Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Giel Gileten Akt XXI: Eng schwaach Virstellung
hook up automatic chlorinator

Giel Gileten Akt XXI: Eng schwaach Virstellung

Den 21. Manifestatioun-Samschdeg vum Mouvement „Giel Gileten“ war dee mat

https://moien.lu/cancer-woman-dating-a-libra-man/
hook up automatic chlorinator

https://moien.lu/does-chloe-bennet-dating-logan-paul/

Wie Verstéiss an/oder Verbrieche vun enger Administratioun, oder enger Entreprise

No der Gewalt géint Gaza: d‘UNO veruerteelt Israel
hook up automatic chlorinator

No der Gewalt géint Gaza: d‘UNO veruerteelt Israel

D‘UN-Generalversammlung huet e Mëttwoch e Resolutiounsprojet ugeholl, géint deen sech

Der Méisproochegkeet an dem Lëtzebuergeschen geet et gutt am Groussherzogtum

77% vun de Befroten hunn uginn, Lëtzebuergesch ze schwätzen

Der Méisproochegkeet an dem Lëtzebuergeschen geet et gutt am Groussherzogtum

Et ass kee Geheimnis, datt sech déi aktuell Regierung vill fir d’Lëtzebuergesch Sprooch asetzt. E Gesetz zur Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch soll nach an dëser Legislaturperiod gestëmmt ginn. Mee et wollt een sech Geleeënheet net entgoe loossen,  eng Bestandsopnam ze maachen, fir eraus ze fannen, wéi et ëm d’Sprooch steet. An d’TNS Ilres huet dunn eng representativ Etüd mat 1.053 Befroten duerchgefouert, déi e puer ganz interessant Resultater Opweises huet.

Bei de linguistesche Kompetenzen ginn et Ënnerscheeder, déi sech deels schwéier erkläre loossen. Esou ginn déi Befroten tëscht 16 – 24 Joer souwéi déi vun 25 – 34  Joren un, eng grouss linguistesch Kompetenz am Lëtzebuergeschen ze hunn. Bei der éischter Grupp läit dës bei 94%, bei der zweeter bei 90%. Dës Kompetenze fale bei der Altersgrupp vun 35 -44 op grad emol 67%, vu wou aus se erëm klëmmt, awer net méi d’Wäerter vun de jonker Generatioun erreecht. Erkläert gëtt sech dëst duerch eng manner grouss Distanz zur Schoul an och domat, datt hei nach net sou vill Leit vu baussen erakomm wieren. Tatsächlech wier et en Hiweis, datt de Schoulsystem bei der Lëtzebuerger Sprooch gräift. Wien d’Fro op déi dräi Sprooche vum Land ausdehnt, dee gesäit ganz ähnlech Resultater: Déi mi jonk Gruppen hunn héich Wäerter (92% an 87%), duerno falen se an den 60%-Beräich.

Lëtzebuergesch gëtt weider méi geschwat, wéi geschriwwen

Dëst ass e Kontrast, deen een och beim geschwate a geschriwwene Lëtzebuergesch erëm fënnt. Insgesamt gekuckt, geet et dem geschwat Lëtzebuergesch e Stéck besser: 73% vun de Leit hunn uginn, am deegleche Privatliewen Lëtzebuergesch ze schwätzen. Och wann nëmmen 65% vun de Befroten uginn, et och all Dag am privaten ze schreiwen, esou wier dës Zuel virun 20 Joer, wou et nach kaum SMS gouf a guer keng sozial Netzwierker, absolut ondenkbar gewiescht. Et verwonnert net, datt virun allem bei de Jonken ënnert 35 Joer de Pourcentage immens héich ass (90% bei 16 – 24 Joer, 84% bei den 25 – 34 Järegen).  Duerno falen d’Wäerter an de 50% Beräich. Beim Schwätzen leien d’Undeeler awer ouni Ausnam mi héich.

Am professionellem Beräich gesinn d’Saachen anescht aus. Just nach 68% vun de Leit ginn un, am professionelle Beräich op Lëtzebuergesch zeréck ze gräifen. Dat 5 Prozentpunkte manner, wéi am Privatem. Iwwerraschend gëtt bewäert, datt dat geschriwwent Lëtzebuergesch op 51% hei kënnt, wat zwar en immensen Kontrast zum privatem duerstellt, awer en Hiweis doropper ass, dat dat geschriwwent Lëtzebuergesch u Bedeitung gewënnt.

Wat d’linguistesch Kompetenzen am allgemengen ugeet, gi ganzer 98% vun de Befroten un, Franséisch ze beherrschen. Englesch kënnt op déi zweet Plaz mat 80%, Däitsch op 78% a Lëtzebuergesch op 77%. Eréischt duerno, wäit ofgeschloen, kommen Portugisesch an Italienesch, mat 22% an 19%. Ganzer 73% vun de Leit hunn uginn, véier oder méi Sproochen ze beherrschen.

Dat heescht awer nach laang net, datt et jidderee liicht huet, mat der geliefter Méisproochegkeet. Am schwéiersten hunn et déi, déi kee Lëtzebuergesch beherrschen, si ginn zu 58% un, datt se d’Méisproochegkeet komplizéiert géife fannen. Bei de Franséischsproochegen sinn et der just 26%, bei de Lëtzebuergesch-sproochegen der 18%.

D’Lëtzebuergesch soll gestäerkt ginn, do sinn d’Leit sech eens

Eens ass een sech, datt déi aktuell Diskussioun ronderëm d’Lëtzebuerger Sprooch gerechtfäerdegt ass. Ganzer 59% sinn do ganz der Meenung, 20% éischter der Meenung. Nëmmen 18% sinn net dëser Meenung. D’Bild gesäit liicht anescht aus, wann een d’Lëtzebuerger vun den net-Lëtzebuerger trennt. Déi mat der Lëtzebuerger Nationalitéit mengen zu 84%, datt dës Diskussioun ubruecht wier, vis a vis vun 64% vun deenen, déi net d’Lëtzebuerger Nationalitéit hunn. A ganzer 78% fannen eng Verstäerkung vum Lëtzebuergesche wichteg. Och bei deenen, déi kee Lëtzebuergesch kënnen, sinn der 52% dofir.

Et gouf och d’Fro gestallt, wien dann dës Stäerkung sollt viru bréngen. 88% hunn do d’Schoul genannt an de Minister Claude Meisch (DP) huet gemengt, datt een sech iwwerleeë misst, wéi een d’Lëtzebuergesch an eise Schoule kéint besser abannen.

E krassen Ënnerscheed gëtt et bei der Fro, op d’Lëtzebuergesch och als eng geschriwwe Sprooch begraff gëtt. 63% vun deenen, déi och Lëtzebuergesch kënnen, definéiere Lëtzebuergesch och als geschriwwe Sprooch, déi se reegelméisseg schreiwen. Bei deenen, déi Lëtzebuergesch net kënnen, soen dat nëmmen 33%.

D’Initiativen, déi D’Regierung ergraff huet, gi gréisstendeels positiv opgeholl. 76% vun de befrote Persounen sinn dësen Iddie positiv vis a vis agestallt. Dobäi mécht et kee groussen Ënnerscheed, wéi eng Nationalitéit oder Sproochkompetenzen déi betraffe Persounen hunn. D’Politik gëtt am zweetheefegste genannt mat 74% an d’Bierger eréischt mat 69%.

Ähnlech Sujeten Claude Meisch, Lëtzebuerg, Lëtzebuergesch, Méisproochegkeet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel