Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘CGFP erfreet iwwert d‘Aféierung vun den Zäitspuerkonten am ëffentlechen Déngscht
Neiegkeeten Sport

D‘CGFP erfreet iwwert d‘Aféierung vun den Zäitspuerkonten am ëffentlechen Déngscht

Fënnef Deeg an der Woch bis zur Pensioun a Vollzäit

Teenager, Elteren a Confinement – De Retour vu Spillowenter
Neiegkeeten Sport

Teenager, Elteren a Confinement – De Retour vu Spillowenter

Wien huet dann en Teenager doheem? Jugendlecher, op der schmueler

Viru 50 Joer: De Krich vu sechs Deeg
Neiegkeeten Sport

Viru 50 Joer: De Krich vu sechs Deeg

No engem Joerzéngt vu relativem Fridden am Noen-Osten huet et

Méi Plaz fir déi douce Mobilitéit wärend dem Deconfinement

Méi Plaz fir déi douce Mobilitéit wärend dem Deconfinement

Wärend der Pandemie ass d’Wichtegkeet vun der doucer Mobilitéit nees staark ervir getrueden. Net nëmmen kënnen esou den ëffentlechen Transport an eis Stroossen entlaascht ginn, och d’Loftverschmotzung kann zeréckgoen. Eleng zu Lëtzebuerg wieren, esou d’Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ (LVI), d’Vëlospisten am Mäerz an Abrëll duebel esou vill genotzt ginn, wéi an de Jore virdrun.

Fir de Vëlo besser a méi oft notzen ze kënnen, mussen awer och d’Infrastrukturen ugepasst ginn, sou datt d’Sécherheet vun de Cycliste garantéiert ass an et net zu Konflikter mat Foussgänger kënnt.

An der Stad Lëtzebuerg, sou wéi an den Dierfer proposéiert d’LVI dofir temporär déi systematesch Aféierung vun sougenannte Zones de Rencontre, wou just 20 km/h erlaabt sinn. Esou kënnen d’Foussgänger hiren Ofstand halen, déi ëffentlech Stroosse gi richteg ausgenotzt, an dat ouni de motoriséierte Verkéier komplett auszeschléissen. Dës Moossnam ass beispillsweis schonn zënter Ufank Mee a Bréissel ëmgesat ginn.

U Plazen, wou den Trottoir fir Foussgänger, oder och fir de Mix tëscht Foussgänger a Cyclisten ze schmuel ass fir den néidege Sécherheetsofstand ze halen, gëtt d’Spärung vun de Spuren fir de Stationement, respektiv enger Fuerspur gefrot. Dësen Espace kann dann der doucer Mobilitéit zur Verfügung gestalt ginn.

Dës weidere fuerdert d’LVI, datt wéinstens fir déi aktuell Zäit, wa méiglech awer och doriwwer hannenaus, déi obligatoresch Vëlospisten an der Agglomeratioun fakultativ ginn. Geet d’Plaz op der Vëlospist net duer fir den gefroten Ofstand ze halen, kënnen d’Cyclisten esou op d’Strooss zeréckgräifen.

Zu gudder Lescht ass et wichteg, datt beim Plangen an der Konstruktioun vun neie Projeten Infrastrukture fir Vëlosfuerer aberechent ginn. Dat gëllt beispillsweis fir de Projet vun enger Bréck Cents-Kierchbierg, wat scho säit Joren schleefe gelooss gëtt.

Nieft dëse generelle Recommandatiounen un de Staat an d’Gemengen wëll d’LVI awer och op e puer spezifesch Plazen a Punkten agoen, déi d’Notze vum Vëlo als alldeeglecht Transportmëttel méi einfach gestalte géifen. Déi eenzel Fuerderunge kënnt Dir HEI noliesen.

Opmaacherbild: © Negan Scofield / Unsplash

Ähnlech Sujeten Deconfinement, Douce Mobilitéit, Foussgänger, Fuerderungen, Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ, LVI, Trottoir, Vëlospisten
Nächsten Artikel Virrechten Artikel