Search

You may also like

Brexit: EU-Membere ginn der „Scheedung“ gréng Luucht
International Neiegkeeten

Brexit: EU-Membere ginn der „Scheedung“ gréng Luucht

E Méindeg hunn déi 27 Länner vun der Unioun –

#VakanzDoheem – Faszinatioun Kallektuffquell am Mëllerdall
International Neiegkeeten

#VakanzDoheem – Faszinatioun Kallektuffquell am Mëllerdall

Mir hate gëschter e lëschtege Familljendag – mä wat soll een an

Editorial: Lëtz make it happen!
International Neiegkeeten

Editorial: Lëtz make it happen!

Datt den Etat de Kris wéi och deen domadder verbonnene

Mercosur-Ofkommes scheitert un Éisträich

Am Nationalrot hunn d‘Deputéiert sech géint den Deal tëscht der EU an dem südamerikanesche Staatebond entscheet

Mercosur-Ofkommes scheitert un Éisträich

Et gëtt méi europäesch Politiker déi den Ament kee gutt A op d‘Fräihandelsofkommes mat de Mercosur-Staaten, an awer hat sech dat eleite keen erwaart. Wéi et ausgesäit wäert de „Pakt“ um Widderstand vun den Éisträicher scheiteren.

Den EU-Ënnerausschoss am Nationalrot huet géint d‘Ofkommes gestëmmt, firwat d‘Regierung elo genéidegt ass zu Bréissel géint den Accord ze stëmmen. Also ass d‘Ofkommes gescheitert, well alles am EU-Rot muss eestëmmeg ugeholl ginn. De Vott am Nationalrot ass awer verflichtend…

Zanter zwee Joerzéngte sicht déi europäesch Unioun mam südamerikanesche Staatebond no engem Fräihandelsaccord, an eigentlech hat et am Juli en Duerchbroch ginn. Mam Ofkommes sollt déi weltwäit gréisste Fräihandelszon geschafe ginn, déi den EU-Entreprise bis zu 4 Milliarden Euro un Douanestaxe sollt erspueren an den Export nees sollt beliewen.

D‘Ofholzen, d‘Bränn am Amazonasgebitt an déi politesch radikal Ausriichtung vum brasilianesche President Jair Bolsonaro hunn d‘Ofkommes awer a Fro gestallt. De Lëtzebuerger Premier, Xavier Bettel, hat beim Briefing vum Regierungsrot (7. September) scho gemengt, datt den Accord fir eis op Äis geluecht wier. Zumindest esoulaang wéi Brasilien sech net un d‘Paräisser Ofkommes hält.

Och vun den Oppositiounsparteien (ADR / déi lénk) war den Accord „bemängelt“ ginn. Bei eisen däitschen Nopere sinn et d‘Sozialisten (SPD) an déi gréng (déi Grünen) déi sech géint den Accord gestäipt hunn. Zu Biarritz hate beim G7-Sommet Frankräich an Irland schonn domatter gedreet e Veto anzeleeën.

mat indymedia/vie

Related topics Éisträich, EU, Fräihandelsaccord, Mercosur, Mercosur-Ofkommes, Nationalrot
Next post Previous post