Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Frësch, anescht an en Hauch utopesch: si sinn déi lénk
free dating in paris Neiegkeeten wie funktioniert online dating

tanger online dating

Fir gesinn ze ginn, dierf een net zécken nei Weeër

https://moien.lu/meredith-grey-dating-again/
free dating in paris Neiegkeeten wie funktioniert online dating

Zwangspaus fir dat britescht Parlament

Den neie britesche Premierminister Boris Johnson huet sech virgeholl Groussbritannien

Ass d‘Fuerderung vun der DP fir e gratis ëffentlechen Transport en opportunistescht Manöver?
free dating in paris Neiegkeeten wie funktioniert online dating

Ass d‘Fuerderung vun der DP fir e gratis ëffentlechen Transport en opportunistescht Manöver?

Am Wahlprogramm vun der demokratescher Partei (DP) steet geschriwwen: „Fir

surprise

D’Unhänger vum Mélenchon fuerderen de Macron eraus

D’Unhänger vum Mélenchon fuerderen de Macron eraus

De Leader vun der „radikaler“ Lénker, Jean-Luc Mélenchon huet seng Supporter opgeruff dëse Samschdeg op d’Strooss ze goen. Erwaart ginn zu Paräis honnert dausende Manifestanten. D’Partei „La France Insoumise“ ass determinéiert sech un d’Spëtzt vum Kampf géint dem President seng Reform vum Aarbechtsrecht ze setzen.

„D’Schluecht ëm Frankräich huet ugefaangen“, huet de Leader vun der „La France Insoumise“ (LFI) geruff. Hien, deen d’Reform als soziale Putsch denoncéiert, wëll den Emmanuel Macron mat der Bewegung vun de Massen ëmstëmmen. De President huet allerdéngs um Freideg virun de Medien, déi fënnef Texter paraphéiert, déi dat komplext Aarbechtsrecht grondleeënd verännert.

Konsequent duerchgezunn

D’Ordonnance sinn um haidege Samschdeg offiziell verëffentlecht ginn an trieden direkt a Kraaft. Et ass eng eemoleg Reform, déi drop aus ass d’Flexibilitéit vum Aarbechtsmaart ze revolutionéieren. Dat an engem Land wou den Taux vum Chômage bei 9,6% läit. Den Emmanuel Macron ass dann och ganz zefridde mat de Moossnamen déi beschloss goufen. An et war eent vun de grousse Versprieche während senger Campagne.

Mam Text dee verschidden Entloossunge vereinfacht an den Entreprisen erlaabt direkt mat hire Salariéen d’Aarbechtskonditiounen auszehandelen, war iwwert de Summer a laange Gespréicher mat de Gewerkschaften an dem Patronat verhandelt ginn. D’Géigner awer konnten net iwwerzeegt ginn. Déi gesinn nëmmen de groussen Aschnëtt an der Verloscht vun de sozialen Errongenschaften.

Eng Gesellschaft um Préifstand

Mat deem vun der CGT – eng vun de gréisste franséische Gewerkschaften – organiséierte Streik um 12. an 21 September hat sech d’Salariat eng éischte Kéier erhuewen. Mat engem allerdéngs wéineg beandrockende Resultat. De Jean-Luc Mélenchon, dee bei de Presidentiellen op der véierter Plaz mat gudden 20% ofgeschnidden huet, wëll et haut besser maachen.

„Frankräich ass dat leschte Land, dat unhand vun de sozialen Errongenschaften déi nom Krich erkämpft gi sinn, resistéiert“, esou de charismatesche Riedner vu 66 Joer, deen d’Masse während senger Campagne konnt mobiliséieren.

De Champion vun der radikaler Lénker verfüügt iwwert e grousse politesche Fräiraum. E Fait deen sech erkläre léisst: d’Victoire vum Emmanuel Macron huet déi traditionell Parteien zerstéiert. D’Sozialiste sinn nach just de Schied vu sech selwer, déi Konservativ hunn hir Eenheet opgi well der e sëllechen de Macron ënnerstëtzen. De Front National vum Marine Le Pen schéngt och a Schwieregkeeten, dat nodeems d’Nummer Zwee, de Florian Philippot d’Handduch geschmass huet.

Den Ëmgang mat der kritescher Masse

„Fir de Mélenchon geet et drëms sech als Haaptgéigner vum Macron ze positionéieren“, ënnersträicht de Frédéric Sawicki, Professer fir politesch Wëssenschaften op der Sorbonne. Hie weist dann och op d’Muecht hin déi „d’Bild vun engem politesche Leader, ëmgi vun dausende Mënschen op der Plaz vun der Bastille, dat Symbol vun der franséischer Revolutioun vun 1789“ huet.

„Et geet hei dann och drëm eng Demonstratioun vu Stäerkt, déi scho bal physesch ass, ze weisen“, betount d’Clémentine Autain, LFI-Deputéiert. „E Samschdeg kommen d’Massen.., an dat ass nëmmen den Ufank“, esou de Jean-Luc Mélenchon.

Zréckruddere kënnt net a Fro

D’Regierung, mee besonnesch den Emmanuel Macron stellt sech der Erausfuerdung an huet net wëlles nozeginn. „Ech gleewen un d’Demokratie, mee d’Demokratie déi ass net op der Strooss“, esou de President. „Wann ech déi respektéieren déi manifestéieren, da respektéieren ech och de franséische Wieler. Deen huet sech fir de Wiessel an d’Verännerung ausgeschwat“.

Sécher ass, datt déi Demonstratioun vun dësem Samschdeg vun der Regierung ënnert d’Lupp geholl wäert ginn. Doriwwer eraus ass et mat der Onzefriddenheet net gedoen. Den „Opstand“ geet weider, wéi een et unhand vun den annoncéierte Barragen, déi rose Camionschauffere fir e Méindeg virgesinn hunn, ka gesinn.

An dat sinn net déi eenzeg déi gewëllt sinn dem franséische President d’rout Kaart virzehalen. Den 28. September sollen d’Pensionären hir Manif ofhalen, an den 10. Oktober sinn et d’Beamten déi hiren Desaccord op de franséische Stroossen wëllen ënnersträichen.

mam Marie Wolfrom/AFP

Foto: „La France Insoumise“ mat u senger Spëtz e charismatesche Jean-Luc Mélenchon. D’Zuel vun deenen déi sech op dësem Samschdeg op der „Place de la Bastille“ zesummendinn, fir géint d’Reform vum Aarbechtsrecht ze protestéieren, kéint en Indiz sinn, wéi „waarm“ den Hiecht am Frankräich gëtt. (© Bertrand Langlois/AFP)

Ähnlech Sujeten Aarbechtsrecht, Emmanuel Macron, Frankräich, Jean-Luc Mélenchon, Reform
Nächsten Artikel Virrechten Artikel