Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Kënne méi Zeechen Twitter op d’Spréng hëllefen?
International Neiegkeeten

Kënne méi Zeechen Twitter op d’Spréng hëllefen?

Twitter huet déi lescht Joer fir vill schlecht Noriichte gesuergt.

Coronavirus: NATO fuerdert Kampfpaus an Afghanistan
International Neiegkeeten

Coronavirus: NATO fuerdert Kampfpaus an Afghanistan

Et géif en dréngende Besoin dës humanitär Kampfpaus ëmzesetzen, esou

Diddeleng am Zeeche vum Patrimoine audiovisuel
International Neiegkeeten

Diddeleng am Zeeche vum Patrimoine audiovisuel

Vill Leit denken bei Patrimoine un de Service des Sites

UNO: De Mënschenhandel a Libyen hëlt zou

UNO: De Mënschenhandel a Libyen hëlt zou

Laut engem Rapport vun UN-Experten, hëlt de Mënschenhandel a Libyen zou. Zudeem géife libesch Kräften d‘Rebelle bei der Kontroll vun de Migratiounsweeër ënnerstëtzen.

Aus dem vertraulechen Dokument, dat de 15 Membere vum UN-Sécherheetsrot iwwerreecht ginn ass, a vun der AFP konnt agesi ginn, geet och ervir, datt den Islamesche Staat (IS) versicht sech mat de Mënschenhändler am Süden zesummenzedoen. E Phänomen deen an de Zesummenhang mat der Verdrängung aus Syrte (450 ëstlech vun Tripoli) am Joer 2016 gestallt gëtt.

„De Mënschenhandel a Libyen hëlt zou, mat grousse Verstéiss géint d‘Mënscherechter“, esou de Resumé vum 157 Säite staarke Rapport. D‘Experte sinn dann och besonnesch besuergt „iwwer déi méiglech Notzung vun Installatiounen a Staatsfongen duerch bewaffent Gruppen a Schmuggler, déi d‘Kontroll iwwert d‘Migratiounsweeër hunn“.

D‘Lous vun de Migranten, deenen hir Zuel sech säit dem Stuerz vum Mouammar Kadhafi (2011) verzéngfacht huet, war notamment 2017 der Ëffentlechkeet bekannt ginn, duerch den Ënnergang vu Schrottbooter am Mëttelmier. Zudeem hat CNN e Reportage iwwert e Sklavemaart a Libyen verëffentlecht.

Déi libesch Autoritéite bedeelegt

Aus dem Rapport ass dann och nach d‘Erkenntnis eraus ze liesen, datt et bestätegt Fäll vu Migrante gëtt, déi vun Agente vun der libescher Autoritéit festgeholl an u Mënscheschmuggler verkaf gi sinn.

Dobäi haten déi libesch Autoritéiten e Service (DCIM) mat 5.000 Beamte geschafe, fir déi illegal Migratioun ze bekämpfen an déi 24 Haftlager ze iwwerwaachen. „Entspriechend internationalen Agencen, huet d‘DCIM keng Kontroll iwwert d‘Haftlager“ betount de Rapport. Am Rapport gëtt dann och e Responsabel vun de libescher Regierung zitéiert deen zougëtt, datt déi bewaffent Gruppen an der Gestioun vun de Migrante besser opgestallt si, wéi d‘Autoritéite vun der Regioun“.

Am Dokument gëtt zudeem bestätegt, datt den Islamesche Staat am Zentrum an am Süde vu Libyen, weider ongehënnert sengen „Aktivitéiten“ nokomme kann. Den dschihadistesche Grupp, deen haaptsächlech aus auslännesche Combattante besteet, huet „Vertrieder“ an de Süde geschéckt, déi „iwwer vill Geld verfüge fir Kontakter ze knäppen“, dat notamment mat de Mënschenhändler.

A Libyen stinn sech nieft ongezielte Milizen och feindlech gesënnten Autoritéite géinteniwwer, déi alleguerten en Usproch op d‘Muecht stellen. Eng vun de Konsequenzen déi den de provozéierten Ënnergang vum Kadhafi-Regimm mat sech bruecht huet. Dorunner war nieft den USA och d‘EU maassgeeblech bedeelegt.

„Eng politesch Léisung a Libyen ass kuerzfristeg auszeschléissen“, esou d‘Meenung vun den Experten. „Déi militäresch Dynamik an déi widderspréchlech regional Agendaen, maachen däitlech, datt et un Engagement fir eng friddlech Léisung feelt“, esou den Experten hir Schlussfolgerung.

mat AFP

Ähnlech Sujeten islamesche Staat, Libyen, Mënschenhandel, UN-Sécherheetsrot
Nächsten Artikel Virrechten Artikel