Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Demokrate setzen US-President ënner Drock
Neiegkeeten

Demokrate setzen US-President ënner Drock

Fir den Donald Trump sinn et ustrengend Zäiten. Fir unzefänke

De Kollektivvertrag fir de Bausecteur (endlech) erneiert
Neiegkeeten

De Kollektivvertrag fir de Bausecteur (endlech) erneiert

Wéi et um Dënschdeg vun de Gewerkschafte LCGB an OGBL

Wäisswampech soll mat Hëllef vu 50 Milliounen Euro zu engem touristesche Magnéit fir d’Grenzgebitt ginn
Neiegkeeten

Wäisswampech soll mat Hëllef vu 50 Milliounen Euro zu engem touristesche Magnéit fir d’Grenzgebitt ginn

Den Tourismus ass ee vun de Secteuren, déi an Zukunft

De richtege Lycée ze fannen ass net einfach, mee dës Plattform hëlleft all Schüler bei der Sich

mengschoul.lu bitt vill verschidde Filteren un

De richtege Lycée ze fannen ass net einfach, mee dës Plattform hëlleft all Schüler bei der Sich

Et gehéiert zu de wichtegsten Entscheedungen vun engem jonke Mënsch. An dach fillt ee sech kaum prett dofir: Et ass ee mat der Ecole fondamentale fäerdeg, an et soll ee sech fir e Lycée decidéieren. Do kommen net nëmmen d’Kanner an d’Schweesse, ma och d’Elteren. Et ass also eng gutt Saach, datt d’Plattform mengschoul.lu engem do d’Saach e gutt Stéck mi einfach mécht.

Op der Plattform fannen se eng interaktiv Kaart a vill Filteren, déi eng Orientéierung méiglech maachen. Well eis Lycéeë bidden eng zimlech divers Offer, an do muss een sech schonn en Iwwerbléck verschafen. “An eisem Edukatiounssystem sinn d’Schoulen um Terrain déi, déi zu der Innovatioun bäidroen. Dëst ass et, wat mir mat dëser Plattform weise wëllen”, erkläert den Educatiounsminister Claude Meisch (DP). Duerch eng Reform kruten d’Schoulen eng gréisse pedagogesch Autonomie, wat hinnen nach méi Méiglechkeete gëtt, fir innovativ ze sinn.

De Verglach vu verschiddene Lycéeë gëtt doduerch immens erliichtert

Och spéider, wann et dorëmmer geet, fir eng Sektioun ze sichen, soll de System hëllefen. Dobäi riicht sech d’Offer net ausschliisslech u Kanner, déi souwisou schonn an eisem System grouss gi sinn. Och Kanner, déi aus dem Ausland an eis Schoule wëllen eriwwer wiesselen, kréien hei d’Liewen e Krack mi einfach gemaach.

Wat d’Filteren ugeet, esou kann een sech och iwwert déi innovativ Projeten vun de verschiddene Lycéeën informéieren. Dobäi ginn et ganz ënnerschiddlech Beräicher: Zum Beispill am Entrepreneuriat, am humanen a sozialen Engagement, Kultur a Musek, Informatik a Kommunikatioun an nach anerer.

All Lycée huet hei en eegene Portrait. Doropper kann een dann d’Domainer vum Lycée recherchéieren, wéi eng Servicer do disponibel sinn a wéi eng extern Partner et ginn. Och d’Charte kann do gelies ginn, Besser nach: Et kann een op ee Bléck déi verschidde Lycéeë matenee vergläichen.

Déi ganz Plattform gëtt ausserdeem nach a verschiddenen Informatiounsveranstaltunge presentéiert:

  • De Samschden, den 2. Juni um 10:00 zu Munneref (Festsall vum Domaine Thermal)
  • De Samschden, den 9. Juni  um 14:00 zu Lëtzebuerg (Centre Culturel Tramschapp)
  • Den Dënschden, den 12. Juni um 18:00 zu Dikrech (Al Seeërei)
  • De Samschden, den 16. Juni um 10:00 zu Esch-Uelzecht (Kulturfabrik)

Mam Service Information et Presse

Ähnlech Sujeten Bildung, Claude Meisch, Educatioun, Lëtzebuerg, mengschoul.lu
Nächsten Artikel Virrechten Artikel