Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

ArcelorMittal: Den Duo Schneider-Biancalana wëll de Standuert Diddeleng net opginn
International Neiegkeeten Stories

ArcelorMittal: Den Duo Schneider-Biancalana wëll de Standuert Diddeleng net opginn

Den 13. Abrëll hat de Stolgigant ArcelorMittal bekannt ginn, datt

Eng Gewerkschaft fir d‘Fraen
International Neiegkeeten Stories

Eng Gewerkschaft fir d‘Fraen

MODERN, INCLUSIV, TEAMORIENTÉIERT, SOLIDARESCH, FEMINISTESCH; dat ass de Motto vum

D’N5 kritt en neie Stroossebelag (Aarbechten vum 4.-6.07.2020)
International Neiegkeeten Stories

D’N5 kritt en neie Stroossebelag (Aarbechten vum 4.-6.07.2020)

D’Stroossebauverwaltung informéiert, datt de Stroossebelag vun der N5 (Route de

Vu Mënscherechter a Rechtsstaatlechkeet

D‘Tierkei huet de Flüchtlingspakt mat der EU denoncéiert wat zu Gewalt a Chaos un der tierkesch-griichescher Grenz gefouert huet: wat ass erlaabt? verstéisst Athen géint Gesetzer? gëtt d‘Asylrecht respektéiert? Zäit Äntwerten ze ginn.

Vu Mënscherechter a Rechtsstaatlechkeet

Nodeems déi tierkesch Invasiounstruppen an der nordsyrescher Provënz „Verloschter“ hu missen hinhuelen an dem Sultan seng wirtschafts- a militäresch Partner säin Ugrëffskrich net stäipen, huet hien dee mat der EU beschlosse Flüchtlingspakt ad acta geluecht. De Flüchtlingen an der Tierkei huet hie gesot datt d‘Grenzen elo op sinn, an déi sinn zu Dausenden un d‘Grenziwwergäng gezunn.

D‘Migranten oder d‘Flüchtlinge ginn esou zum Spillball vun der Politik. Während de Recep Tayyip Erdogan dës Mënschen zum „Marsch op Europa“ ermontert huet, a sech mam bulgaresche Ministerpresident schéngt „verstännegt“ ze hunn, muss sech Griicheland dem Ustuerm erwieren, wat natierlech zu onschéinen Zeene féiert. E Fait deen esou vun Ankara premeditéiert ginn ass.

MënscherechterHei soll eendeiteg d‘Unioun an ee schlecht Liicht geréckelt ginn. Eng u sech simpel Operatioun, déi den Osmanen nëmme gelénge kann, wëll déi europäesch Unioun a sech esou zerstridden ass, datt „Géigemoossnamen“ éiweg brauche bis se effektiv ginn. Während sech déi politesch Acteuren zu Bréissel drop konzentréiere perséinlech Interessen duerchzesetzen, gëtt un de Grenze gestuerwen.

Ausnamesituatioun erzwéngt Moossnamen

Dës „Eskalatioun“ un den Diere vun der „Fortress Europe“ werft elo awer och eng ganz Rei u Rechtsfroen op: Hält sech Griicheland nach un internationaalt an europäescht Recht? Eng Fro, déi net emol d‘EU-Bannekommissärin Ylva Johansson mat Sécherheet beäntwerte kann. Si huet gëschter gemengt, datt een Athen nëmmen derzou opruffe kann, geltend Recht ze respektéieren.

MënscherechterEt muss ee feststellen, datt ugesiichts dem Drock, deem déi griichesch Autoritéiten hei ausgesat goufen an dem Fait datt déi europäesch Grenzschutzagentur „Frontex“ – déi zwar séier versprach huet anzegräifen – einfach net déi personell Ressource huet, et zwangsleefeg zum Verstouss géint déi europäesch Asylpolitik komme muss. Mee net all Mesure verstousse géint bestoend Gesetzer.

