Search

You may also like

Keen Huawei 5G-Netzwierk fir Groussbritannien
Neiegkeeten

Keen Huawei 5G-Netzwierk fir Groussbritannien

Wéi de brittesche Medieminister Oliver Dowden et gëschter ëffentlech gemaach

US-President erpresst Mexiko
Neiegkeeten

US-President erpresst Mexiko

De Donald Trump gëtt einfach keng Rou, a schéngt drop

Dem LVI seng Recommandatioune fir d‘Chamberwahlen
Neiegkeeten

Dem LVI seng Recommandatioune fir d‘Chamberwahlen

Am Oktober si Chamberwahlen, an hei huet dann och all

Treffen tëscht Inneministère a SYVICOL: Méi Subside fir Gemengen

Treffen tëscht Inneministère a SYVICOL: Méi Subside fir Gemengen

Gëschter huet sech d’Inneministesch Taina Bofferding mam SYVICOL zesummegesat, fir iwwer déi aktuell Situatioun vum Deconfinement an de Gemengen ze diskutéieren. Heibäi goung et ëm d’Erausfuerderungen, mee och ëm de Fortschrëtt vun de politesche Projeten am Inneministère.

D’Ministesch huet dobäi bestätegt, datt d’Subsiden fir de kollektiven Equipement bei de Gemengen erhéicht ginn. Viru allem a Gemenge, wou déi finanziell Situatioun net esou gutt ausgesäit, soll dës Ënnerstëtzung encouragéieren, och weiderhin an déi essentiell Projeten vun den Infrastrukturen ze investéieren.

„Als Inneministesch hunn ech mir Gedanke gemaach, wéi ech d’Gemengen ënnerstëtze kann. Grad an dësen Zäiten ass et wichteg, datt d’ëffentlech Hand – Staat a Gemenge – zesummen eng antizyklesch Politik maachen, fir esou d’Kris ze iwwerwannen. Duerch gezielte Subside bei Investissementer kënne mir si encouragéieren, geplangte Projeten duerchzezéien, z.B. bei kommunalen Waasserinfrastruktuen oder bei Schoule fir ons Kanner“, ënnersträicht d’Taina Bofferding.

Uschléissend huet si dem SYVICOL en Abléck an de Fortschrëtt vun de Gesetzesprojeten, déi mam Covid-19 zesummenhänken an d’Gemenge betreffen ginn. Och d’Perspektive fir weider Projeten, zu deenen een aktuell d’Aarbechten um Inneministère nees ophëlt, huet d’Ministesch presentéiert.

Opmaacherbild: © J W / Unsplash

Related topics Covid-19, Erausfuerderungen, finanziell Hëllef, Gemengen, Gesetzesprojet, Inneministère, Pandemie, Subsiden, Syvicol, Taina Bofferding
Next post Previous post