Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De schwaache Versuch zum Glyphosat e Kompromëss ze fannen
Neiegkeeten

De schwaache Versuch zum Glyphosat e Kompromëss ze fannen

Et ass vun der EU-Kommissioun alles dru gesat ginn, d’Notzung

Editorial: d‘Relativitéit vun der Konsequenz
Neiegkeeten

Editorial: d‘Relativitéit vun der Konsequenz

De Buergermeeschter vun Déifferdeng huet sech eng zolidd Gaffe geleescht,

Ibiza-Video: War et en Affekot?
Neiegkeeten

Ibiza-Video: War et en Affekot?

Wien – An der Affaire ëm e „schmuddelege“ Video, wou

Mënscherechtskommissioun mat der Äntwert vum Minister onzefridden

No der Reaktioun vum Jean Asselborn leet de CCDH nach eng Schëpp no

Mënscherechtskommissioun mat der Äntwert vum Minister onzefridden

No der Verëffentlechung vum Rapport, an deem d‘Opnamekonditioune vun den Demandeuren a Beneficiaire vum internationale Schutz kritiséiert goufen, hat den Ausseminister Jean Asselborn (LSAP) Positioun ergraff, fir op e puer Virwërf vun der Mënschrechtskommissioun ze reagéieren.

Enn leschter Woch war et dann nees un der consultativer Mënscherechtskommissioun, op dem Minister seng Stellungnam ze reagéieren. Si hunn dat fir néideg empfonnt, well d‘Äntwert vum Jean Asselborn hinne keng Satisfaktioun ginn huet. Et wiere falsch Informatiounen iwwermëttelt ginn, an och u Präzisioune géif et haperen. Dat konnt een natierlech esou net am Raum stoe loossen.

Säitens der CCDH betount, datt déi medezinesch Ënnersichunge fir den Alter vu Persounen ze bestëmmen diskriminéierend an onmënschlech sinn. Besonnesch d‘Betruechtung vun de Genitalie gëtt reegelméisseg op nationalem, europäeschen an internationalem Niveau kritiséiert. D‘CCDH stellt fest, datt entgéint der Behaaptung vum Minister, d‘Fiabilitéit heivunner a Fro gestallt gëtt.

Allgemeng wier ee sech eens doriwwer, datt esou e medezineschen Akt als „intrusiv“ ze bezeechnen ass. Dat egal op déi ënnersichte Persoun erwuessen oder mannerjäreg ass. Esou eng Moossnam géif zudeem de Risk mat sech bréngen, datt besonnesch vulnerabel Mënschen duerch d‘Ënnersichung kéinten traumatiséiert ginn. Dofir besteet d‘CCDH op eng adaptéiert Prozedur fir Mannerjäreger.

Et ass e sech allerdéngs och bei der CCDH eens doriwwer, datt et net ka sinn, datt Erwuessener mat Mannerjäregen an enger Opfaangstruktur zesummegefouert ginn. Dat verhënnert net, datt d‘CCDH dem Jean Asselborn a sengem Ministère de virgehäit, datt déi medezinesch Ënnersichung esou guer net op fräiwëlleger Basis stattfënnt, well de Refus en Afloss op den Dossier vum Demandeur huet.

Datt sech ni en „echte“ Mannerjäregen Demandeur fir internationale Schutz enger Ënnersichung vun de Genitalien huet missen ënnerwerfen, géif och net stëmmen. D‘CCDH bezitt dës Ausso op en Uerteel vum Verwaltungsgeriicht aus dem Juni vun dësem Joer, wou sech um Enn erausgestallt huet datt déi „betraffe Persoun“ tatsächlech mannerjäreg war. Dat ass allerdéngs en Eenzelfall…

Ageschränkten Autonomie

Bedauert gëtt zudeem, datt et keng transparent a kloer Prozedur gëtt, wat déi ominéis „Akafsbonge“ betrëfft, déi fir Hygiènesartikel, Gesondheetsausgaben an Kannersaachen ausgestallt ginn, fir déi ongenügend monatlech Zouwendung opzebesseren. Dat géif derzou féieren, datt déi betraffe Leit an eng „Ofhängegkeet“ geroden, déi näischt anescht bedeit, wéi de Verloscht vun der Autonomie.

Déi consultativ Mënscherechtskommissioun fuerdert hei vum Minister, iwwer Méiglechkeeten nozedenken, déi et géifen erméiglechen, datt d‘Beneficiaire vum Internationale Schutz an/oder Asyl, iwwer eege finanziell Mëttel ze verfügen. Et wier raisonnabel dëse Mënsche Verantwortung zouzetrauen, et géif zu méi Autonomie bäidroen an d‘Chancen op Integratioun verbesseren.

Wat den Hebergement betrëfft, esou weess een och bei der CCDH, datt et Ëmstänn gëtt, déi esou en Transfert noutwenneg maachen. Et gëtt zudeem begréisst, datt d‘Eenheet vun der Famill an d‘Wuel vum Kand bei all Entscheedung berécksiichtegt ginn. Dat alles dierf dann awer net verhënneren, datt eng verständlech Informatioun gëtt an d‘Bedeelegung vun de Betraffenen abegraff soll sinn.

D‘CCDH weist an dësem Kontext drop hin, datt dës Problematik esou och scho vum Ombudsman an dem Ombudscomité fir d‘Rechter vum Kand (ORK) opgeworf ginn ass. Do hätt een eigentlech scho kënne Moossnamen erwaarden. Et gëtt dann och monéiert, datt d‘Hausuerdnung an diverse Foyeren ze strikt sinn, wat zur Isolatioun vun de Mënschen déi do liewe bäidréit.

Hei géif een de Mënschen hir fundamental Rechter entzéien, wat inakzeptabel ass. All Agrëff an déi perséinlech Rechter misste gutt iwwerluecht, a vu Fall zu Fall gesënnert behandelt ginn. Woubäi et net geséchert ass, op den CCDH generell agesäit, datt et Ëmstänn ka ginn, déi esou Moossnamen noutwenneg maachen. Richteg ass, datt déi Mënsche musse begleet an net drangsaléiert ginn.

Wat d‘erkenne vu „ufällege“ Mënsche betrëfft, esou géif ee begréissen, datt hei mat ONGen zesummegeschafft gëtt. De CCDH stellt awer a Fro, datt déi vum Ministère virgesinne Prozeduren och effikass sinn. Bedauert gëtt beispillsweis, datt d‘Demande vu Betraffenen, déi eng medezinesch Feststellung vu physescher a psychescher Folter ufroen, net berécksiichtegt ginn.

De CCDH ass sech awer och der Komplexitéit vum Ëmgang mat den Demandeure fir internationale Schutz bewosst. Si erhoffen sech, datt mat der Äntwert op dem Jean Asselborn seng Stellungnam, et zu enger konstruktiver Verbesserung vun den Opnamekonditioune fir dës Mënsche kënnt. Erhofft gëtt sech zudeem, datt d‘Integratioun vun dëse Mënsche besser begleet gëtt…

Ähnlech Sujeten Ausseministère, CCDH, Internationale Schutz, Jean Asselborn, Mënscherechtskommissioun, Ombudsman
Nächsten Artikel Virrechten Artikel