Grondsätzlech Froen an Äntwerten

Dierf Athen d‘Schléissung vu senge Grenzen unuerdnen? Ganz kloer: Jo! Heibäi geet schliisslech ëm déi staatlech Souveränitéit. Entspriechend internationalen Ofkommen (UNO) soll awer op den Asaz vu Gewalt verzicht ginn an et muss och dofir Suerg gedroe ginn, datt déi agereechten Asyl-Demanden och de Regelen entspriechend behandelt ginn.

Ka Griicheland Asyl-Demande refuséieren? Dës Fro beäntwert schonn déi europäesch „Dublin III“ Veruerdnung vum Juni 2013. Doranner heescht et: „D‘Memberlänner préiwen all Demande op internationale Schutz, den eng Persoun aus Drëttstaaten oder Staatelos un der Grenz oder an Transitzone stellt“. Eigentlech kann u Grenziwwergäng ëmmer an Antrag stellen, wat natierlech onméiglech gëtt, wann d‘Grenz verschloss ass.

MënscherechterWéi verhält et sech bei deenen déi nach net iwwert d‘Grenz komm sinn? Bezitt ee sech strikt op d‘Recht eng Demande fir Asyl kënnen anzereechen, da géif dat zwangsleefeg derzou féieren, datt all d‘Flüchtlingen sech un d‘Grenz beginn an do d‘Recht hätten hiren Antrag ze stellen. Et ass awer evident, datt hei déi rechtlech Grondlagen un politesch Grenze stoussen.

Kann een d‘Migranten/d‘Flüchtlingen déi et iwwert d‘Grenz gepackt hunn zréckschécken? Laut de bestoenden Accorden tëscht der EU an der Tierkei, gëllt d‘Tierkei als sécheren Drëttstaat. Wann also e Mënsch an der Tierkei formell Asyl erhalen huet, entfält den Usproch op Schutz an der EU.

Mussen d‘Demande vun de griicheschen Autoritéite virdru gepréift ginn? Theoretesch ass deem esou, an déi griichesch Geriichter hunn an de leschte Jore widderholl anescht entscheet an drop higewisen, datt d‘Tierkei „kee séchere Staat“ ass. Datt den europäesche Mënscherechtsgeriichtshaff (ECHR) Spuenien rezent Recht ginn huet, nodeems Madrid zwee Migranten aus senger Exklav Melilla zréck a Marokko geschéckt hat, mécht dat ganzt nach eppes méi komplizéiert. Follegt een der Argumentatioun vum ECHR, dierften d‘Länner dann Demandeuren zréckschécken, wann et un der Grenz eng Méiglechkeet ginn huet, säin Antrag anzereechen.

MënscherechterAthen wëll déi ofgewisen Demandeuren an hir Hierkonftslänner zeréckschécken, wann d‘Tierkei se net zréckhëlt. Geet dat? Nom europäeschen Asylrecht, ass dës Optioun u Konditioune gebonnen, firwat eigentlech all Fall eenzel misst gepréift ginn. No internat6ionalem Recht ass et allerdéngs verbueden, Mënschen a Länner auszeweisen, wou Gefor fir Leif a Liewe besteet.

Ka Griicheland d‘Migranten/d‘Flüchtlingen internéieren? Mënschen aspäre just well si no Asyl gefrot hunn geet guer net. Woubäi et natierlech vill aner Begrënnunge ka ginn: Aggressioun, ass esou eng. Wie beispillsweis mat Steng op d‘Grenzbeamte lassgeet oder sech gewaltsam Zoutrëtt verschaaft mécht sech Strofbar. Datt déi griichesch Autoritéiten elo bei dësem Ustuerm net wierklech an der Lag sinn sech un „Standarden“ ze halen, misst awer och aliichten.

Foto: D‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen, den EU-Rotspresident Charles Michel an de griichesche Premierminister Kyriakos Mitsotakis sinn sech an engem zentrale Punkt eens: dat wat sech den Ament un de griichescher Grenz ofspillt, ass keng Flüchtlingskris. Hei ka vun engem tierkesche Versuch, d‘Unioun ze destabiliséieren, geschwat ginn. © Office of the Prime Minister

Ähnlech Sujeten Asylpolitik, Europa, Flüchtlingen, Flüchtlingspakt, Griicheland, Mënscherechter, Migratioun, Rechtstaatlechkeet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel