Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Chamberwahlen: d‘Empfeelung vum Onofhängege Gewerkschaftsbond Lëtzebuerg
Kultur Neiegkeeten

Chamberwahlen: d‘Empfeelung vum Onofhängege Gewerkschaftsbond Lëtzebuerg

Am Virfeld vun de Parlamentswahlen, déi iwwert déi politesch Majoritéitsverhältnisser,

D’Becheler Sänger beim „ Colette a Fernand Wark Revival“
Kultur Neiegkeeten

D’Becheler Sänger beim „ Colette a Fernand Wark Revival“

Et war ee kulturellen Owend zu Mamer am Schlass, deen

Serge Wilmes: Wierklech de richtege Kandidat ? (Lieserbréif)
Kultur Neiegkeeten

Serge Wilmes: Wierklech de richtege Kandidat ? (Lieserbréif)

Ass den Serge Wilmes wierklech déi richteg Persoun fir dem noutwendege Wandel

MELLOW x MAZ mat „Synergie“ – Esou gesäit Provokatioun aus!

MELLOW x MAZ mat „Synergie“ – Esou gesäit Provokatioun aus!

Mam neie Rap-Song „Synergie“ vun de Lëtzebuerger Museker Mellow a Maz hu si de Begrëff an all senge Facette representéiert. D’Interaktioun tëscht zwee oder méi Elementer verstäerkt – laut Definitioun – de groussen Effekt nämlech méi, wéi wann een eleng handelt. D’Symbios vun zwee Sproochekënschtler, de schnellen Tempo an d’Kombinatioun aus rhythmeschen engleschen a Lëtzebuerger Texter soll hei fir e bësse Gestëppels an der Zeen suergen.

Scho säit bal engem Joerzéngt bedéngt sech de Mellow der Musek, fir Suergen a Gedanken ze verschaffen. Grad am Rap kann hie seng Léift zum Schreiwen ausdrécken an esou immens lyresch Texter eraushaen.

Nodeems d’Iddi fir dat neit Lidd „Synergie“ opkomm ass, huet een der Bedeitung vum Begrëff misse gerecht ginn, wouduerch et schnell zur Kooperatioun mam Maz komm ass. Béid Museker kenne sech nach aus der Lycéeszäit, hu sech deemools schonn alle béid kreativ ausgelieft an och geleeëntlech zesumme gerappt.

„Bëssen Gepicks“

Bei „Synergie“ flitt engem eng Zeil no der nächster a Rekordtempo ëm d’Oueren. Wärend een am Ufank den Text nach gutt verfollegen kann, weist de Maz spéitstens bei 1:20, datt hien esou richteg Gas ka ginn. Och de Mellow schléisst sech der rasanter Geschwindegkeet un, beweist domat wat fir eng Konscht de beléifte Sproochgesang ka sinn. Produzéiert gouf d’Wierk iwwregens vu Shirazi Beats, de Mastering huet Erkanes iwwerholl.

De Mellow erkläert, datt de Song inhaltlech fir e bësse Gepicks an der nationaler Rap-Zeen suerge soll. „Et geet engersäits ëm eis Konscht, an datt aner Rapper an eisen Aen net gutt sinn hei zu Lëtzebuerg.“ Gerappt gëtt iwwert d’Kopéiere vun Projeten an Texter, datt et ze oft ëm déi selwecht Theme geet, datt d’Museker an hirem Metier nach méi schlecht sinn“ wéi an der Zeechesprooch“.

Natierlech suergt ee mat esou Aussoen net onbedéngt fir Euphorie. Ma, dat ass och net d’Zil: Et geet ëm Provokatioun, eng Aart Opruff sech ze beweisen. Wäert e Konter kommen?

Synergie

Zënter gëschter Owend ass „Synergie“ eraus, a gëtt begleet vun engem professionelle Video vu CrownCapture, deen duerch d’Nuetsopnamen op enger Kiermes an de ville faarwege flackerende Luuchten de Flow ënnerstëtzt.

No „Napalm“ ass dëst dem Mellow seng zweet Single Auskopplung vun der EP „Pandemonium“, déi de 7. August erauskënnt. Mat dësem Virgeschmaach kann een nëmme gespaant sinn, wat nach kënnt.

De Mellow fannt Dir op Instagram a YouTube. Och beim Maz lount et sech op de soziale Medien (Instagram, Facebook, YouTube) laanscht ze kucken.

Ähnlech Sujeten Gepicks, Kritik, Kyo Sam Collart, Lëtzebuerger Rapper, MAZ, Mellow, Provokatioun, Qualitéit, Rap, Shirazi Beats, Synergie, Vitesse, Youtube
Nächsten Artikel Virrechten Artikel