Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Glécksspill: Alles „Bingo“ oder wéi?
International Neiegkeeten

Glécksspill: Alles „Bingo“ oder wéi?

Mat engem Bréif vun der „Œuvre Grande-Duchesse Charlotte“, deen un

De Gesetzprojet 7049, erkläert
International Neiegkeeten

De Gesetzprojet 7049, erkläert

Gëschter hat den OGB-L eng Demonstratioun géint de Gesetzprojet 7049

Canberra wëll wësse, wéi eng Chômeuren Drogen huelen
International Neiegkeeten

Canberra wëll wësse, wéi eng Chômeuren Drogen huelen

D‘Regierung vun Australien huet dësen Donneschdeg matgedeelt bei de Chômeuren

Wat weit méi: Mënscherechter oder Handelsbezéiungen?

De Lëtzebuerger Ausseminister wëll der tierkescher Regierung béides ofréngen

Wat weit méi: Mënscherechter oder Handelsbezéiungen?

Op Aluedung vum tierkeschen Ausseminister, Mevlüt Cavusoglu, huet sech de Jean Asselborn eng Rees bei de kontestéierten NATO-Partner geleescht. Iwwer zwee Deeg kënnt et zu Ankara zu diversen Entrevuen a Reuniounen. Et bleift ze hoffen, datt eisen Ausseminister genuch Wäitsiicht am Gepäck huet, an sech och iwwert d‘Situatioun vun de Kurden a Syrien erkënnegt.

E Méindeg awer ass den Jean Asselborn (LSAP) awer emol fir unzefänke vu sengem tierkeschen Homolog empfaange ginn. Béid Männer haten eng Aarbechtssëtzung, an uschléissend huet eisen Ausseminister nach eng Entrevue mam President vun der nationaler Assemblée, Binali Yildirim, gehat. Vergiesse mir dann och net d‘Renconter mam Kemal Kilicdaroglu, President vun der republikanescher Vollekspartei (Cumhuriyet Halk Partisi – CHP).

Sënn an Zweck vun dëser éischter Visite an der Tierkei zanter dem versichte Putsch (15. Juli 2016): de Punkt maachen an emol kucke wat et nach mat de bilateraler Bezéiung op sech huet. Et soll och iwwert d‘Relatiounen tëscht der Tierkei an der europäescher Unioun, esou wéi iwwert déi regional Sitautioun geschwat ginn. A wann eng Situatioun net wierklech gutt ass, dann heescht et am Communiqué: „D‘Minister hu verschidde Pisten erfuerscht fir d‘Zesummenaarbecht ze stäerken“.

Am Kloertext heescht dat: de Bezéiungsstatus ass „komplizéiert“. Onverständlech dierft et fir de Bierger vu Lëtzebuerg sinn, firwat een Handelsbezéiungen an e kulturellen „Austausch“ mat enger Natioun ustrieft, déi hir Demokratie ofgeschaaft, ethnesch Säuberungen am eegene Land vollzitt, an domatter dreet d‘Kurden a Syrien, a ganz besonnesch d‘Kurdemiliz YPG – een zouverlässege Partner am Kampf géint den IS – auszeläschen. Quasi e Vëlkermord mat Ukënnegung…

D‘Flexibilitéit vun engem neoliberale Sozialist

Mee de lëtzebuergeschen Ausseminister ass natierlech net an der Tierkei fir iwwer Mënscherechter oder Syrien ze schwätzen. Tëscht der Tierkei a Lëtzebuerg geet et prinzipiell emol ëm Geld. Béid Säiten hu sech dann drop gëeenegt, kuerzfristeg d‘Virbereedungen zur kommender Sëtzung vun der gemëschter Kommissioun am ekonomeschen a wirtschaftleche Beräich (Joint Economic an Trade Commission – JECTO) opzehuelen.

Interessant an dësem Kontext, wéi et ëm d‘Bezéiungen tëscht der EU an der Tierkei gaangen ass huet de Jean Asselborn ënnerstrach „mir erwaarde vun der Tierkei datt si hir Engagementer déi si agaangen ass – als Kandidat zum Bäitrëtt zur europäescher Unioun an als Grënnungsland vum Europarot – och respektéiert“. Op dat elo éischter e „Wonsch“ oder schonn eng „Fuerderung“ ass, war unhand de virleienden Informatiounen net mat Bestëmmtheet ze klären.

