Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
ArcelorMittal dierf de Standuert Diddeleng u Liberty House oftrieden
Kultur Neiegkeeten

ArcelorMittal dierf de Standuert Diddeleng u Liberty House oftrieden

Nodeems zu Bréissel d‘EU-Kommissioun seng „Enquête“ zum Verkaf vun enger

Vëlosummer 2020: Déi éischt Strecke si bekannt
Kultur Neiegkeeten

Vëlosummer 2020: Déi éischt Strecke si bekannt

Ufank Juni hunn den Transportminister an den Tourismusminister d’Initiative „Vëlosummer

Vill Doudeger a Blesséierter béi Selbstmordattentater am Nigeria
Kultur Neiegkeeten

Vill Doudeger a Blesséierter béi Selbstmordattentater am Nigeria

An engem Flüchtlingslager zu Mandarari am Nordoste vum Nigeria, hunn

Expo MELTING POT – Dem Joël seng Éischt eleng!

Expo MELTING POT – Dem Joël seng Éischt eleng!
© Shari Pleimelding/moien.lu

Fir seng éischt Eenzelausstellung huet de Lëtzebuerger Artist Joël Rollinger de Wee zeréck op Walfer fonnt. Nach bis den 9. Februar 2020 presentéiert hie mat Melting Pot den anonymme Mënsch aus dem Alldag unhand vun senger typescher kanteger Duerstellungsweis, gedeckte Faarwen a verschiddene Supporten.

Eréischt am Joer 2017 war de Joël Rollinger, zesumme mat véier weidere Kënschtler am CAW zu Walfer op Besuch. Alles Kënschtler aus dem Street Art Beräich hunn d’Artiste bei der Expo Error On The Wall hiert ganzt kreatiivt Potential ausliewe kënnen. Kuerz virdru war de Joël der Lëtzebuerger Konschtzeen duerch de Projet mam Wäissen Haus zu Luerenzweiler opgefall. Zënterhir konnt hien ënnert anerem mam Schwaarzen Haus ee Pendant bidden, bei der Fuelbox III säin Deel zu engem risegen artistesche Projet bäidroen oder och viru kuerzem sech bei Mind The Brain op engem vun zéng Gehirer veréiwegen.

War hie bis ewell ëmmer an der Gemeinschaft ënnerwee, esou huet e sech endlech getraut och eleng opzetrieden. D’Resultat vu stonnelaanger Aarbecht kann ee sech wärend décken zwou Wochen ukucken. Um Wee duerch déi verschidden Zëmmere begéint een immensen Installatiounen, hëlzene Skulpturen, der klassescher Toile oder och dem anonymme Mënsch op massive Placken. Verspillt Proportiounen, accentuéiert Konturen a grouss Flächen – alles Elementer, déi de Joël sech als eegene Stil ugëeegent huet – presentéiere sech an de verschiddenste Facetten. Déi breet Palett u Medien soll ee schliisslech ausnotzen.

Eppes nach vir ewech: Den Artist huet och eng kleng Iwwerraschung, mat dozou passendem Video, abruecht. Et heescht also d’Aen opzehalen. D’Expo Melting Pot ass Donneschdes a Freides vu 15:00 bis 19:00 Auer op, Weekends bis 18:00 Auer. Den Entrée ass gratis.

Melting Pot

© Shari Pleimelding/moien.lu

Zum Joël Rollinger

De Joël Rollinger ass 1986 zu Lëtzebuerg gebuer ginn an huet säi Wee zur Konscht schnell fonnt. Nom Ofschloss am Lycée Technique des Arts et Métiers huet hien als éischt emol zu Tréier Architektur, duerno professionell Konscht studéiert. Mat sengem groussen Interessi um Urban Art huet de Joël säi Wee vum traditionelle Graffiti, iwwert Wandbemolung bis hin zu sengem ganz perséinleche Stil fonnt.

Sief et Kartong, Metall, Holz oder direkt eng Mauer, de Lëtzebuerger Kënschtler leet sech net op ee spezifesche Support fest a bréngt soumat eng immens Dynamik an Ofwiesslung a seng Ausstellungen. Momentan huet et hien an de Beräich vun de Figure gezunn, wat een och am CAW bemierke wäert.

Eng Billergalerie zur Expo Melting Pot fannt Dir uewen © Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten Anonymitéit, Ausstellung, CAW, Joël Rollinger, Konscht, Kreativitéit, Melting Pot, Schwaarzt Haus, Wäisst Haus, Walfer
Nächsten Artikel Virrechten Artikel