Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Et hält net op: Feier an der ZI Gadderscheier
Neiegkeeten

Et hält net op: Feier an der ZI Gadderscheier

Gëschter Moien um 10:30 Auer ass beim CGDIS ee Feier

Nowhere Brewing – d‘Konscht gudde Béier maachen ze loossen
Neiegkeeten

Nowhere Brewing – d‘Konscht gudde Béier maachen ze loossen

Et gëtt bosseg Geschichten déi nëmmen d‘Liewe schreiwe kann: „viru

Aus der Chamber: Dem enge seng Freed, ass deem anere säi Leed
Neiegkeeten

Aus der Chamber: Dem enge seng Freed, ass deem anere säi Leed

Et war gëschter vill Lass um Krautmaart, woubäi et ëm

Méi sécher Vëlosweeër elo!

D‘Coronavirus-Kris als Chance fir déi aktiv Mobilitéit

Méi sécher Vëlosweeër elo!

Et ass och zu Lëtzebuerg net ze iwwersinn: vill Mënschen hunn an der Zäit vun der Coronavirus-Kris de Vëlo nees nei entdeckt. Seelen huet een esou vill Famillje mat Kanner ënner gesi wéi elo. De Vëlo d‘Méiglechkeet, de Sécherheetsofstand (2 Meter) strikt ze respektéieren, mee net nëmmen.

De Vëlo dréit zur kierperlecher a mentaler Gesondheet an dëse schwieregen Zäite bäi a fërdert déi natierlech Ofwierkräfte géint de Virus. Wat sécherlech bleift, ass déi positiv Erfarung, déi vill nei Notzer vun dësem douce Verkéiersmëttel gemaach hunn.

VëlosweeërDat reduzéiert motoriséiert Verkéiersopkommes huet vill Cyclisten derzou beweegt, op Strecken ze fueren, wou et soss ze geféierlech ass. Leider ass et an de vergaangene Wochen och zu Accidenter tëscht Automobilisten a Cycliste komm, wat nach emol ervirhieft, wéi wichteg d‘Roll vun enger geschützter Vëlosinfrastruktur, och bei geréngem Verkéier ass.

Ob zu Bogota, Berlin, Mailand oder New York – a ville Metropole ronderëm d‘Welt, gëtt de Wäert vum Vëlo als individuellt Verkéiersmëttel wärend an no der Coronavirus-Kris nei erkannt an déi deementspriechend Grondlage fir sécher Vëlosweeër geschafen.

Neie Raum fir déi aktiv Mobilitéit gëtt kuerzfristeg bereetgestallt. Ganz Stroossenofschnëtter oder eenzel Fuer- a Parkspure ginn an dëse Stied fir d‘Vëloe reservéiert an domadder méi sécher gestalt. Déi douce oder aktiv Mobilitéit erhält d‘Prioritéit géintiwwer dem motoriséierte Verkéier,

Vëlosweeër

An der selwer ernannter „Green City“ a „Vëlosstad“ Freiburg gouf et bis de 27. Abrëll keng „Pop-up Bikelanes“. Eng Aktioun vum VCD huet do eppes nogehollef. © Jürgen Baumeister

An zu Lëtzebuerg? Mam der bevirstoender schrëttweiser Reprise wäert och d‘Mobilitéitsbedierfnes nees zouhuelen. Domadder besteet elo d‘Chance, dëst Bedierfnes nei ze organiséieren an ëmzegestalten. De Vëlo als individuellt Verkéiersmëttel verdéngt dobäi eng gréisse Gewiichtung.

Opgrond de Beispiller an anere Stied, fuerdert d‘Vëlos-Initiativ (ProVelo.lu) wärend an no der Coronavirus-Kris zu Lëtzebuerg, datt:

  • geplangt Vëlosverkéiersinfrastrukturen an der aktueller Situatioun prioriséiert ginn;
  • getrennt Vëlosweeër an Trottoire konsequent ausgebaut ginn;
  • kuerzfristeg méi Raum fir Foussgänger a Cyclisten duerch d‘Ariichtung vu sougenannte „Pop-up Bikelanes“ (Fir Cyclisten ëmgestalt Fuerspuren) geschafe gëtt, fir direkt zousätzlech a sécher Vëlo- a Foussgängerweeër ze schafen;
  • d‘Luuchte solle fir déi aktiv Mobilitéit automatesch geschalt ginn, fir de Risk vun der Verbreedung vum Virus iwwert d‘Drécke vun de Luuchteschalter ze vermeiden;
  • d‘Gréngphase fir Foussgänger a Cycliste sollte méi séier erfollegen, fir Usammlunge bei de Luuchten ze ëmgoen;
  • an Zukunft iwwert d‘Méiglechkeet vun engem reegelméissegen nationalen „autofräien Dag“ nozedenken, woubäi d‘Stroossen der aktiver Mobilitéit virbehale bleiwen.

Matgedeelt vun de Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ, fräi aus dem däitschen Iwwersat vum Laure Schlesser

Foto: © Jürgen Baumeister

Ähnlech Sujeten aktiv Mobilitéit, Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ, Pop-up Bikelanes, Vëlosweeër
Nächsten Artikel Virrechten Artikel