Och beim Dossier „Migratioun“ hu béid Parteien de Punkt gemaach. Hei huet de Jean Asselborn der Tierkei seng Unerkennung zur Opnam vun 3,6 Millioune syresche, an 400.000 Flüchtlingen aus anere Géigenden, ausgedréckt. Begréisst ginn ass och déi enk Zesummenaarbecht mat der EU, déi drop ausgeriicht ass, d‘Erdrénke vun de Flüchtlingen, déi iwwert d‘Ägäis-Mier Europa erreeche wëllen, ze verhënneren. Dës „Zesummenaarbecht“ gëtt vu villen ONGe kritesch begleet.

EU-Milliarde fir de Sultan

Wat d‘Flüchtlinge betrëfft, esou huet de Jean Asselborn hei nach emol ënnerstrach, wéi wichteg déi zwou Tranche vun 3 Milliarden Euro sinn, déi d‘EU der Tierkei iwwerweist, fir sécherzestellen, datt d‘Flüchtlingen Zougank zur Bildung a Gesondheetsdéngschter hunn. Fir eng Iddi vum Ausmooss vun dëser Erausfuerderung ze erhalen, gëtt eis erkläert, datt all Joer 60.000 syresch Kanner an der Tierkei op d‘Welt kommen. Kanner deenen hir Zukunft, ugesiichts de Lag a Syrien, ongewëss ass.

De lëtzebuergeschen Ausseminister huet och ausgesot, datt hien sech dem dramateschen Impakt vum versichte Putsch duerchaus bewosst ass, an dat eist Land dës Dot sengerzäit op dat schäerfst veruerteelt hat. Et hätt een allerdéngs och seng Bedenken zum Ausdrock bruecht, wat den Ëmfang vun de Moossnamen ubelaangt, déi Ankara ageleet hat. Esou wier ee besuergt, wéi et zukünfteg mat der Rechtsstaatlechkeet, der Onofhängegkeet vun der Justiz an de Mënscherechter soll weider goen.

Hei huet de Jean Asselborn d‘Inhaftéierung vu Journalisten, Akademiker, Mënscherechtsaktivisten, an anere Vertrieder monéiert. A well ee „manéierlech“ ass, encouragéiert ee säi Géigeniwwer déi universell unerkannten Onscholdsvermuddung an aner Rechtsprinzipien unzewennen, an d‘Rechtsprinzipien am Aklang mat der europäescher Konventioun vun de Mënscherechter an der Jurisprudenz vum EU-Mënscherechtsgeriicht, anzehalen.

D‘Roll vun der Tierkei a Syrien

Wéi et heescht, wier et am Kader vun de Gespréicher och méiglech gewiescht, sech en Iwwerbléck op d‘Aktualitéit vun der regionaler Politik ze erlaben. Ugeschwat ginn ass hei, den ugekënnegte Réckzuch vun den US-Zaldoten, a wéi eng Konsequenzen op d‘Regioun huet. De Jean Asselborn huet dem NATO-Partner Bäistand verséchert, fir en Enn vun der Gewalt a Syrien erbäizeféieren, den Terrorismus ze bekämpfen, d‘Stabilitéit ze fërderen an eng Léisung zum Konflikt ze fannen.

Grad ewéi d‘Amerikaner, huet och eisen Ausseminister senge Gespréichspartner, seng Bedenken am Kontext vun enger unilateraler Militäroperatioun am Nordoste vu Syrien misse virdroen. Eng kloer Aktioun mam Zil d‘Kurdemiliz YPG ze verjoen oder noutfalls „auszeläschen“, géif vum Kampf géint den Islamesche Staat (IS) oflenken, a riskéieren d‘Géigend nach méi ze destabiliséieren. De Jean Asselborn hält d‘Situatioun fir komplex genuch, datt ee net oniwwerluecht handele sollt.

„Syrien huet schonn ze vill Militäroperatiounen iwwert sech ergoe gelooss, an eng Léisung an dësem Konflikt kann nëmmen diplomatesch erbäigefouert ginn“, esou de Jean Asselborn. Haut begëtt sech eisen Ausseminister an d‘Stied Gaziantep a Kilis un der syrescher Grenz. Hei soll hien de lokalen Autoritéite begéinen, sech verschidde Projeten déi fir syresch Refugiéeë lancéiert, a vu Lëtzebuerg matfinanzéiert goufen, ukucken. Esou kann hie sech op der Plaz e Bild maachen…

Foto: De lëtzebuergeschen Ausseminister, Jean Asselborn, mat sengem Homolog a Frënd, Mevlüt Cavusoglu zu Ankara. © MAEE

Ähnlech Sujeten Ankara, Flüchtlingen, Handelsbezéiungen, Jean Asselborn, Kurdemiliz YPG, Mënscherechter, Mevlüt Cavusoglu, Syrien, Tierkei
Nächsten Artikel Virrechten Artikel