Méi wéi 169.000 Europäer ënnerstëtzen de People’s Climate Case

En Dënschdeg hunn déi Lëtzebuergesch Netregierungsorganisatiounen ASTM, Greenpeace, Mouvement Ecologique an natur&ëmwelt zesumme mat Wemove.eu an dem Climate Action Network Europe hir Ënnerstëtzung fir Famillen a Jugendlecher verkënnt. Si wollten déi europäesch Institutioune wéinst onzouräichender Protektioun viru schiedleche Klimaauswierkungen verkloen. Eng entspriechend Petitioun ass de Kläger vum People’s Climate Case iwwergi ginn.

Am Mee 2018 hu Famillen aus Portugal, Däitschland, Frankräich, Italien, Rumänien, Kenia, Fidschi a Membere vum samesche Jugendverband Sáminourra aus Schweden, déi alleguerte schonn un den Auswierkunge vum Klimawandel leiden, Kloe géint d’Europäescht Parlament an de Rot vun der Europäescher Unioun agereecht. Dodra bemängelen si d’Ausgestaltung an de Manktem un Ambitioun vum EU-Klimaziel fir 2030.

D’Kläger empfannen dat momentaant EU-Klimaziel fir 2030, no deem déi inlännesch Dreifhausemissiounen ëm op mannst 40 % géigeniwwer vum Stand vun 1990 senke mussen, am Hibléck op déi tatsächlech Noutwennegkeet vun der Verhënnerung vun engem geféierleche Klimawandel, als onausräichend. D’Reduzéierung geet net duer, fir d’Grondrechter op liewen, Gesondheet, Beruff an Eegentum ze schützen.

Begleet ginn d’Kläger scho vun engem breede Spektrum aus Netregierungsorganisatiounen, Wëssenschaftler a Bierger, déi fest dovun iwwerzeegt sinn, datt d’EU am Hibléck op d’Klimazil 2030 méi éiergäizeg muss sinn.

Fir sech solidaresch ze weisen hunn déi Lëtzebuergesch NGO‘s hinnen zesumme mat Wemove.eu a CAN Europe méi wéi 169.000 Ënnerschrëften iwwerreecht. Dës goufen am Kader vun der Petitioun gesammelt a verdäitlechen, wéi vill Bierger de Fall ënnerstëtzen.

Zur Pressekonferenz zu Lëtzebuerg, déi just fir d’Ënnerschrëfteniwwergab organiséiert gouf, seet d’Vertriederin vun der Lëtzebuerger Netregierungsorganisatioune Martina Holbach: „D’Iwwerschwemmungen, Hëtzt- an Drëcheperioden, déi mir dëst Joer zu Lëtzebuerg erlieft hunn, weisen eis, datt kee vun de schiedleche Klimaauswierkunge sécher ass. Déi Betraffen hunn dës Klo agereecht, fir eng besser Zukunft fir eis all ze garantéieren. Mir sti solidaresch un hirer Säit an hoffen, se all zu Lëtzebuerg ze gesinn – wann de Fall vum Europäesche Geriichtshaff ugehéiert gëtt.

D’Sanna Vannar, Presidentin vum samesche Jugendverband Sáminourra an eng vun de Kläger ergänzen: “Eis Kultur an Zukunft als Samen gëtt duerch de Klimawandel beaflosst. D’Rendéierzuucht, déi mëttlerweil duerch d’Auswierkunge vum Klimawandel gefährt ass, ass ee wichtege Bestanddeel vun eiser Kultur. Wann eise Rendéieren eppes zoustéisst, dann ass eis Kultur bedréit, vun eisen alldeeglechen Aktivitéite bis hin zu all eisen Handwierksaarbechten a Kleeder. Ech maachen, wat all jonke Mënsch a mengem Alter maache muss: Ech ergräife Moossnamen zum Schutz vu menge Rechter, a vun de kënftege Generatiounen!“

Meng Famill lieft säit méi wéi 100 Joer um selwechten Haff. Trotzdeem weess ech net, ob ech an 20 Joer och do liewe kann. Fir mech geet et beim Klimawandel net ëm eng héichrangeg Klimadiplomatie oder Verhandlungen. Et geet ëm meng Zukunft, meng Famill an all d’Mënschen, mat deenen ech dat selwecht Uleies deelen: Mir gesinn eis mat groussen Onsécherheete konfrontéiert“, sou de portugisesche Kläger Alfredo Sendim.

D’Famille ginn duerch d’Ëmweltaffekoten Dr. Roda Verheyen, de Prof. Gerd Winter an Hugo Leith vertrueden. D’Dr. Verheyen seet: „De Klimawandel gëtt momentan scho vun zuelräiche Geriichter an europäesche Länner an och weltwäit behandelt. Déi kloend Famille vertrauen op déi europäesch Geriichter an d’Rechtsuerdnung, fir hir Grondrechter op liewen, Gesondheet, Beruff an Eegentum ze protegéieren, déi vum Klimawandel bedréit sinn.