Search

You may also like

OPGEPASST: E. Coli Bakterien am Kéis vum Match!
Kultur Neiegkeeten

OPGEPASST: E. Coli Bakterien am Kéis vum Match!

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet informéieren doriwwer, datt a verschiddene

Den ëffentlechen Defizit an der EU ass réckleefeg
Kultur Neiegkeeten

Den ëffentlechen Defizit an der EU ass réckleefeg

Den ëffentlechen Defizit huet sech an der EU iwwert déi

Friddens- a Solidaritéitsplattform: Klimaschutz braucht Ofrëschtung!
Kultur Neiegkeeten

Friddens- a Solidaritéitsplattform: Klimaschutz braucht Ofrëschtung!

D’Friddens- a Solidaritéitsplattform Lëtzebuerg rifft de 27. September um 15:00

MERG – Di WOUER Geschicht vun engem GI am Zweete Weltkrich

Senger altruistescher Dot voller Heldemutt an engem Duerf, dat si an hien nimools vergiess huet

MERG – Di WOUER Geschicht vun engem GI am Zweete Weltkrich

Hie war jonk, attraktiv, sportlech an och nach intelligent: Den George Mergenthaler, dee vu senge Frënn och „Merg“ genannt ginn ass, hat eng erfollegräich Zukunft viru sech. Mam Krich sinn d’Dreem allerdéngs wéi Seefeblosen zerplatzt. An dëser donkeler Zäit konnt de jonke Mann e Stéck Normalitéit an der klenger Lëtzebuerger Uertschaft Eeschweller fannen. Mat neier Energie huet hie schliisslech am Kampf géint de Feind bewisen, wat fir een aussergewéinleche Mënsch hien ass.

Nom Ugrëff op Pearl Harbour huet de Merg sech als ee vu ville fräiwëlleg bei der Arméi gemellt, fir der Welt en Déngscht z’erweisen, a fir Fridden a Fräiheet ze kämpfen. Am Opklärungstrupp vun der 28ter Infanterie-Divisioun goung et fir hien duerch Frankräich, iwwert d’Belsch a schliisslech och op Lëtzebuerg.

Merg

(v.l.n.r.) Den Herman an den George um Campus vun der Princeton Universitéit, 1943 (fotograféiert vum Alice Mergenthaler) © Mergenthaler Familljekollektioun; Dem George seng Foto am Princeton Joerbuch, 1943 © Mergenthaler Familljekollektioun (Koloréierung: Marina Amaral); Den George am Gaart vum Mergenthaler-Haus zu Rye, NY, September 1943. Fotograféiert vu senger Mamm © Mergenthaler Familljekollektioun

Gezeechent a ramponéiert duerch d’Gefechter am Hürtgenwald, déi sech iwwert 2 Woche gestreckt hunn, krut den Trupp déi erbäigewënscht Auszäit am Weste vu Lëtzebuerg. An der Uertschaft Eeschwëller koum et awer zu méi wéi just enger einfacher Paus: Séier hunn d’Zaldote sech mat den Duerfleit ugefrënnt, zesumme giess a gedronk, gepotert, Dreem gedeelt an e Stéck Normalitéit genoss. Mat super Däitsch- a Franséisch-Kenntnisser ass et dem Merg besonnesch liicht gefall, sech z’integréieren.

Merg

Den 28. Kavallerie Opklärungstrupp beim Pen y Coed Haus zu Wales, Mäerz 1944
Den George Mergenthaler ass dee leschten Zaldot riets an der leschter Rei) © National Archives

Vun Dauer war d’Rou net. Mam Iwwerraschungsugrëff vun den Däitschen iwwert d’Ardennen huet de sougenannte Battle of the Bulge ugefaangen. Dat klengt Land Lëtzebuerg war kuerz virdrun iwwerrannt ze ginn. Fir den Opklärungstrupp huet dat geheescht, sech op en Neits zeréck an de Kampf ze woen.

Dobäi sinn si direkt an d’Truppespëtzt vun den Däitsche gerannt. Tëscht Gefaangeschaft an Dout war net vill Sputt. A grad an dëser uerger Situatioun konnt de Merg beweisen, datt Grousses an him stécht.

Merg

Déi lescht Opnam vum George Mergenthal © LaFond Familljekollektioun

Méi wéi eng Erënnerung vun d’Vergaangenheet

An dësem Kader ënnersträicht de Premier Xavier Bettel: „Den George Mergenthaler seng Liewensgeschicht ass vu grousser Mënschlechkeet a Verbonnenheet gepräägt. Enn 1944 sinn de „Merg“ an seng amerikanesch Kolleege ganz séier zu engem feste Bestandeel vun der Uertschaft Eeschwëller ginn, éier hien säi Liewe fir eis Heemecht verluer huet. Dëst Beispill vun enger déiwer amerikanesch-lëtzebuergescher Frëndschaft soll eis och 75 Joer nom Enn vum Zweete Weltkrich als Virbild vun Zesummenhalt, Komerodschaft a Solidaritéit déngen.“

Dem Peter Lion säi Wierk konnt duerch eng akribesch, déifgrënneg a laang Recherche zur vollstännegster a sachlechster Versioun vun dëser Geschicht ginn. Net nëmme konnt esou e Stéck Geschicht an Heemecht opgefaange ginn, mee och den Iwwerliewenden hiren Déngscht veréiwegt ginn.

Merg

De Peter Lion, Bestseller-Auteur, Fernsehproduzent a Regisseur © Peter Lion

D’Liewe vum Merg gouf festgehale vum Bestseller-Auteur Peter Lion. Duerch eng fantastesch Aarbecht als Fernsehproduzent a Regisseur konnt hie scho 7 Mol mam Emmy ausgezeechent ginn. Bekannt ass den talentéierten Amerikaner ënnert anerem duerch säin internationale Bijou „American St. Nick“. Iwwersat aus dem Engleschen an editéiert gouf d’Wierk vum Carole Soffiaturo.

Ab dem 1. August 2020 kënnt Dir „MERG – Di WOUER Geschicht vun engem GI am Zweete Weltkrich“ als physesch Versioun oder Ebook am Ernster wéi och op Amazon kafen.

ISBN: 9781734509526 (Täschebuch) – ISBN: 9781734509519 (E-Buch)

Related topics 28 Infanterie-Divisioun, Arméi, Buch, Carole Soffiaturo, Eeschweller, Eschweiler, Fräiheet, Fridden, George Mergenthal, Merg, MERG - Di WOUER Geschicht vun engem GI am Zweete Weltkrich, Opklärungstrupp, Pearl Harbor, Peter Lion, Zaldot, Zweete Weltkrich
Next post Previous post