Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Teheran net méi dem Atomofkommes verflicht?
phone swap dating show charlie indian bride matchmaking

persuasive essay about dating

Am Sträit tëscht den USA an dem Iran, gëtt sech

sims 3 university life dating
phone swap dating show charlie indian bride matchmaking

Selbstbestëmmung ass kee Verbriechen!

De Prozess deen d‘Regierung zu Madrid géint déi katalanesch Separatiste

money
Berlin a Paräis no drun um Accord fir d‘Reform vun der Eurozon
phone swap dating show charlie indian bride matchmaking

Berlin a Paräis no drun um Accord fir d‘Reform vun der Eurozon

No méintelaangen Ausenanersetzungen, si Berlin a Paräis mëttlerweil ganz no

Mercosur-Ofkommes: EU-Agrar-Sektor schounen

Mercosur-Ofkommes: EU-Agrar-Sektor schounen

D’EU an d‘Mercosur-Länner (Brasilien, Paraguay, Uruguay an Argentinien) si sech politesch eens fir déi gréisste Fräihandelszon vun der Welt ze schafen.

D’ADR deelt d’Suerge vun de Lëtzebuerger Bauere-Verbänn a weist an Deeler dëst Fräihandelsofkommes däitlech zeréck. D’ADR hätt op alle Fall gär eng transparent Verhandlungsféierung mat Méiglechkeete fir op nationalem Plang Afloss ze huelen. Esou en Accord muss och integral vun alle nationale Parlamenter vun der EU ratifizéiert ginn an net just vum Europaparlament.

D’Suerge gëlle besonnesch der Landwirtschaft:

  • De Mercosur-Raum huet vill manner Oplage bei Ëmwelt, Klima an am Sozialberäich a kann doduerch méi bëlleg produzéieren.
  • Mercosur-Staate si méi liberal bei der Gentechnik a beim Planzeschutz an och beim Asaz vun Antibiotika, déi bei eis scho laang net méi erlaabt sinn oder et nach ni waren. D’Gesondheet vum Konsument an d’Kompetitivitéit vun eisem Agrarsektor musse berécksiichtegt ginn, well d‘Produkter aus de Mercosur-Staaten ginn ënner däitlech méi niddregen ökologeschen, gesondheetlechen a soziale Standarde produzéiert. Mir kënnen net an der EU de Glyphosat verbidden an all Dieren opmaachen, fir Wueren aus Länner, wou massiv gesprëtzt gëtt.
  • D’Bëllegimporter wäerten den europäesche Maart zolidd duerchernee bréngen. Eis Bauere wäerten, an elo scho schwieregen Zäiten, duerch dës Bëllegkonkurrenz manner Sue fir hir landwirtschaftlech Produkter kréien, wat d’Betriber zousätzlech ënner Drock setzt.
  • D’Gaucho-Romantik ass am Mercosur scho laang passé. Hei gëtt eng intensiv industriell Agrarproduktioun bedriwwen: Eleng Brasilien huet dëst Joer schonn 33 Pestiziden zougelooss hu, déi an der EU net erlaabt sinn. Am Amazonas-Gebitt sinn iwwerdeems nei Rekord-Ofholzunge verzeechent ginn. An d’Ranner an Argentinien lafe scho laang net méi op der Weed mee ginn en Masse mat Methode gezillt, déi an Europa an zu Lëtzebuerg scho laang verbuede sinn.

D’ADR ënnerstëtzt d’Fuerderung vun de Baueren datt d’Lëtzebuerger Regierung, a besonnesch den Ausseminister Jean Asselborn sech asetzt fir déi europäesch Standarde fir Landwirtschaft a Liewensmëttel ze schützen an d’Ofkommes kloer zeréckzeweisen.

D’Landwirtschaft dierf net um Altor vun de Wirtschaftsintressie geaffert ginn. Et kann net sinn, datt d’Lëtzebuerger Betriber, déi sech u streng national an europäesch Normen hale mussen, internationaler Konkurrenz ausgesat sinn, déi dës ekologesch a sozial Contrainten net huet. Och hei muss e „Level Playingfield“ a Chancëgläichheet gëllen.

Matgedeelt vun der ADR
Opmaacherbild: Ricardo Stuckert/PR

Ähnlech Sujeten adr, Bauer, Fräihandel, Mercosur-Ofkommes
Nächsten Artikel Virrechten Artikel