Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Reamenagement vum Boulevard Franklin D. Roosevelt (25.-27.07.2020)
International Neiegkeeten

Reamenagement vum Boulevard Franklin D. Roosevelt (25.-27.07.2020)

D’Stad Lëtzebuerg an d’Stroossebauverwaltung informéiert, datt am Kader vum Reamenagement

LSAP an déi Konservativ – Vu Roserei, iwwert Enttäuschung bis Freed war alles dobäi
International Neiegkeeten

LSAP an déi Konservativ – Vu Roserei, iwwert Enttäuschung bis Freed war alles dobäi

Et sinn zwou Parteien, déi sech an hire Wäerter an

Holland: Mann deelt Mësshandlung vu Kand op Facebook
International Neiegkeeten

Holland: Mann deelt Mësshandlung vu Kand op Facebook

Ee Mann aus der hollännescher Stad Leiden soll ee Kand

Mënschlech Fracht am Camionsunhänger entdeckt

Mënschlech Fracht am Camionsunhänger entdeckt

Bei enger Verkéierskontroll am Süde vu Frankräich hunn d‘Autoritéiten iwwer 30 Pakistaner aus engem Camionsunhänger erausgeholl. Laut dem Procureur vu Nice, sinn d‘Flüchtlinge bei enger Routinekontroll um Peage vu „La Turbie“ bei der italienescher Grenz entdeckt ginn.

De Chauffer – deen aus dem Pakistan staamt – ass festgeholl ginn an seng „Passagéier“, ënnert deenen sech dräi jugendlecher befannen, sinn den italieneschen Autoritéiten iwwerstallt ginn. Laut dem Procureur sollen Ermëttler elo préiwen, ab sech e Netzwierk vu Passeuren hannert dësem Fall verstoppt an wien de méiglechen Optraggeber ass.

Sollt et kee Netzwierk an keen Optraggeber ginn, da gesäit et schlecht aus fir de Chauffer. Dee géif dann direkt engem Strofriichter virgefouert an wéinst „Bäihëllef zur illegaler Awanderung“ ugeklot ginn. Den „Transport“ vun illegale Migranten an/oder Flüchtlinge per Camion verleeft awer net ëmmer esou „glécklech“.

Esou hat eréischt viru kuerzem esou en „Transport“ zum Dout vun 39 Mënsche gefouert. An engem Killunhänger hat d‘Police vun Essex d‘Läiche vun 31 Männer an 8 Frae fonnt. An engem éischten Ament war ugeholl ginn, et kéinte chinesesch Staatsbierger sinn. De leschten Erkenntnisser no awer soll et sech bei den Doudegen ëm Vietnamesen handelen.

An der Nuecht vum 29. op den 30. Oktober hat ee Camionschauffer, deen Uebst a Geméis a sengem Killunhänger gelueden hat, d‘Police geruff well hien de Verdacht hat, datt sech méiglecherweis Leit a sengem Unhänger verstoppen. D‘Police huet de Camion op der Autobunn E34 op der Héicht vun Oud-Tournhout kontrolléiert a 12 erwuesse Männer aus dem Unhänger gezunn.

Bei dësen handelt et sech ëm 11 Syrer an engem Bierger aus dem Sudan. D‘Spriecherin vun der Police huet bestätegt, datt déi 12 (illegal) Migranten/Flüchtlinge bei gudder Gesondheet waren. Si sinn uschléissend un déi kompetent Autoritéite weidergeleet ginn…

A schonn de 26. Oktober hat déi Belsch Police 9 Iraker an engem Camion zu Bruges opfonnt, 11 weiderer waren an engem Camion zu Saint-Trond verstoppt. Esouwäit et bis ewell gewosst ass, hätten dës Migranten als „Zil“ Groussbritannien uginn. De Grond firwat d‘Migranten sech fir Killunhänger entscheeden? Si si gutt isoléiert an et kann een se och mam Scanner kaum gesinn.

mat indymedia/mrs

Foto: Envato

Ähnlech Sujeten Camionsunhänger, Flüchtlingen, Illegal Migratioun, Migranten
Nächsten Artikel Virrechten Artikel