Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Fir eng participativ an equitabel „low-carbon“ Gesellschaft
International Neiegkeeten Stories

Fir eng participativ an equitabel „low-carbon“ Gesellschaft

Leschte Mëttwoch hunn d‘Ëmwelt-, Energie- a Klimaminister vum Benelux: Carole

Veianen: Wou Tënt net gläich Tënt awer ëmmer Konscht ass
International Neiegkeeten Stories

Veianen: Wou Tënt net gläich Tënt awer ëmmer Konscht ass

Um Weekend hat zu Veianen an der Larai den 20.

Tierkei: Well vun der Kritik no neie Verhaftungen
International Neiegkeeten Stories

Tierkei: Well vun der Kritik no neie Verhaftungen

Déi tierkesch Autoritéiten hunn e Freideg eng ganz Rei Universitairen

Méi sécher gëtt d‘Welt esou net

Trotz gudde Bezéiungen zu Russland wëllen sech d‘USA aus dem „Open-Skies“ Ofkommes verabschiden

Méi sécher gëtt d‘Welt esou net

D‘Ofkommes „Open-Skies“ ass eigentlech en Accord tëscht der NATO an dem fréiere Warschauer Pakt, bei deem sech op eng géigesäiteg militäresch Loftiwwerwaachung gëeenegt gouf. Elo wëllen sech d‘USA aus dësem Ofkommes zréckzéien, an natierlech sinn d‘Russen nees un allem Schold.

Bei der Pressekonferenz am Gaart vum Wäissen Haus huet den Donald Trump gëschter erkläert, datt sech Moskau net méi géif un dësen Accord halen, firwat sech och d‘USA net méi dorunner gebonne fillen. D‘Bezéiunge mat de Russe wieren awer gutt, an hie ka sech virstellen, datt et hei séier zu engem neien Accord komme kann. Op de Vladimir Putin dat och esou labber hëlt?

sécherWéi och ëmmer… den US-Ausseminister Mike Pompeo huet jiddefalls erkläert, datt Washington um haitege Freideg d‘Vertragspartner, also d‘NATO zu Bréissel an déi zoustänneg Autoritéiten zu Moskau, offiziell iwwert dës Decisioun informéiere wäert. Hien huet net ausgeschloss, datt sollten d‘Russe sech verflichten nees a vollem Ëmfang matzemaachen, een sech et nach emol iwwerleet.

Wat ass dat Open Skies?

Den Accord „Open Skies“ (Oppenen Himmel) gouf 1992 tëscht der NATO an dem Warschauer Pakt geschloss, An dësem gouf sech drop verstännegt, datt déi bedeelegt Natiounen sech géigesäiteg op festgeluechte Routen dierfe „besichen“ an och Bildmaterial dierf erstallt ginn. Et war eigentlech eng vertrauensbildend Moossnam, mat där de Fridde sollt geséchert a Konflikter verhënnert ginn.

sécherSchonn 1955 hat den deemolegen US-President Dwight D. Eisenhower, bei der „Véier Muechte Konferenz“ vu Genève, de Russen esou eng „Iddi“ ënnerbreet. D‘Russe ware sengerzäit awer der Meenung, datt d‘USA dës „Kontroll“ zu enge Spionagezwecker géifen notzen. 1989 huet den US-President George W. Bush am Kontext vun der Konferenz iwwer Sécherheet an Zesummenaarbecht an Euro (KSZE) nees op den Dësch geluecht an 1990 ass mat de Verhandlungen ugefaange ginn.

sécher

© NATO (Archivmaterial)

1992 hu 34 Natiounen – d‘NATO-Länner an d‘Membere vum Warschauer Pakt – dëst Ofkommes ënnerzeechent. Domadder war enge „Iwwerwaachung“ vu Wladiwostok bis Vancouver méiglech. Dës Mesure zur Rëschtungskontroll a Vertrauensbildung a schwierege sécherheetspoliteschen Zäite war e Fortschrëtt. Mee et huet dunn nach emol zéng gedauert bis den Accord a Kraaft getrueden ass.

Wou dréckt de Schong?

