünger bis 2030…

NaturE weidere Punkt ass d‘Verschwendung, respektiv d‘Vernichtung vu Liewensmëttel, mee och dee ganze Knascht deen duerch d‘Emballagen entsteet, sinn déi nei rout Dicher vun der Kommissioun. Fir deem ze begéine muss de „mëndege Konsument“ méi a virun allem kloer Informatioune kréien, heescht et säitens der Gesondheetskommissärin Stella Kyriakides, a si weess wéi dat goe kann.

Si ass deemno der Usiicht, datt nach ee Logo, dës Kéier awer ee verbindlechen, dem Konsument et méi einfach maache soll „gesond a ekologesch onbedenklech Produiten an hiren nutritionelle Wäert op ee Bléck erkennen ze kënnen. Heibäi hu sech d‘Experten op de franséische „Nutriscoregestäipt dee scho vun eise belschen Noperen an de Spuenier (op fräiwëlleger Basis) agefouert ginn ass.

Natur

Géif et der EU-Kommissioun nogoen, da misst dëse Logo spéitstens an zwee Joer verflichtend sinn, woubäi hei och d‘Hierkonft vum jeeweilege Produit muss ersiichtlech sinn. Wéi d‘Industrie dëse Virstouss gesäit ass gewosst, an hei dierfte ganz Arméie vu Lobbyisten op d‘Kommissioun an d‘EU-Parlament lassgelooss ginn. Zudeem huet de „mëndege“ Konsument längst de Choix.

Besser dogéint d‘Zilsetzung beim Aarteschutz. Duerch de massiven Asaz vu Pestizide sinn an de leschte Joerzéngten, besonnesch déi bestäubend Insekten, wéi beispillsweis Beien, geschiedegt ginn an de Verbuet/Aschränkung vun 2018, Mëttel anzesetzen déi Neonicotinoiden enthalen huet nach net den erhofften Erfolleg bruecht. Hei wieren eenheetlech Dispositiounen net vu Muttwëll.

An den nächsten 10 Joer soll d‘Fläch vun den Naturschutzgebidder op 30% verduebelt ginn. 25% vun de Feldfläche solle bis 2030 „biologesch“ bewirtschaft ginn. Zudeem sollen am nächste Joerzéngt dräi Milliarde Beem geplanzt ginn. Den Ëmweltkommissär Virginijus Sinkevicius betount, datt eng intakt Natur esouwuel fir de Mënsch wéi fir d‘Wirtschaft ee grousse Gewënn sinn.

NaturDat kann een awer net ouni Geld maachen, an dës gëtt es vill dës ambitiéis Strategie gebraucht. Et wieren eng 20 Milliarden Euro pro Joer noutwenneg, fir déi gesaten Ziler ze erreechen. Geld dat vun der EU-Kommissioun, de Memberlänner an natierlech och der Privatwirtschaft muss op den Dësch geluecht ginn. Dat bréngt eis nees bei d‘Arméie vu Lobbyisten, déi dat verhënnere wëllen.

An déi mächteg Bauereverbänn, wéi och vill konservativ Politiker – Däitschland leescht hei nees Pionéieraarbecht – hu schonn éischt Niwwelkäerzen an de Raum geworf. Esou den Norbert Lins (EPP) President vum EU-Agrarausschuss, deen déi nei Agrarsubventioun-Reegelen erfollegräich Torpedéiert huet. Als Chef-Lobbyist vun der Agrarindustrie wäert hien dëse Projet net stëtzen.

mat indymedia/bru

Illustratioun: © Jed Owen / unsplash

Ähnlech Sujeten Agrar-Lobby, Agrarpolitik, Bauereverbänn, EU-Kommissioun, Farm to Fork, Green Deal
Nächsten Artikel Virrechten Artikel