Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Post verschécke per Pony Express?
Neiegkeeten

What the Fakt – Post verschécke per Pony Express?

D’Iddi vum Pony-Express huet eraus gestach duerch Schnellegkeet an eng

Ass eng Katastroph wéi zu Genua och zu Lëtzebuerg méiglech?
Neiegkeeten

Ass eng Katastroph wéi zu Genua och zu Lëtzebuerg méiglech?

No der Katastroph vu Genua, wou de Viaduc Morandi, gebaut

Holy Hell! Architects an der Luxexpo The Box
Neiegkeeten

Holy Hell! Architects an der Luxexpo The Box

Gëschter Owend ass de Kierchbierg vu schwaarz gekleete Gestalte besicht

Méi Park & Ride a Busser?

Der Regierung hiert Engagement fir eng besser Mobilitéit

Méi Park & Ride a Busser?

Wann zu Lëtzebuerg vu Mobilitéit rieds ass, stinn deene meeschte wahrscheinlech d‘Hoer zu Bierg. An och a Regierungskreesser ass engem de Problem net onbekannt, firwat et zanter Joren eng ganz Rei Initiative gëtt an nach wäert ginn.

Et ass zudeem e generelle Problem, an net eleng eis frankophon Aarbechtskollegen si betraff. Esou huet den CSV-Deputéierte Léon Gloden, beim Verkéiersminister François Bausch nogefrot, wou een aktuell drun ass, a wéi d‘Situatioun evoluéiert. De Chaos op eise Stroossen betrëfft zudeem längst net méi nëmmen déi sougenannten „Spëtzestonnen“, firwat och déi flexibelst Aarbechtszäit, net méi déi erhoffte Verbesserung vun der Liewensqualitéit mat sech bréngt, déi versprach war.

Parkplaze mat Bus-Ubannung

De François Bausch huet a senger Äntwert un den Deputéierten drop higewisen, datt eng ganz Rëtsch u Mesure um lafe sinn. Esou beispillsweis géif d‘Stroossebauamt (Pont & Chaussées) aktuell um Soumissiounsdossier fir den Ausbau vum P&R „Mesenich“ schaffen. De Projet dee beim Grenziwwergang Waasserbëlleg ugesidelt ass, soll an zwou Phase realiséiert ginn.

An der éischter Phas soll e Parking mat 737 Plazen ugeluecht, zwee Kreesverkéier ageriicht an e Busarrêt opgeriicht ginn. Dëse läit um CR141B a kann iwwert eng Foussgängerbréck direkt vum P&R erreecht ginn. An der zweeter Phas soll e Parkingsgebai mat 990 Plazen op fënnef Stäck gebaut ginn. Dës Infrastruktur géif den aktuell bestoende Parking ersetzen. Dat ass eng Annonce.

Wat de Süde vum Land betrëfft, esou huet de Minister nach erkläert, datt am Kontext vum Ausbau vun der A3 – déi vun zwou op dräi Spuere soll ausgebaut ginn – iwwerpréift gëtt, a wéi engem Mooss et méiglech wier, e P&R op der Héicht vum Echangeur „Diddeleng-Zentrum“ anzeriichten. Hei sollen zudeem d‘Busser „Prioritéiten“ erhalen. Fir d‘Detailer muss ee sech nach gedëllegen…

Illustratioun: Thilo Becker / Pixabay

Ähnlech Sujeten Ëffentlechen Transport, François Bausch, Léon Gloden, Mobilitéit, Park & Ride
Nächsten Artikel Virrechten Artikel