Laut dem nationale Sécherheetsberoder vum Donald Trump, Robert O‘Brien, géif Moskau géint den Accord verstoussen. Esou huet Russland d‘Kontrollflich iwwert der russescher Enklav Kaliningrad wéi och dem Grenzofschnëtt tëscht Georgien a Russland begrenzt. Dat wier ee klore Verstouss géint den Accord a géif zudeem d‘Kontroll an engem héich militariséierte Gebitt onméiglech maachen.

sécherZu Moskau ass d‘Noriicht esou ukomm, wéi dat vu Washington och gemënzt war. Woubäi een et virgezunn huet den Toun net un déi nei US-Aussepolitik unzepassen. De Vizeausseminister Alexander Gruschko huet géintiwwer der Agence TASS erkläert, datt dës Decisioun eenzeg derzou bäidréit, d‘Sécherheet an d‘Zesummenaarbecht an Europa ze verschlechteren, an déi eenzeg, déi wierklech d‘Konsequenze vun der US-Entscheedung ze droen hunn, d‘Bündnispartner an Europa sinn.

sécherOch den Direkter vun der Rëschtungskontrollverwaltung am russeschen Ausseministère, Vladimir Jermakow, geet éischter geloosse mat der Annonce aus Washington ëm: „Et ass net déi éischte Kéier, datt d‘Amerikaner eis ënnerstelle géint en Accord verstouss ze hunn. Si hu schonn eng ganz Rëtsch u gudde Verträg ënner falsche Virwänn opgekënnegt. Mat dësem Accord, verhält et sech wéi mam INF-Vertrag, et geet sech aus dem Rëschtungskontrollofkommes zréckzezéien“.

D‘NATO op US-Linn

Zu Bréissel, um Sëtz vun der NATO, gëtt d‘Siicht vum US-President am „Grondsaz“ gedeelt. Scho beim NATO-Sommet 2018 haten d‘Leader vun de Memberlänner hir Suergen am Bezuch op déi selektiv Ëmsetzung – duerch Russland – zum Ausdrock bruecht. An der éischter Reaktioun heescht et: „Mir si besonnesch doriwwer besuergt, datt Russland d‘Flich iwwer bestëmmte Regiounen ageschränkt huet“. Eng Sëtzung vun den NATO-Ambassadeuren ass fir haut terminéiert ginn.

Elo ass et allerdéngs wichteg en „Detail“ opzegräifen, deen an dësem Kontext vu kenger Säit och nëmmen ugeschwat ginn ass. Zanter dem massiven Asaz vun Iwwerwaachungssatellitten (wou jo och Lëtzebuerg sech ëmmer méi engagéiert) ass et éischter obsolet ginn, nach Fliger zur Kontroll iwwer russesch Gebidder ze schécken. Dat wëssen och d‘USA firwat si en Argument brauchen.

sécher

Dem Jean Asselborn (LSAP) säin däitschen Homolog, Heiko Maas (SPD) mécht datt, wat déi däitsch Aussepolitik ëmmer mécht: hie „bedauert“. Den Accord selwer als wichtegt Instrument fir den Erhalt vum Fridden an Europa ze erklären, mee trotzdeem déi nei US-Aussepolitik weider ze ënnerstëtzen, schéngt hei kee Widdersproch duerzestellen.

Laut dem Robert O‘Brien: „D‘Iwwerflich entspriechend dem Accord bidde wäertvoll Informatioune besonnesch fir eis Alliéiert, déi oft net déiselwecht Kontrollméiglechkeete wéi d‘USA hunn“. Ass deem wierklech esou, géif dat zugläich bedeiten, datt d‘Amerikaner hire Partner Informatioune géife virenthalen. Drop ugeschwat, wollten se sech bei der NATO net zu dësem Punkt äusseren.

D‘Demokraten am Kongress hate schonn am Dezember der Trump-Regierung an engem Bréif erkläert, datt eng Denonciatioun vun dësem Accord just de Russen en Avantage bréngt an net der Sécherheet an dem Fridden an Europa entgéint kënnt. Wann d‘Kënnegung vum Accord dann elo sollt offiziell verkënnt ginn, ass de Vertrag bannent sechs Méint ausser Kraaft. Dat heescht datt och déi aner Signataire vum Accord net méi un dëse gebonne sinn. Et ka weider opgerëscht ginn…

Mat indymedia/was/mow/bru

Foto: © NATO (Archivmaterial)

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Europa, Fridden, NATO, Open Skies, Russland, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel